Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Ass den ADR an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm?
Kultur Neiegkeeten

Ass den ADR an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm?

Um Freideg huet déi politesch Wahlkoalitioun vun ADR a Wee

Landwirtschaft- a Fëschereiminister aus der EU zenséieren den Internet
Kultur Neiegkeeten

Landwirtschaft- a Fëschereiminister aus der EU zenséieren den Internet

Et war an ass e „krätzege“ Vott deen d‘EU Landwirtschaftsminister

Immigratioun zu Lëtzebuerg, erkläert
Kultur Neiegkeeten

Immigratioun zu Lëtzebuerg, erkläert

Beim Begrëff Eng-Millioun-Awunner-Staat kritt muencheree Panik: domatter wier d’Land voll,

Musek fir jiddereen – ee soziale Pilotprojet zu Déifferdeng!

Musek fir jiddereen – ee soziale Pilotprojet zu Déifferdeng!

Gëschter ass am ale Stadhaus vun der Gemeng Déifferdeng de Pilotprojet Musek fir jiddereen virgestallt ginn. Ab der Rentrée 2019 ka jiddwereen – egal ob grouss oder kleng, mat Aschränkung oder spezielle Bedierfnisser – d’Musek als Ausdrocksmëttel erliewen, selwer schafen an esou verbuerge Säiten erausloossen.

Zënter 10 Joer setzt sech d’Fondatioun EME dofir an, mat Atelieren a Workshoppen ALL Mënschen zesummen ze bréngen. Oft ginn nämlech bestëmmt Persounegruppen dru gehënnert, un de kulturellen Offere vun eisem Land deelzehuelen. Bei der individueller musikalescher Bildung gesäit et ähnlech aus: An de Museksschoulen existéiert keng dauerhaft Offer, déi Leit mat spezielle Bedierfnisser gerecht gëtt.

An esou ass d’Gemeng an d’Museksschoul zu Déifferdeng eng Kooperatioun mat der Fondatioun EME agaangen, fir dëse soziale Pilotprojet an d’Liewen ze ruffen, sou datt – wéi den Numm et scho seet – jiddwereen um Museksschoul- a Veräinsliewen a Form vun Inklusioun deelhuele kann.

Als Virreider huet de Süde vum Land agesinn, datt Musek op all Mënsch positiv Auswierkungen huet, wéi beispillsweis op déi auditiv a kierperlech Perceptioun. Sech mat engem Instrument an/oder enger Grupp identifizéieren ze kenne bitt Ausdrocksméiglechkeeten a fërdert déi sozial Kompetenzen.

D’Recht op kulturell Bildung ass ee Grondrecht, wouduerch ee mat dësem Projet och Persoune mat Beanträchtegungen Dieren opmaache wëll. Esou hofft een, datt och aner Gemengen dësem Virbild noginn an dat néidegt Feingefill weisen, fir ähnlech Offeren opzestellen.

Musek fir jiddereen

D’Monique Kellen bei der Presentatioun vum Projet © Shari Pleimelding/moien.lu

Sympathesch, sozial an talentéiert!

Mat der konkreter Iddi fir dësen Inklusiounsprojet ass d’Monique Kellen komm. Wärend sengem Studium un der HKB Bern ass der musikalescher Fra opgefall, wéi wéineg Offeren am Beräich vun der Musek fir Persoune mat Aschränkungen oder spezielle Bedierfnisser zu Lëtzebuerg bestinn. Wat an der Schwäiz als ganz normal gëllt, gëtt bei eis duerch Beréierungsangscht nach ëmmer verdrängt.

Esou huet d’Monique Kellen sech een Häerz gefaasst an zesumme mat engem Professer vun der Universitéit, dee selwer schonn ähnlech Projeten entwéckelt huet an doduerch déi néideg Erfarung huet, de Schrëtt op internationalen Terrain gewot. D’Héichschoul ënnerstëtzt den Inklusiounsprojet dann och esou wäit et méiglech ass.

No dem musikalesche Studium, wouduerch si Instrumenter wéi Trombonn, Bass, Euphonium, Cello a Piano beherrscht, a weideren Etüden a Formatiounen, fir iwwerhaapt mat Persoune mat Handicap schaffen ze dierfen, steet elo den Datum fest: D’Aschreiwunge sinn ab elo op, sou datt een ab der Rentrée 19/20 eng nei Etapp ugoe kann.

An enger éischter Phas wëll ee kucken, wou d’Talenter an d’Kompetenze leien. Uschléissend kënnen d’Schüler mat vill Sensibilitéit, Wëssen a Gedold vun hirer Proff de musikalesche Wee aschloen. D’Monique Kellen selwer erhofft sech, datt een 3 bis 4 Gruppen zesumme kritt, an awer kann ee sech elo schonn denken, datt de Succès immens wäert sinn an d’Museksschoul eventuell esouguer mat Ufroen iwwerheeft gëtt.

Ähnlech Sujeten Déifferdeng, Fondation EME, Inklusioun, Monique Kellen, Musek fir jiddereen, Pilotprojet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel