Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Barrièrefräiheet fir all ëffentlech Plazen!
Love Neiegkeeten

Barrièrefräiheet fir all ëffentlech Plazen!

Gëschter huet d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) de Gesetzprojet zur Barrièrefräiheet,

Lëtzebuerg: D‘ONG „Dokteren ouni Grenzen“ geet vun Dier zu Dier
Love Neiegkeeten

Lëtzebuerg: D‘ONG „Dokteren ouni Grenzen“ geet vun Dier zu Dier

Déi Lëtzebuerger Antenn vun den ONG Dokteren ouni Grenzen (MSF)

cool
Zouversiichtlech an déi lescht Chambersessioun
Love Neiegkeeten

Zouversiichtlech an déi lescht Chambersessioun

Mat der „journée parlementaire“ ass déi politesch Rentrée vun der

love

De Mouvement Ecologique begréisst de Wollef

En ass eng Beräicherung

De Mouvement Ecologique begréisst de Wollef

Mat enger ongehalener Begeeschterung hëlt de Mouvement Ecologique (MECO) zu Kenntnis, datt de Wollef no elo 124 Joer nees zu Lëtzebuerg ukomm ass. De „Canis Lupus“ esou säi laténgeschen Numm, ass awer Mënscheschei.

Vum Mënsch iwwer Joerdausende gejot, huet de Wollef geléiert, Uecht ze dinn an deem aus de Féiss ze goen. En Constat den beim MECO duer geet, fir de Wollef als ongeféierlech anzeschätzen. En ass dann allerdéngs nëmmen esou laang ongeféierlech wéi dann och tatsächlech a Rou gelooss gëtt.

Am Sënn vun der Biodiversitéit an Naturschutz, bedeit d‘Präsenz vum Wollef nëmme Virdeeler.

Bei „eisem“ Wollef wier et dem MECO dann och léiwer gewiescht, wann zoufälleg e Fieschter op hie gestouss wier. Dat hätt eng „schéi“ Geschicht kënne ginn! Well am Sënn vun der Biodiversitéit an Naturschutz, bedeit d‘Präsenz vum Wollef nëmme Virdeeler.

Onglécklecherweis huet eise Wollef, deen trotz allem e Raubdéier ass, sech u Schof vergraff. Dat huet huet en a negativ Schlagzeilen bruecht. De MECO wëll dann awer eng Lanz fir de Wollef briechen, an wëll dovunner ausgoen, datt de Virfall eng gutt Geleeënheet ass, fir de Sujet kloer an direkt unzespriechen. Si gesinn dann och just Léisungen net awer Problemer.

Dem Wollef säin Optauchen ass fundamental positiv

De Mouvement Ecologique léisst dann och keng Zweiwel opkommen: d‘Optauche vun dësem Raubdéier qualifizéieren si als fundamental positiv. Fir unzefänken huet d‘Präsenz vum Wollef e virdeelhaften Afloss op den Ökosystem Bësch. De Wollef huet, esou de MECO eng regulatoresch Funktioun op d‘Populatioun vum Routwëld, wat net zu gudder Läscht der Flora ee groussen Déngscht leescht. Och am Bezuch op d‘Wëllschwäin, vun deenen et der wierklech vill gëtt, datt bedéngt duerch eng extensiv Mais-Kultur, kéint de Wollef ee groussen Notze bréngen.

Konflikter bleiwen am Zesummenhang mat engem Raubdéier net aus.

Elo ass et dann allerdéngs wichteg, och nees den Ëmgang mam Wollef nees ze léieren. Konflikter bleiwen am Zesummenhang mat engem Raubdéier net aus. Et wier awer falsch d‘Feeler aus der Vergaangenheet ze widderhuelen. Verdeedegungsreflexer déi irrational sinn oder schlicht de Refus dem Wollef eng Plaz zouzesécheren, muss verhënnert ginn.

Mam gudde Beispill virgoen

Wenn een elo och nach bedenkt, datt Europa ëmmer nees eestëmmeg uféiert, datt déi afrikanesch Länner verflicht sinn d‘Biodiversitéit ze erhalen (Elefanten, Léiwen…) oder Indien drop hiweisen, datt den Tiger net dierf ausstierwen, da misst et eis dach gutt zu Gesiicht stoen, wa mir dem Wollef seng Plaz géifen zougestoen.

Net ze vergiessen, datt mat der Direktive „Natura 2000“ d‘Jalone gesat sinn, fir ebe grad dës Biodiversitéit ze fërderen an ze erhalen. An dësem Kontext also, muss et eng enk Zesummenaarbecht tëscht den Acteure ginn, an net vergiessen, datt een Entschiedegunge kann an och wäert musse ginn.

Dofir sollt een och drop hiweisen, datt eise Wollef wuel kaum eleng seng Ronnen duerch eis Bëscher a Felder dréint. Seng gewéinlech Sozialuerdnung ass d‘Ruddel, a besteet an der Reegel aus enger Elterekoppel mat hirem Nowuess. Am Fall vun engem Eenzelgänger wier d‘Freed um Wollef also zäitlech begrenzt.

Ähnlech Sujeten Bësch, Fieschter, Mouvement Ecologique, Schof, Wollef
Nächsten Artikel Virrechten Artikel