Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Innovatioun, Entwécklung a Fuerschung geet eis alleguerten eppes un
Neiegkeeten

Innovatioun, Entwécklung a Fuerschung geet eis alleguerten eppes un

Um Dënschdeg Virmëtteg huet e gutt gefëllte Konferenzsall an der

Nei psychiatresch Struktur „De Park“ zu Ettelbréck ageweit
Neiegkeeten

Nei psychiatresch Struktur „De Park“ zu Ettelbréck ageweit

Et gëtt scho laang keng psychiatresch Institutioune méi, déi vun

Lëtzebuerger Bëscher: Just 13,4% weise keng Schiet op
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Bëscher: Just 13,4% weise keng Schiet op

Vergaangene Mëttwoch hunn d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an den Direkter vun

De Mount vum Bongert – Fir de kulturellen an natierlechen Ierwen

Den Natur- & Geopark Mëllerdall feiert seng Bongerten a lokal Produiten

De Mount vum Bongert – Fir de kulturellen an natierlechen Ierwen

Wien un d’Regioun Mëllerdall denkt, denkt meeschtens u fantastesch Fielslandschaften a geologesch wäertvoll Plazen. Charakteristesch Bestanddeeler vun der Regioun vum Natur- & Geopark Mëllerdall sinn doriwwer hinaus awer och d’Bongerten. Dës gehéieren zum kulturellen an natierlechen Ierwen, a prägen d’Regioun op villfälteg Weisen.

Dat héichwäertegt Uebst aus de Bongerte gëtt fir ënnerschiddlech Zwecker genotzt. Och haut nach vereedele lokal Produzenten d’Uebst aus de Bongerten zu leckeren a regionaltypesche Produite vun immens héijer Qualitéit (Äppeljust, Edelbränn, Äppelwäin, avm.).

Aus dësem Grond huet sech den Natur- & Geopark Mëllerdall dozou entschloss, ab dësem Joer de „Mount vum Bongert“, zesumme mat de Partnere vum Office Régional du Tourisme – Région Mullerthal – Petite Suisse Luxembourgeoise (ORT-MSPL), der Leader Regioun Mëllerdall, der Naturverwaltung ANF an der Mëllerdaller Produzenten Asbl z’organiséieren.

Dës fënnt vum 20. September bis de 25. Oktober statt a luet dozou an, d’Bongerte vum Mëllerdall aus de verschiddenste Perspektiven ze entdecken.

Mount vum Bongert

© Marc Mersch

Kulinaresch Highlights

Wärend dem „Mount vum Bongert“ bidde verschidde Restaurante vun der Regioun vum Natur- & Geopark Mëllerdall sougenannt Bongerten-Menüen un. Dat Besonnescht dorunner: D’Menüe gi just mat regionalem Uebst a vereedelten Uebstproduiten zoubereet.

Esou invitéiert zum Beispill de Carli’s Coffee zu Iechternach um 4. Oktober ob e Brunch mat Produiten aus de Bongerten an. Notzt d’Geleeënheet vun dësem kulinareschen Highlight fir am Kader vum Pappendag als Famill ze genéissen. Dobäi sollt ee fréizäiteg säin Dësch, entweder fir 10:30 oder 12:45 Auer reservéieren.

Och de Restaurant Heringer Millen wäert un der Aktioun deelhuelen a vum 21. bis den 25. Oktober mat sengem Bongerten-Menü fir de fruuchtege Genoss suergen.

Mount vum Bongert

© Raymond Clement

Zorten Drive-In

An Ärem Gaart steet e Bieren- oder Äppelbam, mee dir wësst net genau wéi eng Zort et ass? Da profitéiert wärend dem „Mount vum Bongert“ vum Zorten Drive-In vum Natur- & Geopark Mëllerdall. Alles wat Dir dofir maache musst ass, jeeweils 5 Friichte vum Bam ze sammelen an dës entweder den 3. Oktober tëscht 9 an 12 Auer bei Ramborn zu Born oder um 10. Oktober op der Parkplaz vun der Epicerie am Duer zu Schrondweiler laanscht ze bréngen. Op der Plaz ginn d’Äppel da gratis vun Experte bestëmmt.

Dës Bestëmmung vun der Zort ass souwuel fir Iech, wéi och fir den Natur- & Geopark Mëllerdall interessant, well soumat Informatiounen iwwert déi an der Regioun present Zorten an hir Standuerter gesammelt kënne ginn. Bis haut goufen an der Regioun schonn 138 verschidden Apelzorten identifizéiert.

Mount vum Bongert

© Anna Voelske

Pléck-Aktioun

Wie selwer keen Apelbam besëtzt, mee gäre bei der Recolte hëllefe wëll, ka sech un enger Pléck-Aktioun bedeelegen. Dës fënnt um 10. Oktober vun 9 bis 12 Auer zu Bech statt. Als Belounung dierfen d’Participanten en Deel vun de gepléckten Äppel fir z’iessen mat Heem huelen.

De Rescht Äppel gëtt zu Äppeljus weiderverschafft. All Participant kritt zousätzlech 3 Liter Äppeljus, soubal dëse fäerdeg ass. D’Participatioun ass gratis, umelle muss ee sech duerch déi begrenzt Plazen trotzdeem.

Léierbongerten

Net nëmme kulinaresch huet de „Mount vum Bongert“ eppes ze bidden. D’Naturparkschoul huet sech dem Thema aus pedagogescher Siicht ugeholl. Kanner ab 10 Joer kënnen de Léierbongert zu Rouspert besichen.

Hei befanne sech vum 28. September bis de 5. Oktober 8 fächeriwwergräifend Léierstatiounen an engem Bongert vum lokale Produzent Georges Schliltz. De Bongert befënnt sech an der Géigend vun der Maison Relais (10, rue Henri Tudor) zu Rouspert an ass déi ganz Woch fräi zougänglech.

Mount vum Bongert

© Marc Thiel

Genoss fir déi ganz Famill

Mam Fokus op regionalem Uebst gëtt bei der „Eppelpress“ Äppeljus aus Ären Äppel gepresst. Ab Mëtt September ginn Är Äppel hei gewäsch, gemuelen, gepresst a pasteuriséiert. Dobäi kënnen aus 100 kg Uebst ca. 65 Liter Jus gewonne ginn.

A praktesche Bag-in-Box-Verpakungen kënnt Dir dann de Jus mathuelen. Et gëtt just op Rendez-Vous geschafft.

Um 17. Oktober kréie Kanner zudeem d’Méiglechkeet zu Iechternach selwer aktiv beim Presse vun Äppeljus, oder besser gesot Viz, ze hëllefen. D’Umeldung ass sobligatoresch (info@naturpark-mellerdall.lu).

Traditiounsfester

Nieft den Aktivitéiten, déi vum Natur- & Geopark Mëllerdall ugebuede ginn, fannen och dëst Joer nees e puer regional Traditiounsfester an Zesummenhang mat de Bongerten statt. Esou beispillsweis d’Quetschefest zu Kruuchten um 19. an 20. September oder och dat traditionellt Vizfest mat Hobbymaart um 10. an 11. Oktober zu Iechternach.

Weider Detailer an de ganze Programm vum „Mount vum Bongert“ fannt Dir op www.naturpark-mellerdall.lu.

P.S.: An der Regioun verschaffe verschidde Brennereien, Keltereien, Cider- a Crémentsproduzenten, sou wéi Gebeesverkeefer eng Rëtsch u verschiddene Produite ronderëm d’Bongerten. Dës kann een an zuelräiche lokale Geschäfter kafen.

Opmaacherbild: Anna Voelske

Ähnlech Sujeten Aktivitéiten, Äppelbeem, Born, Léierbongerten, lokal a regional, Mount vum Bongert, Natur- a Geopark Mëllerdall, Naturparkschoulen, Pléck-Aktioun, Uebtszorten, Vizfest, Zorten Drive-In
Nächsten Artikel Virrechten Artikel