Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

TGV kollidéiert mat Kéi – 20 Déiere stierwen!
International Neiegkeeten

https://moien.lu/zuko-and-katara-dating-fanfiction/

Um Samschdeg Nomëtteg ass et zu enger Kollisioun tëscht engem

what is radiometric dating methods
International Neiegkeeten

Algerien wiert sech géint e fënneft Mandat vum President Bouteflika

Datt sech den 82 järegen Abdelaziz Bouteflika, deen zanter engem

Salon Révélations zu Paräis – Ee Vernissage mat héijem Besuch!
International Neiegkeeten

Salon Révélations zu Paräis – Ee Vernissage mat héijem Besuch!

No enger éischter erfollegräicher Participatioun am Joer 2017 ass Lëtzebuerg

Griicheland: Nom déidleche Groussbrand, muss de Minister säin Hutt huelen

Griicheland: Nom déidleche Groussbrand, muss de Minister säin Hutt huelen

Beoptraagt mat der ëffentlecher Uerdnung an dem Zivilschutz, huet den Adjoint-Minister Nikos Toskas e Freideg säin Hutt geholl. Eng vun de Konsequenze vum Groussbrand an der Attika, wou d‘Stad Mati zerstéiert gouf an 88 Mënscheliewe gefuerdert huet.

„De Premierminister huet dem Här Toskas seng Demissioun ugeholl“, bestätegen d‘Servicer vum Alexis Tsipras an engem Communiqué. De Minister, dee säi Mandat zanter 2015 ausgeüübt huet, deelt mat, datt „de Verloscht vun esouvill Liewen zu Mati de Wonsch weiderzemaachen anihiléiert huet“. De Nikos Toskas hat déi lescht Woch ugekënnegt, dem Premierminister seng Kënnegung ugebueden ze hunn, déi hien zu dësem Zäitpunkt net wollt unhuelen.

An engem kuerze Communiqué, hunn d‘Servicer vum Premierminister e Freideg informéiert, datt dësen d‘Demissioun am Kader vun enger klenger Reunioun ugeholl huet. Heibäi huet den Alexis Tsipras dem Minister fir seng geleeschten Déngschter Merci gesot. De Beräich „Zivilschutz“ ass un den Inneminister Panos Skourletis iwwergaangen.

Ze vill Drock, net genuch Sanktiounen

Säit der leschter Woch, war den Drock op de Premierminister erhéicht ginn. Deem gëtt virgeworf, sech domatter offonnt ze hunn, déi „politesch Verantwortung“ fir dat schrecklecht Feier iwwerholl ze hunn. Him gëtt och virgeworf, keng Sanktiounen ausgeschwat ze hunn.

Bei dësem schreckleche Feier, dat op enger Kopp uewerhalb der Stad Mati ausgebrach ass an a kierzter Zäit déi ganz Ëmgéigend am Grëff hat, sinn 88 Mënsche verstuerwen, 40 sinn nach am Spidol, dovunner néng Persounen an engem kriteschen Zoustand. Eng Persoun gëtt nach vermësst.

D‘Oppositiounsparteien hunn d‘Geleeënheet genotzt, an drop higewisen, datt d‘Regierung versot huet, well d‘Awunner net genuch iwwert d‘Geforen informéiert gi wieren. Dobäi hätt ee misse wëssen datt heftege Wand d‘Feier verstäerkt, an een hätt missen Dispositiounen ergräife fir all déi Leit ze evakuéieren. D‘Oppositioun behaapt och nach, datt d‘Regierung versicht hätt, iwwer Stonnen ewech, d‘Ausmooss vun der Katastroph ze verstoppen.

Ze wéineg, ze spéit

Säitens der Regierung gëtt drop higewisen, datt Joerzéngtelaang an der Regioun illegal gebaut ginn ass, an dat eng vun den Haaptursaachen ass, firwat eng Flucht oder Evakuatioun, feelgeschloen ass. Den Ëmweltministère versprécht alles ofzerappe wat keng Geneemegung huet. Eng grondleeënd Moossnam fir ze verhënneren, datt esou eppes sech widderhëlt.

Säit der Katastroph stinn sech och d‘Servicer géinteniwwer. D‘Police an d‘Pompjeeën, déi bis ewell nach dem Nikos Toskas ënnerstallt waren, weisen sech géigesäiteg d‘Schold zou, fir d‘Feeler déi et beim Asaz ginn huet. Eng Gewerkschaft vun der Police beschëllegt d‘Pompjeeën, net séier genuch iwwert de genaue Standuert vum Feier informéiert ze hunn, firwat vill Automobilisten sech an d‘Gässele vu Mati engagéiert hätten, amplaz sech dovunner ewech ze maachen.

D‘Faschiste vun der „Neo Demokratia“, der gréisster Oppositiounspartei, sinn der Meenung, datt d‘Demissioun vum Nikos Toskas „eppes ze spéit kënnt“ an eigentlech och de Premierminister muss seng Kënnegung op den Dësch leeën.

Et muss jo iergendeen schëlleg sinn

D‘Famillje vun zwou Persounen déi am Feier ëmkomm sinn, hunn hirersäits eng Plainte géint d‘Autoritéiten deposéiert, deenen si Noléissegkeet a Gefährdung virwerfen. Juriste gesinn awer kaum Chance mat esou enger Plainte duerchzekommen, mee erhoffen sech Opklärung iwwert Ursaach a Kausalitéit.

E Freideg ass eng jonk Fra vu 35 Joer, déi schonn hire Bëbee am Feier verluer hat, un hire schwéiere Verbrennunge verstuerwen. Si ass datt bis ewell lescht Affer dat ze bekloen ass. Der Fra hire Mann, selwer Pompjee, war um Dag vun der Katastroph mobiliséiert fir géint d‘Feier virzegoen.

Gesäit ee kuerz vum „Horror“ of deen dës Katastroph ervirgeruff huet, ass nach ze ernimmen, datt dem Alexis Tsipras seng politesch Situatioun schwiereg ass. An dat am Kontext vun enger Kris déi no aacht Joer endlech op en Enn geet. Eigentlech sollt den 20. August e gudden Dag fir de Premierminister an d‘Regierung ginn. Mat der aktueller „Stëmmung“ schéngt dat a Fro gestallt.

mat AFP

Foto: De griichesche Minister fir ëffentlech Uerdnung an Zivilschutz, Nikos Toskas, huet e Freideg säi Mandat néiergeluecht. © Louisa Gouliamaki/AFP

Ähnlech Sujeten Alexis Tsipras, Griicheland, Groussbrand, Neo Demokratia, Nikos Toskas
Nächsten Artikel Virrechten Artikel