Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Protester am Chile fuerderen aacht Doudeger
Neiegkeeten Sport

Protester am Chile fuerderen aacht Doudeger

Am Kontext vun der Protester an den Onrouen ass et

dislike
Nom Bluttbad vu Gaza verschäerft sech den Toun tëscht der Tierkei an Israel
Neiegkeeten Sport

Nom Bluttbad vu Gaza verschäerft sech den Toun tëscht der Tierkei an Israel

Um Donneschdeg ass den israeleschen Ambassadeur an der Tierkei gebiede

Bei neie Sanktioune kéint den Iran d‘Atomofkommes kënnegen
Neiegkeeten Sport

Bei neie Sanktioune kéint den Iran d‘Atomofkommes kënnegen

En Dënschdeg huet den Iran domadder gedréit, den Accord iwwert

Motorsport: Dem Dylan Pereira seng offiziell Saison start dëse Weekend

De Porsche Mobil1 Supercup passt sech un a start 2020 mat enger virtueller Editioun

Motorsport: Dem Dylan Pereira seng offiziell Saison start dëse Weekend

Dëse Weekend, start dem Dylan Pereira seng offiziell Saison 2020, mat der Porsche Mobil 1 Supercup „virtual edition“ un. Eng Competitioun um Simulator, déi dem Motorsport quasi duerch d‘Pandemie vum Coronavirus Covid19 opgezwonge gëtt.

Woubäi ee wësse sollt, datt virtuell Autoscourssen haut eng vun de groussen Tendenze sinn, och bei de Beruffspiloten. An esou bitt sech dëst virtuellt Championnat als eng flott Alternativ un, fir déi éischt Evenementer vum Porsche Mobil 1 Supercup ze ersetzen, déi aus de bekannte Grënn hu missen ofgesot ginn. Béi dëser virtueller awer trotz allem sportlecher Ausenanersetzung, handelt et sech ëm eng sonner Editioun, mat sengem eegene Klassement.

Dës garantéiert esou interessant wéi och Spannend Competitioun, besteet aus aacht Rennen, déi op véier Weekender festgeluecht ginn ass. Also eigentlech konform zu deem wat mir aus der „analoger“ Welt kennen. Am virtuelle Raum geet et bis Mëtt Mee, op de Circuite vu Barcelona, Silverstone, Spa-Francorchamps a Monza, drëms sech géint d‘Konkurrenz duerchzesetzen.

Et ass datt eng ganz flott Initiativ, besonnesch fir déi grouss Fangemeinschaft, déi dëse Marke-Cup sech iwwert Joren erschafft huet. Gutt et steet een net op der Pist a méiglecherweis feelt deem engen oder aneren eppes, woubäi et muss ee jo elo och emol kucke wéi sech dat Ganzt presentéiert. Geséchert schéngt dann awer, datt alles esou virbereet ginn ass, datt mir déi Emotiounen, déi de Porsche Mobil 1 Supercup bis ewell „liewe“ gelooss huet, erhale bleiwen.

Dylan

Zudeem ass et jo fir d‘Pilote wichteg, datt si weider fuere kënnen, wann och op eng fir eis ongewinnten Aart a Weis. A mir sollten dann och den Dylan Pereira bei dëse Courssen am virtuelle Raum ënnerstëtzen an him d‘Daumen drécken. An der „virtual Edition“ vum Porsche Mobil 1 Supercup, ass de Lëtzebuerger am Team BWT vu Lechner Racing an huet och hei als „Déngschtwon“ ee Porsche 911 GT3 Cup a seng Géigner sinn déi fir d‘Saison 2020 ugemellte Piloten.

Vergiesse mir dann hei och net drop hinzeweisen, datt dës Coursse ganz wichteg sinn, besonnesch wat de Reflex-Training betrëfft. Schliisslech mussen d‘Pilote jo awer méiglechst gutt op de Retour op déi „analog“ Piste virbereet sinn. An dem Dylan Pereira säin Zil ass et dann och, sech wéinstens ënnert den dräi éischten ze placéieren. Et herrscht Zouversiicht, seng Erwaardungen si realistesch an och dowéinst, géif hie sech op déi gréisstméiglech Ënnerstëtzung freeën.

Vu sengem „Management“ ass bestätegt ginn dann hie ganz gutt a Form ass, an eng vu senge beschte Phasen an der nach jonker Motorsport-Carrière hätt. D‘Moien-Redaktioun dréckt dësem sympathesche Kärel all déi zur Verfügung stoend Daumen, an erënnert drun, datt hien am Januar 2019 vum ACL, op en Neits zum beschte Lëtzebuerger Pilot gekréint gouf. Hien ass deen éischten, deem dësen Doublé bis ewell zougestane ginn ass. An dat ass absolut berechtegt.

Ähnlech Sujeten BWT Lechner Racing, Dylan Pereira, Motorsport, Porsche 911 GT3 Cup, Porsche Mobil 1 Supercup virtual edition
Nächsten Artikel Virrechten Artikel