De Gilles Leyers ass beschte Pilot beim Lëtzebuerger Karting-Championnat zu Mirecourt
Am Kader vum Championnat vun der „Ligue Karting Grand Est“
Am Kader vum Championnat vun der „Ligue Karting Grand Est“
Well et einfach net nei ze erdroen ass, datt ëmmer
Wéi all Joers, esou huet d‘Police och dës Joer nees
De Multiplica Festival hat schonn a sengen éischten Editioune groussen Succès. Deemools wollten si der Ëffentlechkeet d’Potenzial vun der Digitaliséierung méi no bréngen a weisen, wéi faszinant déi ënnerschiddlech Wierker kënne sinn.
Elo wëll Multiplica e bësse méi wéi eng Vitrinn sinn. 2021 soll iwwert digital Technologien debattéiert a reflektéiert ginn. Den Agenda erlaabt et de Veranstalter besser ob dës, nach onsécher Gesondheetssituatioun ze reagéieren.
Ausserdeem géingen sech esou nei Méiglechkeete fir déi ausgewielten Themen opdoen, huet den Yves Conrady erkläert. Hien ass dofir zoustänneg, datt alles uerdentlech iwwert d’Bühn geet. „Mir wäerten an eiser Reflexioun iwwer Verännerungen am gesellschaftleche Verhalen an am Zesummenhang mat Technologie méi wäit kënne goen.“
Dëst Gedankespill fänkt beim Mënsch selwer un an hält bei den Auswierkungen op d’Ëmwelt op.
Den éischte Rendezvous ass vum 26. bis den 28. Februar. Wärend dësem Weekend dréit sech villes ëm sozial Medien. D’Ëffentlechkeet mécht Bekanntschaft mat den zwou Installatiounen vum belsche Kënschtler Dries Depoorter. Do wäerten sech Froen zu der Iwwerwaachung stellen.
Eenzegaarteg gëtt et och beim Ryoichi Kurokawa. De japanesche Kënschtler suergt fir eng sensoresch Erfarung bei engem audiovisuelle Concert. Do gëtt een dach virwëtzeg, oder?
Weider geet et mam däitsche Produzent Frieder Nagel. Wann et u sengem Tour ass, presentéiert hien seng rezent EP The Arrival. An dat an neier Form, mat visuelle Kreatioune vum franséischen Artist Maotik.
Bei dëser Editioun vum Multipilca Festival soll d’Faszinatioun mat den Hänn gräifbar gemaach ginn an d’Ëffentlechkeet dozou bréngen, sech méi kritesch mat Technologie auserneen ze setzen. Wann ee bis hannert de Mysterium komm ass, gëtt e méi einfach ze verstoen, an dat egal ob et fir kënschtleresch Zwecker oder biergerlecht Engagement gemengt ass.
Ëm biergerlecht Engagement geet et och an La Forêt de Hambach a Sublime Technologique vum Joanie Lemercier. An dëser Installatioun gëtt e Sprong an en Naturschatz gewot – déi gréisste Kueleminn huet bestëmmt villes ze erzielen. Klimawandel, ursprénglech Schéinheet a Mobilitéitskapassitéit si Stéchwierder, déi de Bierger zum Handele beweege sollen.
Weider konkret Moossname gi wärend engem Edit-athon ergraff. Zil dovunner ass et, Wikipedia zu enger gläichberechtegter Plattform ze maachen. Duerch d’Schreiwe vun neien Artikel an Ännerunge vun existente Bäiträg kréien Afro-Nokommen déi Siichtbarkeet, déi hinnen eigentlech misst zoustoen.
Dir gesitt, et ass nawell vill lass an de Rotondes. Virwëtzeg ginn? Da kuckt laanscht op multiplica.lu.