Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europawahlen: Är Stëmm fir de Klimaschutz
Sport Stories

Europawahlen: Är Stëmm fir de Klimaschutz

E Sonndeg fannen d‘Wahle fir d‘Europaparlament statt. Op dësem Dag

Eis kleng Stied ze beliewen ass keng Klengegkeet
Sport Stories

Eis kleng Stied ze beliewen ass keng Klengegkeet

Wolz huet an der Läscht e richtege Publicity-Problem. Duerch de

Wéi gutt kenns du Beetebuerg?
Sport Stories

Wéi gutt kenns du Beetebuerg?

Beetebuerg kennt all Kand – ënnert anerem wéinst dem Mäerchepark.

Motorsport: Stock-Car Meeschterschaft gestart

Motorsport: Stock-Car Meeschterschaft gestart

Bei beschtem Wieder haten eng ronn 3.000 motorsportbegeeschtert Zuschauer de Wee op d’Rennstreck vun Alzeng fonnt. Se sollten dann och net enttäuscht ginn. Gekonnte Rennmanöver, zéi Dueller an ee sëllech Iwwerschléi hu fir uerdentlech Spektakel gesuergt. Woumat fir déi lëtzebuergesch Federatioun vum Stock-Car (FLSC) d’Saison 2017 esou gutt ugefaange huet, wéi laang net méi.

Déi éischt vu véier Rennveranstaltunge vun der neier Saison gouf vum „Tornado Team Hamm“ wéi gewinnt professionell organiséiert. An d’Stëmmung war bei scho bal summerlechem Wieder gutt. A véier Klassen ass gefuer ginn, all zu jee zwou Manchen an enger Finale. Domadder haten d’Fans vun dëser exotescher Motorsport-Aart gutt sechs Stonne Freed an esou vill viraus gesot, gelangweilt huet sech hei keen.

Den Dag huet allerdéngs mat enger net esou schéiner Nouvelle ugefaangen. Ee vun hire Beschten huet Si am Abrëll verlooss. De Jean „Stocki“ Stockreiser, laangjärege Streckeposte kuckt ewell aus dem Vidange-Ueleg-Himmel no. Et ass fir déi grouss Stock-Cars Famill ee grousse Verloscht, ee Lach, dat een net esou einfach stoppt. Mat enger Éireronn hu si dem Stocki de verdéngte Respekt erwisen.

 

Déi ganz Stock-Car Famill huet dem Jang „”Stocki“” Stockreiser geuecht – © moien.lu/MdL

Nei Ecurien a jonk Chauffeure mat Ambitiounen

Flott ze gesinn, zwou nei Equippen déi sech dem Stock-Car verschriwwen hunn. Mat de „Crazy Dogs“ vu Klierf an de „Steel Panthers“ stinn dann och fënnef weider Konkurrenten um Depart. Fir d’Steel Panthers war de Start an déi nei Saison awer éischter ee „kenneléieren“ wéi elo en erfollegräichen Dag. Obschonns de Luc Reuland sech a sengem Ausscheedungslaf mat enger Victoire virun den erfuerenen Hammer konnt weisen.

Net esou fir d’Ecurie aus dem „héije“ Norden. D’Crazy Dogs hu méi wéi nëmmen eng gutt Figur gemaach, se hunn einfach emol bewisen, datt wien gutt schafft och fir seng Aarbecht belount gëtt. Dat ënnersträicht dann och zerguttst de Marc Bollig, dee sech an der Kinneksklasse beim Final-Laf eng verdéngten zweet Plaz séchert. Esou motivéiert sollt d’Saison also nach fir deng eng oder aner Iwwerraschung gutt sinn.

Fir Opmierksamkeet huet och dee 15joer jonke Joé Pelletier gesuergt. Hien ass bei den Debutanten (bis 2.000ccm) mat engem knätschgréngen Toyota un de Start gaangen an huet einfach emol am éischte Laf senge Konkurrenten eng Lektioun ginn. Am zweete Laf hat hie kee Gléck, wat awer och engem zimlech ruppege verhale vum Géigner geschëlt ass. Wéi och ëmmer, dee Bouf dierf optimistesch an d’Saison blécken, Potential huet hien a fuere kann en och.

 

De Rookie vu 15joer, Joé Pelletier, huet alle gewisen dat hien et kann – © moien.lu/MdL

Al Huese vertrauen op d’Erfarung

D’Ecurie-Champion vun der Saison 2016, Tornado Team Hamm, konnt an alle Manche vun der Kinneksklass op mannst een Auto ënnert den dräi éischte placéieren. Anescht ausgedréckt, se hu schonns beim éischte vu véier Rennen uerdentlech Punkte gesammelt. D’Kenner vun der Zeen awer verwonnert dat manner. Dës Ecurie huet eng laang Traditioun a kann op erfollegräich Joerzéngten zréckblécken.

Net manner erfollegräich d’Ecurie SCC vu Kayl. Och schonn eng gutt Zäit derbäi hunn si de beschte Start an d’Saison gemaach. De Serge Pelletier konnt sech esou wuel a sengem Ausscheedungslaf wéi och an der Finale vun der Kinneksklass déi éischt Plaz kropen. Fir d’Usprëch vum Käler Stock-Car Club ze ënnersträichen, huet de Steve Denell an der klenger Klass (bis 2.000ccm) mat enger zweeter Plaz an der Ausscheedung an senger éischter Plaz an der Finale senger Ecurie al Éier gemaach.

Fir d’Rout Däiwele vun Diddeleng war dëse Päischtméindeg dann awer keen esou gelonge Start an d’Saison. Nëmmen de Sascha Wiesen huet sech mat senger éischter Plaz am Ausscheedungs-Laf dem Public weisen. Also net wierklech ee vun deenen Deeg déi an d’Veräins-Anale sollt agoen. Mee och d’Däiwelen hunn Erfahrung an et huet trotz allem och nom Renndag keen de Kapp hänke gelooss. Hir Supporter wëssen och, datt eng Saison ëmmer Iwwerraschunge bréngt an déi sinn schonn op der Hellenger Streck de 9. Juli net auszeschléissen.

 

De Romain Thill vun de „”Crazy Dogs”“ Klierf hat sech op de Réck gedréint, d’Streckeposten haten hien awer schnell nees op de Rieder – © moien.lu/MdL

Ee kuerze Bléck op déi „kleng“ Klassen

Ee ganz gudden Dag erwëscht, huet de Claude Schumacher vun de „Power Bulls“ deen sech am Eenzelklassement zu gudder lescht konnt géint déi gutt motivéiert Pilote vum Motor Sport Club Käl duerchsetzen. Fir déi Käler awer war den Dag absolut erfollegräich, si konnten sech als bescht Team presentéieren. Et muss allerdéngs dorops higewise ginn, datt an dëser klenger Klasse (bis 2.000cccm) sech och nëmmen zwou Ecurien géinteniwwer stinn. Geschenkt kritt awer keen eppes an et mécht esou och richteg Spaass hirem Geräibers op der Piste nozekucken.

Zu gudder lescht bleift dann nach op de nächste Renndag hinzeweisen. Dee fënnt statt zu Helleng a gëtt organiséiert vun den „Diables Rouges“ vun Diddeleng. Als klengen extra ass eng „Auto-Cross Show“ virgesinn. Esou sollt et derwäert sinn den 9. Juli am Kalenner unzekräizen. Aktuelles a soss Informatiounen zum Stock-Car fannt dir op Facebook oder op dem offizielle Site vun der FLSC

Kuckt och eis Galerie fir méi Fotos-Andréck

 

90Grad gedréit an scho gëtt et Punkten. Hei am Bild gräift de Fernand Gonderinger vum SSC Käl den David Wiesen vun den „Diables Rouges“ zolidd un – © moien.lu/MdL

D’Resultater am Detail

Ufänger (bis 2.000ccm)

Ausscheedungs-Laf 1

1. Plaz: 209 Joé PELLETIER (individuell), 35 Punkte

2. Plaz: 292 Jean-Gabriel NEMI (individuell), 25 Punkte

3. Plaz: 295 Andy MÜLLER (individuell), 13 Punkte

Ausscheedungs-Laf 2

1. Plaz: 208 Guy PELLETIER (Individuell), 38 Punkte

2. Plaz: 292 Jean-Gabriel NEMI (Individuell), 30 Punkte

3. Plaz: 209 Joé PELLETIER (Individuell), 21 Punkte

Finale

1. Plaz: 292 Jean-Gabriel NEMI (individuell), 42 Punkte

2. Plaz: 247 Joé MOCKEL (individuell), 36 Punkte

3. Plaz: 248 Joé RAUCHS (individuell), 33 Punkte

Ope Klasse (ouni Hubraumbegrenzung)

Ausscheedungs-Laf

1. Plaz: 709 Gilles PELLETIER (individuell), 46 Punkte

2. Plaz: 708 Yves FLAMMANG (individuell), 23 Punkte

3. Plaz: 774 Max PEPING (individuell), 19 Punkte

Finale

1. Plaz: 708 Yves FLAMMANG (individuell), 33 Punkte

2. Plaz: 774 Max PEPING (individuell), 22 Punkte

3. Plaz: 709 Jean-Luc GREISCHER (individuell), 19 Punkte

Kinneksklass (bis 2800ccm)

Ausscheedungs-Laf 1A

1. Plaz: 48 Luc PASTORET (Hamm), 35 Punkte

2. Plaz: 44 Jérémie VERONI (Hamm), 30 Punkte

3. Plaz: 3 Laurent RAUSCH (SCC Kayl), 25 Punkte

Ausscheedungs-Laf 1B

1. Plaz: 31 Luc REULAND (Steel Panthers), 38 Punkte

2. Plaz: 41 Chris REISER (Hamm), 32 Punkte

3. Plaz: 42 Patrick MISCHEL (Hamm), 26 Punkte

Ausscheedungs-Laf 2

1. Plaz: 10 Sascha WIESEN (Dudelange), 39 Punkte

2. Plaz: 40 Romain ASSELBORN (Hamm), 34 Punkte

3. Plaz: 47 Michel ASSELBORN (Hamm), 29 Punkte

Ausscheedungs-Laf 2B

1. Plaz: 5 Serge PELLETIER (SCC Kayl), 26 Punkte

2. Plaz: 31 Luc REULAND (Steel Panthers), 24 Punkte

3. Plaz: 46 Armand MULLER (Hamm), 24 Punkte

Finale

1. Plaz: 5 Serge PELLETIER (SCC Kayl), 52 Punkte

2. Plaz: 51 Marc BOLLIG (Crazy Dogs), 34 Punkte

3. Plaz: 48 Luc PASTORET (Hamm), 34 Punkte

Klasse 2 (bis 2000ccm)

Ausscheedungs-Laf 1

1. Plaz: 85 Claude SCHUMACHER (Power Bull’s), 47 Punkte

2. Plaz: 97 Steve DENELL (MSC Kayl), 31 Punkte

3. Plaz: 80 Marc BLAZICEK (Power Bull’s), 30 Punkte

Ausscheedungs-Laf 2

1. Plaz: 85 Claude SCHUMACHER (Power Bull’s), 34 Punkte

2. Plaz: 99 Patric DETAILLE (MSC Kayl), 32 Punkte

3. Plaz: 95 José ALVES (MSC Kayl), 30 Punkte

Finale

1. Plaz: 94 Gilbert DENELL (MSC Kayl 2), 31 Punkte

2. Plaz: 95 José ALVES (MSC Kayl), 27 Punkte

3. Plaz: 85 Claude SCHUMACHER (Power Bull’s), 24 Punkte

 

Ähnlech Sujeten Alzeng, Lëtzebuerg, Motorsport, Sport, Stock-Car
Nächsten Artikel Virrechten Artikel