Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Migratioun: Italien dréit d‘Schrauwe bäi
top 5 european dating sites Neiegkeeten

write a little about yourself for dating

Den italienesche Ministerrot huet e Méindeg en „Dekret-Gesetz“ ugeholl, mat

top 5 european dating sites Neiegkeeten

D’Chamber reagéiert op den „Etat de la Nation“

No dem Premier gehéiert et sech dat och d’Volleksvertrieder sech

What the Fakt – Ee Gebuertsdagsständchen vum Marilyn Monroe
top 5 european dating sites Neiegkeeten

What the Fakt – Ee Gebuertsdagsständchen vum Marilyn Monroe

Mam sënnlechen Optrëtt no der Gebuertsdagsgala fir den US-President John

Muechtwiessel a Griicheland

Konservativ Neo Demokratia gewënnt Parlamentswahlen

Muechtwiessel a Griicheland

Bei de virgezunne Parlamentswahlen a Griicheland ass déi lénks Regierung vum Alexis Tsipras wéi erwaart ofgewielt ginn. Déi konservativ bis radikal riets ausgeriichte Partei „Neo Demokratia“ vum Kyriakos Mitsotakis huet mat ronn 40% vun de Suffragen och d‘Majoritéit am Parlament erreecht.

Nodeems 80% vun de Stëmmen ausgezielt waren, ass Neo Demokratia mat 39,7% vun de Stëmme kreditéiert ginn, während d‘Lénkspartei Syriza op 31,6% kënnt, e Verloscht vu ronn 4% géintiwwer de Parlamentswahle vun 2015. Domadder steet fest: Griicheland geet nees un d‘Muecht vun de Konservativen iwwer, déi mat 158 vun den 300 Sëtz déi absolut Majoritéit sécher hätten.

Griicheland

De Kyriakos Mitsotakis ass also net op eng Koalitioun ugewisen, wat och dem politesche System geschëlt ass. Esou erhält a Griicheland déi stäerkste Partei 50 zousätzlech Mandater. E Prinzip deen d‘Regierungsbildung vereinfache soll. Den Alexis Tsipras huet d‘Néierlag unerkannt an nach um Wahlowend sengem Géigner gratuléiert. Syriza hat och d‘Kommunal- en d‘EU-Wahle verluer.

Wann ee seng Verspriechen net hält

Wann ee sech drun erënnert mat wéi enge „Verspriechen“ den Alexis Tsipras ugetruede war an dank dësen dann och d‘Wahlen 2015 gewonnen hat, da gëtt kloer: Vill Griichen huelen et Syriza iwwel, sech dem Diktat vun de „Financieren“ ënnerworf an d‘Oplagen, déi eng däitlech Austeritéitspolitik zur folleg haten, ëmgesat ze hunn. Et hat gehollef d‘Land aus den Hëllefsprogrammer ze féieren…

Griicheland

Den Alexis Tsipras vun der lénker Syriza Partei huet seng Leit a vill Griichen enttäuscht, well hien sech dem Diktat vun der finanzgesteierter EU-Kommissioun ënnerworf huet an dem Land eng onerdréiglech Austeritéit engersäits, an de Verkaf vu Staatseegentum anersäits operluecht huet. © LP

Dat u sech wier begréissenswäert, mee de Präis deen d‘Bevëlkerung ze bezuelen hat war ze héich. Mat enger Steierbelaaschtung vu bis zu 80%, dramatesch Aschnëtter am Gesondheetssystem an der „Privatiséierung“ vu profitabelem Staatseegentum (bspw. Fluchhäfen) hat den Alexis Tsipras net nëmme säi Wahlverspriechen net gehalen, mee de Bou géintiwwer de Griichen iwwerspaant.

De Kandidat vun Industrie a Wirtschaft

Wéi de Kyriakos Mitsotakis gëschter Owend a senger Ried sot: „Ech wäert fir all d‘Griichen do sinn. Ech wäert haart schaffen“ an de Wonsch vun der Bevëlkerung, déi „schwéier Zäiten“ hannert sech ze loossen, waren him seng eigentlech Interessen net méi unzegesinn. Hie beschwiert elo d‘Vollek op „Äerm eropkrämpelen a Verantwortung iwwerhuelen“ mam Zil de Wirtschaftswuesstem fërderen.

Griicheland

Den neie staarke Mann a Griicheland: de Chef vun Neo Demokratia, Kyriakos Mitsotakis. Féiert hien d‘Griichen endgülteg aus der Kris a gëtt hien de Bierger hiert Liewen zréck? Fir unzefänke soll emol d‘Kapital ugelackelt ginn. © LP

Elo wou de Rettungsschierm nees verpaakt an d‘Geldgeber zefriddegestallt goufen, dierft et dem Kyriakos Mitsotakis net schwéier fale säi Wahlverspriechen, d‘Steieren ze reduzéieren anzehalen. Hie wäert och d‘Wirtschaftsreforme weiderféieren a versprécht senge Landsleit méi Wuesstem duerch auslännesch Investitiounen. Soziales huet de Kyriakos Mitsotakis den Ament net am Sënn.

Eng Chance oder gutt verpaakte Bedruch?

Datt Neo Demokratia dës Wahle gewonnen huet, huet esouwuel mat der griichescher Finanzkris u sech, wéi awer och mat der Politik ze dinn, déi et Griicheland iwwerhaapt erméiglecht hat der EU bäizetrieden. Déi konservativ Regierung vun deemools, hat getrickst, gefuddelt a gelunn. Si war korrupt bis op d‘Schank an déi „Kleng“ hu Steiere bezuelt. E Steieramt gouf et just theoretesch.

Griicheland

Et huet missen an de Gënz goen an d‘Griichen dierfen sech glécklech schätzen EU-Member ze sinn, well de längst ugekënnegte Staatsbankrott, konnt nëmme mat Kreditter vun der EU, der EZB an dem IMF „verhënnert“ ginn. Mee Kreditter si kee Kaddo a meeschtens mat Oplage beluecht, déi der Bevëlkerung emol ze vill ofverlaangt hunn. Dobäi wollt Syriza sengerzäit dat verhënneren.

Et sinn net d‘Griichen déi gewonnen hunn

Hei muss een allerdéngs och nees ganz däitlech op d‘Muecht vum Kapital an dësem säin Afloss op d‘Politik hiweisen. Den Alexis Tsipras hat sécherlech och „Charisma“ mee et war de Programm vu senger Partei deen d‘Griichen iwwerzeegt hat. Et sollt: Schluss mat der Korruptioun gemaach ginn, zur Besteierung vun de Räiche kommen a reell Sozialreformen ëmgesat ginn. Dat ass Heresie…

Griicheland

Esou en Affront vun engem „Sozial a Lénks“ opgestallte Politiker, wou d‘Kapital sech dach ëmmer drop verloosse konnt „a Rou gelooss ze ginn“, huet d‘Finanzmäert „beonrouegt“. D‘Kapital huet seng ganz Muecht opbruecht, an hir wëlleg Serviteuren innerhalb der EU a sengen Institutiounen hunn dem Tsipras d‘Messer op d‘Broscht gesat, a well hie matgemaach huet ass hie bestrooft ginn.

Verscholdung läit bei 180% vum BIP

A wann dann den 51 järege Kyriakos Mitsotakis vu Wuesstem a vu bléiende Landschafte schwätzt, da kéint engem séier entgoen, datt et a Griicheland vun allem gëtt, ausser déi genannte Landschaften. Et ass wuel richteg datt zanter August 2018 d‘Land ouni „Rettungsschierm“ auskënnt a sech nees selwer um Kapitalmaart mat Kreditter versuerge kann, mee fir de Recht läit nach villes am Uergen.

Griicheland

E Chômagetaux vu 20% an eng gesamt Staatsverschëldung déi 180% vum Bruttoinlandprodukt ausmécht, verlaangt sécherlech Moossnamen, mee bedeit awer och, datt e Griich keng Uspréch stelle kann, an esou dem Kapital ausgeliwwert ass. Manner Steieren, dat betrëfft déi Räich an déi wou sech wirtschaftlech a Griicheland betätegen. Ob d‘Solidaritéitsakommes erhale bleift?

mat indymedia/ath

Foto: © LP

Ähnlech Sujeten Alexis Tsipras, Griicheland, Kyriakos Mitsotakis, Neo Demokratia, Syriza
Nächsten Artikel Virrechten Artikel