Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Internationalen Dag vun den Hiefammen!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Internationalen Dag vun den Hiefammen!

Als Gebuertshëllef sinn si dobäi, wann neit Liewen an d’Welt

Entrevue tëscht dem Lëtzebuerger Flüchtlingsrot an dem Aarbechtsminister
International Neiegkeeten

Entrevue tëscht dem Lëtzebuerger Flüchtlingsrot an dem Aarbechtsminister

Leschten Dënschdeg huet et tëscht dem Minister fir Aarbecht, Sozial-

Coronavirus: Elo ass et eng Pandemie
International Neiegkeeten

Coronavirus: Elo ass et eng Pandemie

Während sech a China – wou de Coronavirus Covid19 an

Nord-Kivu: Dokteren ouni Grenzen am verstäerkte Kampf géint d’Ebola-Epidemie

Ausgeweiten Aktivitéite matzen a politesche Spannungen no de Walen

Nord-Kivu: Dokteren ouni Grenzen am verstäerkte Kampf géint d’Ebola-Epidemie

Och no Méint ass den zweetgréissten Ebola-Ausbroch nach ëmmer net ënnert Kontroll. De Kampf géint de Virus ass an der Demokratescher Republik Kongo an enger kritescher Phas. No de Presidentschaftswalen hu sech déi politesch Spannungen intensivéiert.

Doduerch gëtt d’Fannen an d’Noverfolgung vun infizéierte Persounen ëmmer méi schwéier. Am Ganzen si 16 Gesondheetszone betraff, an 10 dovunner gouf et an de leschte Méint nei Ebola-Patienten. Den Dokteren ouni Grenze mëscht virun allem de Fortschrëtt vun der Krankheet an der Regioun Butembo an der Provënz Nord-Kivu, eng Stad mat enger Millioun Awunner, grouss Suergen.

„Et geet ëm eng Bevëlkerung, déi ënnert engem jorelaange Konflikt gelidden huet. Elo kënnt nach den déidlechsten Ebola-Ausbroch dobäi, deen d’Land jee gesinn huet. D’Onroue vun de vergaangene Woche verstäerken d’Noutlag, an der sech Mënsche befannen, wëll hiren Zougang zu adequater medezinescher Versuergung weider ageschränkt gëtt“, erkläert d’Laurence Sailly, Leederin vum Noutasaz zu Beni. „An dëser Situatioun hunn d’Mënschen oft keng aner Wiel, wéi medezinesch Hëllef a Gesondheetszentren an Usproch ze huelen, déi keng gëeegent Triage-Moossnamen oder Infektiounspräventioun a -kontroll maachen. Doduerch gëtt de Risiko vun der Ausbreedung méi grouss.“

Héije Risk vun der Ustiechung mëscht mënschleche Kontakt schwiereg

Säit den Ausbroch den 1. August 2018 offiziell erkläert ginn ass, hunn d’Dokteren ouni Grenzen hir Aktivitéite permanent ausgebaut, fir déi steigend Zuel vu confirméierte Fäll gerecht ze ginn. Déi jéngste Beispiller dofir sinn d’Gesondheetszone vu Butembo, wou am Ebola-Behandlungszentrum d’Unzuel u Better vu 64 op 96 geklommen ass. Donieft huet och een neit Behandlungszentrum an der ëstlecher Gesondheetszon vu Katwa opgemaach misse ginn. Zu Bwana Sura (Provënz Ituri) ass dës weideren een Transitzentrum opgemaach ginn, wou sech d’Verdachtsfäll ugeheeft hunn.

Den Emmanuel Massart, Projetskoordinator fir Katwa erkläert, datt et duerch déi vill nei Fäll un infizéierte Persounen an dëser Millioune-Stad noutwenneg war, een zweete Behandlungszentrum ze bauen. Dëst bitt méi Kapassitéite fir d’Behandlung vun de Patienten. Heibäi geet et och ëm d’Vertrauen, wat elo duerch grouss Fënsteren an den Zëmmere garantéiert soll ginn. Doduerch gesinn d’Patienten d’Gesiichter vun den Dokteren an dem Fleegepersonal. Esou kënnen déi betraffe Persounen och méi liicht a Kontakt mat hirer Famill a Frënn bleiwen.

Folge fir d’Bekämpfung duerch d’Walen

Eng vun de gréissten Erausfuerderungen ass et, d’Bevëlkerung iwwert d’Moossnamen ze informéieren, déi d’Ausbreedung vum Virus verhënneren. Um 26. Dezember huet déi national Walkommissioun (CENI) ugekënnegt, datt d’Walen an dräi Regiounen, dorënner Beni a Butembo, ënnert anerem wéinst den Ebola-Ausbroch verréckelt gi sinn. Doduerch koum et, virun allem zu Beni, zu gewaltsame Protester, bei deenen um 27. Dezember och den Transitzentrum vun den Dokteren ouni Grenzen ugegraff a verwüst ginn ass.

Duerch déi verréckelt Walen ass et elo nach méi schwéier Gemengen ze erreechen. D’Mënsche stinn de Preventiouns- a Kontrollmoossname géigeniwwer nach méi skeptesch an zeréckhalend géigeniwwer wéi virdrun. Et geet och dorëm, datt ee wierdegt Begriefnis gemaach gi muss, fir d’Iwwerdroung vum Virus ze verhënneren. D’Dekontaminatioun vu Spidoler a Menagë gehéiert och zu de Moossnamen, déi op der Plaz akzeptéiert musse ginn.

Fir de Virus ënnert Kontroll ze kréie musse Bezéiungen zu de Gemenge gefleegt an opgebaut ginn. D’Beméiunge vum Personal muss verstäerkt ginn, sou datt och d’Bevëlkerung aktiv an der Bekämpfung vum Virus agebonne gëtt. Dofir mussen awer och d’Besoine vun de Mënsche gekuckt ginn. D’Transitzentren këmmeren sech hei awer net nëmmen ëm d’Identifikatioun an d’Iwwerweisung a Behandlungszentren, mee och ëm aner Gesondheetsproblemer an der Bevëlkerung.

Opmaacherbild: Schutzkostümer gehéieren beim Ebola-Asaz zum Grondequippement. Leider maachen si de Kontakt zu den isoléierte Patienten nach méi onperséinlech. Aus dësem Grond hunn d’Dokteren ouni Grenzen een flott Konzept fir den neie Behandlungszentrum © Gabriele François Casini/MSF

Ähnlech Sujeten Demokratesch Republik Kongo, Ebola, Médecins sans Frontières, MSF, Virus, Walen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel