Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir méi Beweegungsfräiheet an der EU
Neiegkeeten

Fir méi Beweegungsfräiheet an der EU

Bei enger Videokonferenz vun den europäeschen Ausseministeren vun den däitschen

D‘Graf vum onbekannten Zaldot zu Paräis
Neiegkeeten

D‘Graf vum onbekannten Zaldot zu Paräis

D‘Graf vum onbekannten Zaldot, bei deem sech um haidege Sonndeg,

Déi grouss politesch Erausfuerderunge fir 2018
Neiegkeeten

Déi grouss politesch Erausfuerderunge fir 2018

Ofgesinn datt 2018 Chamberwahlen ustinn, gëtt et fir d‘Regierung nach

Vu Muffeljuegd zu Hetzjuegd op de soziale Medien

Vu Muffeljuegd zu Hetzjuegd op de soziale Medien

Scho wäit am viraus ass déi ominéis Juegd vum 29. Februar 2020 op de soziale Medien ugekënnegt an als manipulativ Waff genotzt ginn. Wa Facebook zum neie Wikipedia gëtt, an natierlech näischt anescht wéi déi absolut Wourecht presentéiert, ka sech ee Manktem un Informatioune schnell emol vu Rumeuren zur Hetzjuegd géint een Acteur entwéckelen.

Fir d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg ass déi rout Linn iwwerschratt: Et geet duer mat den Hetzkommentaren op Facebook an esou huet d’Politikerin vun déi Gréng elo eng Plainte agereecht. D’Juegd vum 29. Februar ass konform zu de Virgaben ugefrot, accordéiert an am viraus och ugekënnegt ginn. Datt et sech heibäi – entgéint verschiddenen Aussoen op Facebook, et hätt sech ëm eng konkret vun der Ministesch ugefuerdert administrativ Juegd eleng op Muffelen – ëm een Akt vu 5 private Jeeër an hiren Invitéen op Wëld a Muffelen gehandelt huet, gouf net annoncéiert.

Muffel

D’Piratepartei, wéi och Give Us A Voice Lëtzebuerg, eng lokal Déiereschutzorganisatioun ënnert der Presidentschaft vum Immobiliersagent a Member vun de Piraten Daniel Frères, hu mat hire Beiträg vun „Ofmetzelen“, „Ausrottung“ an „Ëmbrénge vun onschëllegen Déieren“ geschwat. Hir Lieser, déi all mat Häerz fir d’Déiere bei der Saach sinn, wollten dem Opruff nogoen an hu sech fatzeg iwwert d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an déi Gréng ausgelooss. D’Associatioun geet dobäi esou wäit, net nëmmen d’Eenzelpersoun an d’Partei, mee och all d’Wieler vun de Gréngen unzefeinden.

Muffel

Et notzt een d’Kraaft vu léiwen Déierebiller an och Texter aus der Siicht vum Muffel. Mat „der Anonymitéit vum Internet“ – et ass jo net esou, wéi wann ee Persounen zeréck verfollege kéint – hu verschidde Facebook-Notzer et esou wäit gedriwwen, hefteg Beleidegungen a souguer Mordopriff géigeniwwer der Ministesch ze äusseren. Ma geet et dann nach?

Muffel

Natierlech suergt d’Zukunft vum Muffel fir vill Diskussiounsstoff. Meenungsverschiddenheete ginn et iwwerall, allerdéngs sollt „eng Debatt net op Grondlag vu Falschinformatioune gefouert ginn“, erkläert d’Carole Dieschbourg. „Mir brauchen eng gesond Diskussiounskultur ouni Menacen an ouni Dérapage.“

Fakte kloerstellen

Zënter de 70er Jore gëtt de Muffel geschoss, mee eréischt elo schéngt et d’Bevëlkerung ze interesséieren. Kuckt een d’Statistik vum Rapport vun der Natur- a Bëschverwaltung zur Juegd, esou ass am Joer 2005/2006 een Héichpunkt mat bal 200 erluechten Déieren erreecht ginn. An de Joren duerno leien d’Zuele bei tëscht 50 an 150 geschosse Muffelen. Datt beispillsweis och de Wäschbier, als net heemescht Déier, säit 2011 (ëm 610 geschossen Individuen) gejot ginn, ass net vu grousser Bedeitung.

Muffel

Et sollt engem och bewosst sinn, datt dëst Wëllschof, wat eigentlech aus Korsika a Sardinien kënnt, u Gebiergslandschaften ugepasst ass. Um fielsegen Ënnergrond sollen sech d’Houfen ofnotzen, wat zu Lëtzebuerg net méiglech ass. Aus dësem Grond kënnt et bei enger Villzuel u Muffelen zu katastrophalen Deformatiounen. D’Déiere ginn an hirer Beweegung ageschränkt, hu Péng beim lafen. Fält dat net ënner Déierequälerei?

Ma, komme mir och nach zur Ausso „da fänkt se an“. De Muffel zeréck a säin Ursprongsland ze bréngen ass, den Autoritéiten no, keng Optioun. Länner wéi Korsika leenen d’Lëtzebuerger Déiere bewosst of, wëll si déi genetesch Integritéit vun hirem Muffel schütze wëllen. National a regional Déiereparke kënnen, wann iwwerhaapt, just eng begrenzt Stéckzuel ophuelen. Dëse Schrëtt geet mat administrative, logisteschen a finanziellen Erausfuerderungen anhir. Anescht gesot: Et feelt och u Plaz.

D’Piraten distanzéiere sech

An hirem Communiqué vum 4. Mäerz 2020 hunn d’Pirate matgedeelt, datt si sech vun den Haasskommentaren op de sozialen Netzwierker distanzéieren a sech géint de Virworf vun der Verbreedung vu Falschinformatiounen am Kontext vun der Muffelproblematik distanzéieren. D’Partei géif a reegelméissegen Ofstänn d’Kommentare vun de Benotzer op de soziale Medie préiwen, Haassopriff filteren a läschen.

Ee Kommentar

Schreift een op de soziale Medien iwwert esou ee sensibelt Thema, wéi d’Juegd, ass ee sech bewosst, datt staark Reaktioune follege wäerten. Datt et op Facebook duerch dëse Fait, wéi och d’Ongenauegkeet un Informatiounen, zu enger Aart Opstand géint déi Gréng an d’Ëmweltministesch komme wäert, hätt ee kënne virausgesinn. Et huet ee sech nu emol déi Detailer erausgepickt, déi bewosst fir Gespréichsstoff an der Gemeinschaft suergen, se erausposaunt an elo wëll ee sech vun den negative Reaktiounen distanzéieren?

Schliisslech war et d’Partei vun de Piraten, déi sech op een Niveau erofgelooss hunn, wou souguer ee Video mam Titel „RIP Mouffelen“, der Ministesch als James Bond mat Waff, engem Schéissspill géint d’Déieren an der Ausso „Stop Carole“ verëffentlecht ginn ass.

Muffel

Et muss ee leider soen, datt an dësem Fall d’Absence vun noutwennegen Detailer zu enger Well gefouert huet, op déi ëmmer méi Persounen opgespronge sinn a sech schnell emol géint een Acteur gewannt hunn, ouni sech de Konsequenze bewosst ze sinn. Jo, de Ministère kéint heizou méi Informatiounen oppe leeën, an awer wëll een eréischt Detailer verëffentlechen, wa Kloerheet am Fall herrscht.

Wéi een et mécht, schéngt et falsch ze sinn. Paradox ass allerdéngs och, datt sech zuelräich Notzer vun de soziale Medien duerch d’Juegd op Muffelen an Opreegung versetze loossen, bei anere Juegten allerdéngs eng Aart Gläichgëltegkeet opkënnt . Ass et net widderspréchlech, sech op den Niveau vun engem Déiereschützer ze erhiewen, gläichzäiteg awer dat ganzt Joer iwwer Fleesch – beschtefalls och nach ee Bëllegproduit aus dem Ausland – ze konsuméieren? Wou läit den Ënnerscheed tëscht Rand, Schwäin a Muffel? A wat géift Dir als plausibel Léisung virschloen?

 Opmaacherfoto © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Déiereschutz, Facebook, Falsch Informatiounen, Give Us A Voice, Hetzjuegd, Iechternach, Juegd, Muffel, Piraten, Plainte
Nächsten Artikel Virrechten Artikel