Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem Premier seng Ried iwwert d’Lag vun der Natioun war e Verrot un de Jonken!
tagline for dating profile cool male usernames for dating sites

https://moien.lu/social-dating-sites-in-philippines/

E Wuesstemsmodell, deen u seng Grenze stéisst, Logementspräisser, déi d’Grenz

100 free dating site in netherlands
tagline for dating profile cool male usernames for dating sites

What the Fakt – Dänemark erlaabt säit 1989 d’agedroe Partnerschaft fir Homosexueller

D’Skandinavier waren eis jo schonn ëmmer am viraus. Mee wousst

Ee schlumpfege Gebuertsdag – déi blo Kultfigure gi 60 Joer al
tagline for dating profile cool male usernames for dating sites

Ee schlumpfege Gebuertsdag – déi blo Kultfigure gi 60 Joer al

Den 23. Oktober 1958 ass d’Gebuertsstonn vun de Schlumpfen, deemools

Editorial: Fir eng multikulturell Politik

Editorial: Fir eng multikulturell Politik

D‘ASTI féiert am November säi 40 Gebuertsdag an do ass et selbstverständlech, datt et eppes méi Opmierksamkeet net vu Muttwëll ka sinn. Der Associatioun hiren onermiddlechen Asaz fir d‘Migranten (an och d‘Flüchtlingen) ass wäertvoll an huet och säi Beitrag zum soziale Fridden am Land geleescht. Mat engem grousse Fest, Konferenzen a soss Aktivitéite soll dat zelebréiert ginn.

Wouriwwer sech d‘ASTI elo Grond beschwéiert, ass de Fait datt eis friemlännesch Matbierger sech dierfe mat hirer Aarbechtskraaft fir d‘Wuel vum Land asetzen, awer net selwer aktiv u politeschen Entscheedunge matwierke kënnen. An Tatsächlech ass dat wat een als „Stacklëtzebuerger“ gesäit eng „Minoritéit“ déi sech mat hirem politesche Choix iwwert d‘Käpp vun aneren ewechsetzt.

Et ass also legitim d‘Integratioun net eleng an der Aarbechts- a Kulturwelt ze fuerderen, mee och ze verlaangen, datt een sech ëmfaassend um politesche Liewe bedeelege kann. Et sollt ee folglech och dierfe Buergermeeschter, Deputéierte a firwat net Premierminister kënne ginn. Dat setzt viraus datt een sech iwwert d‘Sproochebarrièren ewechsetzt. An der Belsch ass Politik jo och dräisproocheg…

Woubäi ganz esou einfach ass dann awer net. Woubäi et natierlech de Lëtzebuerger ass, deen dat alles wëll verhënneren, wann een sech op „indirekt“ berifft. Am Prinzip ass et esou, datt d‘ASTI – déi duerchaus zum Apprentissage vun eiser Sprooch animéiert – déi politesch Bedeelegung dann als effektiv betruecht, wann de politesche Prozess u sech a franséischer Sprooch géif vollzu ginn.

Schliisslech kann all Stacklëtzebuerger déi 3 administrativ genotzte Sproochen däitsch, franséisch a lëtzebuergesch. Do wier et jo och kee Beebroch, wann ee sech kéint drop eenegen datt an der Politik d‘Verkéierssprooch franséisch wier. Dat géif eng reell politesch Participatioun an d‘Integratioun fërderen. Schliisslech huet sech dat franséischt als Verkéierssprooch „wirtschaftlech“ etabléiert.

A wann ee sech elo schwéier virstelle kann, datt e Gemengerot oder déi ëffentlech Sëtzungen an der Chamber a franséischer Sprooch géifen ofgehale ginn, esou géif et méi Mënschen erlaben sech um politesche Liewen an der politescher Gestaltung vum Land ze bedeelegen. Stellt sech dann awer d‘Fro, op de Lëtzebuerger derzou bereet ass a wat et fir eis politesch Souveränitéit géif bedeiten.

Woubäi et a gewësser Mooss jo och vun der Regierung zimlech inkonsequent ass, op där enger Säit déi Lëtzebuerger Sprooch mëttels Gesetz an engem Sproochekommissär ze fërderen, déi et awer bis haut net ronn bruecht huet, lëtzebuergesch als Sprooch an Europa ze etabléieren. Dofir misst ee jo och e Bréif, also eng Demande bei der Kommissioun areechen, wat bis haut net geschitt ass.

Stellt also och d‘Fro wéi eescht et der Regierung ass, lëtzebuergesch als eis Nationalsprooch esou ze festegen, datt hire Stellewäert och international unerkannt gëtt. Fir eis frankophon Matbierger a Grenzgänger jiddefalls ass déi offiziell Sprooch hei am Land franséisch. Fir de lëtzebuergesche Konsument eigentlech och, dee benotzt schliisslech scho reflexaarteg dat franséischt fir anzekafen.

Ähnlech Sujeten ASTI, Franséisch, Integratioun, Multikulturell, Politik, Sprooch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel