Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gëtt eis Sprooch fir de Wahlkampf op d’Säit geluecht?
Fail Neiegkeeten

Gëtt eis Sprooch fir de Wahlkampf op d’Säit geluecht?

Dës Thees stellen op mannst d’Piraten an engem Communiqué op.

tonguemoneysurprise
D‘Konsumente gi net zouversiichtlech an dat neit Joer
Fail Neiegkeeten

D‘Konsumente gi net zouversiichtlech an dat neit Joer

Déi Lëtzebuerger Zentralbank (BCL) huet eng Enquête lancéiert, an aus

Wann den Neil Young den US-President op d‘Schëpp hëlt
Fail Neiegkeeten

Wann den Neil Young den US-President op d‘Schëpp hëlt

D‘Joer verginn, mee d‘Flam selwer geet ni aus. Ee vun

dislike

Den mPass fir Entreprisen ass beléift. Mee et ass ee besuergt, datt kleng Entreprise benodeelegt ginn!

Tëscht 2009 an 2017 goufen 64.628 mPassen un Entreprise verkaaft

Den mPass fir Entreprisen ass beléift. Mee et ass ee besuergt, datt kleng Entreprise benodeelegt ginn!

Fir den ëffentlechen Transport attraktiv ze gestalten, gëtt gären de Präis niddreg ugesat. Säit 2009 gëtt et den mPass an Entreprise kënnen sech dee vir hir Employéeën zu vergënschtegte Konditiounen bestellen. Den Transportminister François Bausch (déi gréng) leet an enger Äntwert op eng Parlamentaresch Fro vun den Deputéierten Max Hahn (DP) a Claude Lamberty (DP) aktuell Zuele fir. Sou goufen tëscht 2009 an 2017 ganzer 64.628 mPass-Kaarte verkaaft.

Sënn an Zweck vun dëser Saach wier et, groussen a mëttelgroussen Entreprisen ze hëllefen, e positiven Impakt op den nohaltegen Transport ze hunn. Dat mécht virun allem bei deene Betriber Sënn, esou de Minister a senger Äntwert. Déi Deputéiert maache sech Suergen, datt déi kleng Betriber benodeelegt géife ginn. Fir an de Genoss vum mPass ze kommen, missten op mannst 10 Exemplare vum mPass bestallt ginn, oder genuch, fir 10% vun den Employéeën ze couvréieren, ouni dobäi ënnert dräi Stéck ze falen.

Zënter 2009 ass d’Zuel vun den mPass-Kaarte konstant geklommen. 25 Entreprisen hunn 2009 516 där Abonnementer bestallt. Dat war eng Moyenne vun 21 pro Betrib. 2017 leie se bei 202 Entreprise mat 18.354 mPass-Kaarten. Dat sinn der an der Moyenne 91 pro Entreprise.

Et wëll ee keng Upassung beim mPass virhuelen

De Minister erkläert dës Mindestreegelung duerch den administrativen Opwand, deen noutwenneg wier, fir d’Demanden ze traitéieren. Dëst wier, esou de Minister weider, bal iwwerall am Ausland net anescht. Beim däitschen Noper géing een ënnert 50 Abonnementer net ufänken. Zu Tréier beim VRT géing ee mindestens 20 Abonnementer brauchen, bei der Saar VV sinn et der, wéi bei eis, dräi. Dëst géing, esou d’Logik vum Minister, dofir Suergen, datt kleng Betriber couvréiert géife ginn.

Et géing een des weideren net plangen, dës Hürde mi niddreg ze setzen. Esou wier de Präis vum klasseschen Joresabo mat 440€ fir eng eenzel Persoun niddreg genuch, fir attraktiv ze sinn.

 

 

Ähnlech Sujeten Claude Lamberty, Ëffentlechen Transport, François Bausch, Lëtzebuerg, Max Hahn, mPass
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    0

  • Fail

    1

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0