Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Macron: „Mir musse mat villen Affer rechnen“
International Neiegkeeten

Macron: „Mir musse mat villen Affer rechnen“

Den Orkan Irma, vun enger ni erlieften Intensitéit, huet op

Editorial: D‘Geschäft mat de Kaddoen
International Neiegkeeten

Editorial: D‘Geschäft mat de Kaddoen

Sou Chrëschtdag hu mer hannert eis, d‘Famill war do an

Tunesier weisen der Regierung déi „giel Kaart“
International Neiegkeeten

Tunesier weisen der Regierung déi „giel Kaart“

Um Freideg hunn e puer honnert Leit ganz friddlech zu

Muechtwiessel am Sudan

Arméi stierzt de President Omar al-Bashir a setzt nei Regierung an

Muechtwiessel am Sudan

Esou séier kann et goen. Am Sudan huet d‘Arméi duerchgegraff an d‘Muecht iwwerholl, nodeems de President Omar al-Bashir „ofgesat“ an ënner Hausarrest gestallt gi war. D‘Arméi wëll elo fir eng Transitiounsphas vun 2 Joer d‘Regierungsgeschäfter iwwerhuelen.

An nach iert de Verdeedegungsminister de Generol-Leutnant Ahmed Awad Ibn Auf d‘Noriicht vum „Changement“ op der Tëlee verkënnt huet, hat de Geheimdéngscht schonn emol ugekënnegt, all déi politesch Inhaftéiert fräi ze loossen, ouni e konkreten Zäitpunkt ze nennen. Honnerte Mënschen déi an de leschte Woche verhaft gi ware well si géint de President demonstréiert haten, si scho fräi.

Méintelaang waren d‘Mënschen op d‘Strooss gaangen, wou de Récktrëtt vum President gefuerdert ginn ass. Grondlag fir d‘Onrouen am Land: d‘Deierecht vun de Liewens- a Grondbedarfsmëttel. Et ass d‘Konsequenz vun der Wirtschaftskris, déi de Regime net an de Grëff kritt huet…

Réckbléck

Den Omar Hasan al-Bashir (75) ass vum Zaldot iwwert eng Phas als „Revolutionär“ 1989, duerch e Militärputsch zum President vum Sudan ginn. Regéiert gouf no fundamental-islamesche Regelen an dem Bashir-Regime gi gravéierend Verbrieche géint d‘Mënschheet virgeworf. Esou ass de Regime verantwortlech fir den dout vu Millioune Mënschen am Darfur, den Nuba-Bierger a Südsudan.

Sudan

Fir seng Verbriechen (Vëlkermord, Vergewaltegung a Folter) war de President Omar al-Bashir vum internationale Geriichtshaff (ICC) 2009 ugeklot an en Haftbefehl ausgestallt ginn. Well se wéi esou oft, am UN-Sécherheetsrot kee Konsens konnt fonnt hu war den dossier 2014 op Äis geluecht ginn.

Am Februar, wou d‘Situatioun oniwwersiichtlech ginn ass, huet den Omar al-Bashir reagéiert, seng Regierung an déi vun de Bundesstaaten opgeléist, den Ausnamezoustand ausgeruff a versprach hie géif als Chef vun der Regierungspartei zrécktrieden. Do war d‘Kand längst an de buer gefall an am dësen erdronk. Elo huet sech d‘Arméi d‘Muecht gegraff, an dat schéngt och keng Léisung ze sinn.

Esou net!

Déi „nei“ Muecht huet no der Annonce vum „Wiessel“ eng Ausgangsspär verhaangen, an den Awad Ibn Auf als Virsëtzende vum neie Militärrot vereedegt. Eng Entscheedung déi d‘Gemidder net berouegt huet, am Géigendeel. Zu Dausenden haten sech d‘Sudanese virum Etat-Major vun der Arméi zu Khartum versammelt wou si „Fridden, Gerechtegkeet a Fräiheet“ gefuerdert hunn.

Wann et richteg ass, datt d‘Sudanese d‘Herrschaft vum Diktator net erdroen hunn, esou wëllen si elo awer net, datt e Militärrot un d‘Muecht kënnt. D‘Leader vun der Kontestatioun hunn zu weidere Manifestatiounen opgeruff, a verlaangen d‘asetze vun engem ziviller Iwwergangsregierung.

Washington huet an enger éischter Reaktioun d‘Gespréicher mam Sudan ofgebrach. An engem kuerze Statement vum US-Ausseministère heescht et: „Dat sudanesescht Vollek soll elo selwer bestëmme wien am Land entscheede soll. D‘Bevëlkerung huet däitlech gemaach, datt Zivilisten d‘Iwwergangsphas bestëmme sollten. Dat sollt hinnen net eréischt an zwee Joer méiglech sinn“.

Wat de Militärrot mécht

An senger Usproch op der Tëlee huet de neie Mann un der Spëtzt vum Sudan de Mënschen ze verstoe ginn, datt een net gewëllt ass iwwer Fuerderunge wéi „Fräiheet“, „Gerechtegkeet“, an „Demokratie“ ze diskutéieren. Bei geneeëm hikucke léist engem d‘Agenda d‘Héngerhaut ausgoen:

  • d‘Verfassung gëtt ausser Kraaft gesat;
  • Parlament a Regierung sinn opgeléist, d‘Amt vum President gëtt ofgeschaaft an e Militärrot këmmert sech déi nächst zwee Joer ëm d‘Regierungsgeschäfter;
  • 2021 solle fräi a fair Wahlen ofgehale ginn;
  • bis Enn Juni gëllt de nationalen Noutstand an eng Ausgangsspär vun 22 bis 4 Auer ass verhaange ginn;
  • d‘Grenzen an de Loftraum si gespaart ginn.

Demokratie kann esou net entstoen, an et dierft elo interessant ginn, wéi d‘Sudanese mat dësem „Change“ ëmginn, an a wéi engem Mooss d‘Arméi iwwerhaapt an der Lag ass, de Sudan nees wirtschaftlech a sozial ze stäerken. De Fall gesat dës Absicht kann een der Arméi ënnerstellen.

mat indymedia/cai/lon

Bild: (videograb – Sudan TV) Op der sudanesescher Tëlee huet de Generol-Leutnant Ahmed Awad Ibn Auf en Donneschdeg am Nomëtteg de Regimewiessel annoncéiert. An enger éischter Analys ass et erlaabt unzehuelen, datt wuel de Diktator, net awer d‘Diktatur „ofgesat“ ginn ass.

Ähnlech Sujeten Generol-Leutnant Ahmed Awad Ibn Auf, Militärputsch, Omar al-Bashir, Sudan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel