Search

You may also like

Schëtzeg ënnerwee: Mat 107 km/h duerch Duerf?
Neiegkeeten

Schëtzeg ënnerwee: Mat 107 km/h duerch Duerf?

Verschiddene Leit schéngt et op der Strooss wuel net schnell

Am Frankräich ass scho Wanter
Neiegkeeten

Am Frankräich ass scho Wanter

300.000 Menage ouni Stroum, iwwert dausend Camionen an honnerten Autoe

Petitioun géint Mobilfunknetz 5G (e Kommentar)
Neiegkeeten

Petitioun géint Mobilfunknetz 5G (e Kommentar)

Iwwer Sënn an Onsënn vu Petitioune kann ee streiden, mee

Muer an enger Woch ginn d‘Butzen nees an d‘Schoul

Den Educatiounsminister huet um Freideg eng ganz Rei Detailer offenbaart wéi dat soll oflafen

Muer an enger Woch ginn d‘Butzen nees an d‘Schoul

Et ass gewosst, datt den Educatiounsminister Claude Meisch den Ament net onëmstridden ass, wat sech duerch eng helle Wull un oppene Bréiwer säitens de representative Gewerkschaften, mee och der nationaler Elterevertriedung, noweise léisst. Do heescht et roueg bleiwen an sech de Virwërf stellen, wat de Minister an enger längerer Pressekonferenz um Freideg dann och gemaach huet.

Den Educatiounsminister stellt dann emol agaangs kloer, datt een d‘Grondschoule muss opmaache, well et wichteg ass de Kanner hiert Recht op eng equitabel Bildung ze garantéieren. Et wier dann och nieft dem Unterrecht fir d‘Kanner wichteg, nees hir Frënn a Komeroden, mee natierlech och hir Enseignanten erëmzegesinn. Dat ganzt awer an engem hire Besoinen ugepassten Environnement.

Elo huet awer net de Minister d‘Konzept – dat d‘Sécherheet vun de Knetzelen a Krapperte soll garantéieren – ausgeschafft. Dat hu seng Mataarbechter an enkster Zesummenaarbecht mat: Wëssenschaftler, Experten a Virologie, Kannerdokteren, de Gemengen, Elteren, Gewerkschaften an de Gestionnaire vun de Crèchen zesummen elaboréiert. Dat geet esou net aus de „Bréiwer“ ervir…

Während also déi behaapten net „abezunn ze ginn“ bleift de Minister senger Linn trei an stellt fest, datt een natierlech de Bedenken a Suerge vun de Leit géif Rechnung droen, firwat ee jo och ëmmer op den Dialog gesat huet an den Acteuren um Terrain nogelauschtert hätt. Et gëtt dann och nach ëmmer preziséiert, datt Kanner, grad déi jéngst, vill manner kontagiéis, also kaum betraff sinn.

Jidderee gëtt ëmfaassend informéiert

Vun dëser Feststellung ausgoend, ass sech drop gëeenegt ginn, datt een nëmme kleng Gruppen an der Schoul/Crèche zouléisst, an et zum „Cloisonnement“ vun den Etablissementer kënnt. Nëmmen d‘Butzen an d‘Enseignanten (bestëmmt awer och soss Schoulpersonal a Studenten déi d‘Reien opfëlle mussen) dierfen an d‘Schoul. Et soll ee méi familiären Accueil mat Reegele virgeholl ginn.

Den Unterrecht fënnt an „Alternance“ statt, dat heescht datt d‘Kanner an zwou Gruppen opgedeelt ginn, déi dann eng Woch iwwert déi aner an d‘Schoul goe mussen. Fir dës béid Gruppe gëtt en ee fakultativen Accueil fir nomëttes, vu datt nëmme vun 8.30 bis 13 Auer Schoul gehale gëtt. De Grupp dee schon an de Schoul ass, soll do bleiwen, déi aner sollen a Maisons-Relais/Foyere goen.

Bis en Dënschdeg ginn d‘Elteren informéiert a wéi engem Grupp hir Kanner ënnerbruecht sinn. Si hate jo vill Zäit dem Ministère hir Besoine mëttels engem Froebou matzedeelen. Zudeem kann een seng Kanner wann ee noweise kann datt ee spéitstens um 8 Auer muss op der Schaff sinn – schonn um 7 Auer am Schoulhaff ofliwweren. Den Accueil selwer, egal wéini ee kënnt, wäert nei sinn.

Op alles virbereet

Dat et grad bei deene jéngsten net dierft einfach, ginn dees ass sech de Claude Meisch duerchaus bewosst, firwat et „ugepasste Schutz- an Hygiènesmoossnamen“ gëtt. D‘Butzen hunn dann och keng Gesiichtsmask un an ee strikte Kontaktverbuet besteet net. E kann een engem Kand nu emol net verbidden säin Enseignant ze ëmäermele wann him duerno ass. Mee ouni Ofstand geet et net.

Am Kader vum „Méiglechen“ muss och hei de Sécherheetsofstand vun 2 Meter agehale ginn, seng Schoulsaachen (Bicher, Molstëfter, asw…) dierf een net méi ënnert enaner austauschen, dat pedagogescht Material vun der Schoul muss reegelméisseg desinfizéiert ginn. Et gëtt sech net méi op Këssen um Buedem, mee op ee Stull gesat, an dat ëmmer wann een am Schoulsall ass.

Et gëtt weiderhi privilegiéiert méiglechst vill Zäit an Fräien, also och am Schoulhaff, ze verbrénge wat implizéiert, datt och nees d‘Spillplazen ënner Oplagen accessibel ginn. Am grousse Ganze geet et dann drëms, ze definéiere wat méiglech ass an net wat verbueden ass, dat awer ëmmer ouni de pedagogeschen Optrag aus dem Bléck ze verléieren. D‘Enseignanten hunn dozou ee Guide kritt.

Jidderee gëtt gläich behandelt

Wat dem Fundamentalunterrecht Recht ass, gëtt esou och an de Crèchen applizéiert, woubäi hei ee Grupp Kanner aus maximal 5 Individue bestoen dierf. Dat verlaangt den Asaz vun eppes méi Leit, also och onqualifizéiertem Personal. Masseg Plaz huet et och net, mee de Minister ass iwwerzeegt, datt et sech wäert opgoen. Datt et scho virun der Kris Waardelëschte gouf, ass net ernimmt ginn…

Zudeem bestätegt de Minister, datt ee keen Usproch kann erhiewen, och net wann d‘Kand virun der Kris seng Plaz sollt gehat hunn. De „spezielle Congé“ fir Elteren déi net wësse wouhinner mat de Butzen, a wou Homeoffice net méiglech ass, bleift also och bestoen. Op d‘Elteren och bis den nächsten Dënschdeg iwwert d‘Disponibilitéiten (Plaz) informéiert ginn, konnt net bestätegt ginn.

Wat d‘Kompetenzzentre betrëfft, esou huelen déi hir Aktivitéiten och de 25. Mee nees a vollem Ëmfang op. Den Educatiounsminister huet keen Heel dorausser gemaach, datt dat fir d‘Ekippen eng Zolidd Erausfuerderung ass. Déi wieren awer voll motivéiert a flexibel, firwat de Claude Meisch ganz zouversiichtlech ass, dat och d‘Reprise an de Kompetenzzentren e vollen Erfolleg gëtt.

Illustratioun: Et soll bei de jéngste verstäerkt op Aktivitéiten am Fräie gesat ginn, firwat och eis Spillplazen nees kënne reaktivéiert ginn. Mee och hei musse gewësse Reegele respektéiert ginn. Kleng Gruppen an eppes Abousse bei der Fräizäitgestaltung bleiwe leider net aus. © Aaron Burden / unsplash

Related topics Bildung, Covid19, Educatiounsminister, Kanner, Pandemie, Schoul, Schoulunterrecht
Next post Previous post