Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Homeoffice: D‘DP besteet op e gesetzleche Kader
International Neiegkeeten

Homeoffice: D‘DP besteet op e gesetzleche Kader

Den Homeoffice – also vun doheem aus schaffen – wier

Plang vun der Stad Lëtzebuerg aus dem Joer 1890
International Neiegkeeten

Plang vun der Stad Lëtzebuerg aus dem Joer 1890

De Jean-Pierre Biermann, gebuer de 15. Dezember 1842 zu Klierf, gestuerwen den 3. Juli 1908 an der Stad Lëtzebuerg,

US Supreme Court: Grouss politesch Victoire fir den Donald Trump
International Neiegkeeten

US Supreme Court: Grouss politesch Victoire fir den Donald Trump

Den amerikanesche Riichter Brett Kavanaugh huet e Samschdeg virum ieweschte

Migratioun: D‘MS Aquarius huet zu Malta ugeluecht

Migratioun: D‘MS Aquarius huet zu Malta ugeluecht

No bal fënnef Deeg ouni gräifbart Zil um Mëttelmier ënnerwee, huet d‘MS Aquarius gëschter zu Malta dierfen uleeën a sech senger humaner Fracht entleedegt. D‘Flüchtlingen an d‘Migrante sollen op verschidde Länner an der EU opgedeelt ginn.

D‘Rettungsschëff, datt am Optrag vu SOS Méditerranée an Dokteren ouni Grenzen (MSF) am Mëttelmier patrulléiert, fir Mënschen a Séinout opzehuelen, konnt nom Agräife vun der EU-Kommissioun, zu Malta an den Hafen alafen. D‘Interventioun vun der EU-Kommissioun, huet et méiglech gemaach, mee déi 141 Persounen déi elo zu Malta registréiert gi sollen net do bleiwen.

Malta hat Konditioune gestallt iert se den Zougank zum Hafen autoriséiert huet. Laut der maltesescher Regierung, sollen d‘Flüchtlingen an d‘Migranten op: Spuenien, Portugal, Frankräich, Däitschland a Lëtzebuerg verdeelt ginn. Vu Berlin, déi hiren Accord ginn hunn fir 50 Persounen ze iwwerhuelen, heescht et, datt et elo muss zu enger gesamteuropäescher Léisung kommen.

Däitschland fuerdert e gemeinsamt Konzept fir d‘Séinoutrettung, d‘Asylverfahren an d‘Verdeelung vun de Flüchtlingen an der EU. An och den UN-Flüchtlingskommissariat wënscht sech vun der EU eng eenheetlech Regelung fir d‘Uleeë vu Schëffer mat Migranten u Bord. Schëffer déi Flüchtlingen a Migranten aus dem Mëttelmier fëschen, sollen net méi um oppene Mier festsetzen.

Vill mannerjäreg Kanner

D‘Besatzung vun der Aquarius hat dës Mënsche leschte Freideg virun der libescher Küst aus dem Waasser gefëscht, a war an enger éischter Phas och op der Plaz bliwwen. Bei der Sich no engem sécheren Hafe fir d‘Migranten, haten als éischt Italien a Malta dem Kapitän eng Ofso erdeelt. Wéi dunn och Spuenien d‘Aquarius ofgewisen hat, huet sech d‘EU-Kommissioun agemëscht.

Ënnert den 141 leit um Schëff, vill vun hinnen aus Somalia an Erithrea, si ronn 70 mannerjäreg Kanner. MSF deelt mat, datt vill vun de gerette Mënschen iwwert Méint ewech a libesche Lager inhaftéiert waren. D‘Doktere u Bord vun der MS Aquarius hätte masseg Fäll vu Mangelernierung a Folterspure festgestallt. D‘Wonnen an d‘Narbe géifen d‘Aussoe vun de Leit bestätegen.

Laut dem Verena Papke vu SOS-Méditerranée, huet d‘Aquarius während der Rettungsaktioun mat der libescher Küstewaach Kontakt gehat. Déi hätt dann och d‘Rettung koordinéiert, dem Schëff awer kee sécheren Hafen zougewisen. Flüchtlingen oder Migranten zréck a Libyen ze bréngen, wier awer weder fir SOS Méditerranée nach fir Dokteren ouni Grenzen eng valabel Optioun.

Elo wou all Mënsch „ënner Daach“ an a Sécherheet ass, wëll den Equipage vun der MS Aquarius esou séier wéi méiglech nees zréck an d‘Rettungszon.

Déi spuenesch Küstewaach huet dann e Mëttwoch nach informéiert, 520 Migranten u Bord vu prekären Embarcatioune viru Gibraltar an am Alboran-Mier gerett ze hunn. Säit Ufank vum Joer, sinn 25.000 Migranten a Spuenien agereest. Spuenien ass zur Haaptentrée an d‘EU ginn, wat och der „haarder Linn“ déi Italien agefouert huet, geschëlt soll sinn.

mat AFP

Foto: D‘MS Aquarius ass um Quai vun der Bolier-Werft zu Senglea (Malta) ugedockt. D‘Schëff dat vun den ONGe SOS Méditérranée an Dokteren ouni Grenze gechartert ass, huet e Mëttwoch hei déi 141 Flüchtlingen a Migranten u Land bruecht, déi si déi lescht Woch aus dem Mëttelmier gerett hunn. © Matthew Mirabelli/AFP

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, Italien, Malta, Migratioun, MS Aquarius, MSF, SOS-Méditerranée, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel