Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt
Kultur Stories

Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt

Ëmmer wann s e mengt, datt Nintendo eng schlicht fuerchtbar

Editorial: D’digital Zukunft suergt fir Bauchwéi
Kultur Stories

Editorial: D’digital Zukunft suergt fir Bauchwéi

Lëtzebuerg deet sech mat der Digitaliséierung schwéier. Sou vill ass

angry
Pestiziden solle Parkinson-Krankheet ausléisen an net nëmmen d‘Baueren si betraff
Kultur Stories

Pestiziden solle Parkinson-Krankheet ausléisen an net nëmmen d‘Baueren si betraff

Pestizide solle Parkinson ausléise kënnen. Eng Etüd, déi haut verëffentlecht

Muse = Mute

D'Fra als stommen Schlëssel zum artistesche Genie

Muse = Mute

Eng Muse ass Inspiratioun. Si steet hannert der Iddi, déi e Gedicht schreift oder eng Melodie séngt. D’Welt vun der Konscht ass ofhängeg vun den Musen. Et ass eng Éier, engem Artist seng Muse ze sinn. Wéi dem Salvador Dali seng Fra Gala gi Musen oft zelebréiert. Allerdéngs just als Sujet vum Artist.

Muse kréien den Titel vun ‘Inspiratioun’, mee net méi wei dat. Mir wëssen wei Musen ausgesinn, mee net wat si selwer kënnen. Si sinn de Sujet vu Lidder, Portraiten an Geschichten. Mee wat denke si? Wat wëlle si? Si si och Kënschtler? Den Numm Claudine Claudel kenne mer als dem Auguste Rodin seng Schülerin an Inspiratioun, mee hir Konscht ass quasi obskur.

Sinn Musen da just Maîtressen?

Wisou hu sech dës Fraen dann un Artisten gebonnen? Wor et just wéinst Léift oder wéinst Geld? Oder well des Männer selwer inspiréierent waren?

Historesch hu Fraen keen esou en einfacher Accès un akademesch a intellektuell Sourcen, ewéi Männer. Am Joer 1929, huet d’Virginia Woolf exposéiert, datt de Mangel un materieller Onofhängegkeet artistesch Frae behënnert. D’ekonomesch esou wéi rassistesch Ënnerdréckung ass nach eng weider Hürde fir d‘Women of Colour.

Do geséit een dann, wéi di komplex Relatioun tëschent Gender, Rass a Karriär sech ob Kenschler_innen auswierkt. Fir Respekt an der Konschtwelt ze kréien, war d’Gesellschaft vu Männer oft den eenzege Wee.

Den Titel vun ‘Muse’ erstéckt hir Stëmm

D‘Roll vun der Muse ass virun allem eng stomm. Si ass just en Outil fir de Genie, deen hien an sech huet, ze liberéieren. Eng Muse soll sech geéiert fillen, datt si erausgesicht ginn ass! Allerdéngs gëtt hier Contributioun op hir Schéinheet reduzéiert. Domatten ass si aus der Conversatioun ausgeschloss an hir Stëmm ass ausgeläscht. Inspiratioun, gëtt hir zougeschriwwen, awer weder Contributioun nach Erkenntnes. Wéi den Tableau gëtt si just vun enger Säit gesinn.

Inspiratioun, mee kee Respekt?

Wann en Artist, enger Fra den Status vun Muse gëtt, dann gëtt si Material vun sengem Genie. Oft ass et och eng Excuse, fir Fraen mat minimalem Respekt ze behandelen. De Picasso huet ville Fraen d’Liewen schwéier gemaach, an dat alles am Numm vun senger Konscht! Des Artiste schwäerme villäicht vun hiren Musen, mee dat ass just d’Intellektualiséierung vun hirer eegener Iwwerflächlechkeet. Dat eenzegt wat vun dëse Fraen iwwereg bleift, ass hiert Gesicht, an engem Portrait veréiwegt.

Ähnlech Sujeten Feminismus, Konscht, Kultur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    3

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0