Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Politik: Paritéit mécht Sënn, mee den demokratesche Prozess steet driwwer
example of dating headline profile

Politik: Paritéit mécht Sënn, mee den demokratesche Prozess steet driwwer

Fir d‘Femmes Socialistes schéngt d‘Welt vun Dag zu Dag besser

dating the gospels
example of dating headline profile

world best dating site for free

Di mannsten Deputéiert zu Lëtzebuerg hunn nëmmen eng politesch Karriär.

Vill Doudeger a Blesséierter béi Selbstmordattentater am Nigeria
example of dating headline profile

Vill Doudeger a Blesséierter béi Selbstmordattentater am Nigeria

An engem Flüchtlingslager zu Mandarari am Nordoste vum Nigeria, hunn

Zefridde Wënzer an eng räichhalteg Wäilies – De Bilan vun dësem Joer

Zefridde Wënzer an eng räichhalteg Wäilies – De Bilan vun dësem Joer

D’Lëtzebuerger Biowënzer freeën sech iwwert hir héich qualitativ Lies. No engem Wäijoer am Schnellduechlaf koum et zu engem fréie Start vun der Wäilies.

Dëse Summer war vun Hëtzt gepräägt, wat jo op den éischte Bléck positiv fir d’Wënzer schéngt. Duerch hir déif Wuerzele leiden d’Riewen net esou staark ënnert der Dréchent, wéi beispillsweis Geméis a Kar. Trotzdeem hunn d’Wënzer vill misse wässeren, well déi jonk Wäiriewen nach keng sou ausgebilde Wuerzelen hunn.

Zu Lëtzebuerg ass Bewässerung beim Wäibau net sou verbreet, duerch de Reen am Summer. Dëst Joer koumen d’Nidderschléi awer vill ze seelen a wann, dann a Form vu staarkem Reen. An der empfindlecher Phas vun der Riewbléi konnten Trakteren d’Wäibierger dofir net gutt befueren.

Vereenzelt Wiedere waren zudeem mat Knëppelsteng verbonnen, déi d’Drauwe geschiedegt hunn. Hei haten d’Wënzer awer Gléck am Ongléck: Dréchent huet vill Schied „geheelt“, sou datt och un der Sauer eng gutt Lies gemaach konnt ginn.

D’Wierder vun dësem Summer huet, am Verglach zu de Jore virdrun, zu méi klengen Drauwe mat fester Haut an engem héijem Zockergehalt gefouert. Mee Zocker an den Drauwe seet wéineg iwwert d’Qualitéit vum spéidere Wäin aus. D’Bildung vun Aromavirstufen an enger entspriechender Saier stëmmen een harmonesche Wäin oder Crément eréischt richteg of.

Virun allem d’Biowënzer sinn dovun iwwerzeegt, datt d’Qualitéit um Wäibierg entsteet. Dofir notzen si d’Wierder fir d’Drauwe besonnesch laang ausräifen ze loossen. Fir frësche Wäisswäi mat moderatem Alkoholgehalt ass et wichteg, den optimalen Zäitpunkt vun der Lies net ze spéit ze wielen. Just esou bleift den typesche Charakter vum Muselwäin erhalen.

Vu Crément, iwwert ee kräftege Wäisswäin, bis hin zu engem gehaltvolle Routwäi mëscht dëse Joergang villes méiglech. 2018 bitt de Wënzer déi ideal Bedingunge fir d’Wënsch vu Wäikenner anzegoen.

Säit 1995 gëtt et zu Lëtzebuerg de biologesche Wäibau. Mëttlerweil wirtschaften 15 Betriber op 40 Hektar zertifizéiert biologesch, 13 Hektar sinn an der Ëmstellung op biologesch Bewirtschaftung. Dat mëscht 4% vun der gesamter Wäibaufläch aus.

Ähnlech Sujeten Bio, Crément, Musel, Routwäin, Wäin, Wäisswäin, Wënzer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel