Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Dëse Kantons-Quiz entféiert dech an den déiwe Süden!
Neiegkeeten

Dëse Kantons-Quiz entféiert dech an den déiwe Süden!

De Kanton Esch-Uelzecht ass vun der Populatioun hier dee gréissten.

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)
Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)

Den Henri Losch mécht nees seng Schatzkëscht vun den Erënnerungen

US-President mat neier Provokatioun
Neiegkeeten

US-President mat neier Provokatioun

Mat der Fuerderung vum Donald Trump, déi europäesch Länner hätte

Muss sech d‘LSAP erneieren?

Muss sech d‘LSAP erneieren?

Bei de Chamberwahle vum leschte Sonndeg, huet net nëmmen d‘CSV „Plomme gelooss“, nee och bei de Sozialisten huet et zolidd gerabbelt. Dräi ganzer Mandater – dorënner dat vun der Ministesch Lydia Mutsch – sinn op der Streck bliwwen, an eng Damm hunn se och net mandatéiert kritt.

Net verwonnerlech, datt een op d‘Sich nom „Firwat“ ass. Bei eppes méi geneeëm Hikucken, muss een dierfe feststellen, datt et déi „eeler“ waren, déi d‘Resultat gerett hunn. Esou de Jean Asselborn, deen als Ausseminister e gudde Bilan virzeweisen huet. Hien huet 40.283 Eenzelstëmmen erhalen, an dat muss emol een him nomaachen. Mee och Chamberpresident Mars di Bartolomeo (27.310), den Inneminister Dan Kersch (21.441), de an de Fraktiounschef Alex Bodry, konnte Punkten.

Dat, esou wëll en onbeschriwwent Gesetz, war et dann awer mat de „gudde“ Nouvellen. D‘LSAP kritt, an d‘Zuele beleeën dat, säin Ofwäertstrend net an de Grëff. D‘Gemengewahle vun 2017 hunn et ugedeit, d‘Chamberwahle sinn nach just d‘Bestätegung dofir, datt d‘Sozialisten net iwwerzeegen.

Fir den Ament geet et ëm d‘Koalitioun

Mat 10 Mandater kann d‘LSAP der sougenannter „Gambia-Koalitioun“ eng zweet Legislaturperiod erméiglechen. Et sollt een dann och mengen, datt d‘Basis eng Weiderféierung begréisst, ass et dach esou méiglech, déi ugefaangen Dossieren och engem gudden Enn zouzeféieren. Et sollt een…

Elo ass Politik kee „Wonschconcert“, an wann een d‘Gejäiz vun der Basis iwwerhéiert, setzt ee sech enger Kritik aus, vun där et besser wier se géif „intern“ diskutéiert ginn. Elo verhält sech dann esou, datt déi „Basis“ aus der Deckung kënnt, an ëffentlech d‘Politik vun der Partei a Fro stellt. Déi werft der Parteispëtzt vir, zanter Éiwegkeeten déi selwecht Politik ze bedreiwen, net matzekréien datt d‘Gesellschaft am Wandel ass, an den Aarbechter sech ofgewannt huet.

Vun deem ausgoend, ass d‘Fuerderung no „Erneierung“ dat normaalst vun der Welt. Woubäi et eng bosseg ass, datt dës Fuerderung vum jéngste Member aus der Fayot-Dynastie ausgeschwat gëtt. Et ass keen anere wéi de Fränz Fayot deen op d‘tromm schléit, grad hie sollt et besser wëssen.

Emotiounen si schlecht wann se ëffentlech ginn

Hei muss een awer drop hiweisen, datt de jonke (Beruffs-)Politiker zwar nach als Drëttgewielte LSAP-Kandidat am Zentrum esou schlecht net ofgeschnidden huet, et allerdéngs net fir en Direktmandat duergaangen ass. De Fränz Fayot profitéiert dovunner, datt de Wirtschaftsminister a Vizepremier Etienne Schneider an d‘Regierung anzitt, fir um Krautmaart dierfen ze siegéieren.

Fir dem jonke Politiker seng „Kritik“ engem bessere Versteesdemech zouzeféieren, muss een d‘Auer eppes zréckdréinen. Zesumme mat néng anere Membere vun der JSL (Jonk Sozialiste Lëtzebuerg) hat hien an engem oppene Bréif vun der Partei d‘Erneierung verlaangt. Si wollte méi Jonker a méi Dammen op Plaze mat Verantwortung gesinn, e Generatiounswiessel erbäiféieren.

Gesäit een emol vum Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana of, ass et moer mat deene Kandidaten déi d‘Jugend solle representéieren. De Bouquet allerdéngs, datt ass d‘Feststellung, datt déi Partei, déi sech vehement fir eng Fraequot agesat huet, déi eenzeg Partei vun der Koalitioun ass, déi keng Fra an d‘Chamber erakritt huet. Dat muss engem ze denke ginn…

Ass et dem Wahlsystem geschëlt?

Schlecht Wahlresultater jäizen no Erklärung, Opklärung a Léisungen. Interessant dann, datt de jonke Fränz Fayot weder d‘Ausriichtung vun der LSAP-Politik oder de Wahlprogramm a Fro stellt. Hie gesäit – wéi d‘ADR – de Feeler beim Wahlsystem, net bei de sozialisteschen „Iddien“.

Elo ass d‘LSAP net déi eenzeg sozialistesch Partei an Europa déi kränkelt, et geet deene meeschten esou. Si géifen net méi iwwerzeegen, an de Gros vun de Problemer wieren Hausgemaach. Dozou kënnt, datt – zumindest ass dat dem Fränz Fayot seng Analyse – de Wieler der Usiicht ass, datt d‘LSAP eng „Aal-Häre-Partei“ ass, wou sech um Stull geklammert gëtt. D‘Erklärung ass méi simpel: déi sougenannten „al Hären“ kennt jiddereen, an de Wieler huet esou seng Gewunnechten.

Richteg ass dogéint, datt ee renitent ass, de Jonke Plaz ze maachen, se ze fërderen an no Vir ze bréngen. Och dat huet seng Ursaachen, an hei muss sech d‘LSAP d‘Fro gefale loossen, wéini een da gewëllt wier, der nächster Generatioun méi Gewiicht bäizemoossen? Et besteet Gespréichsbedarf.

Et sollt een net déi falsch Schlëss zéien

An dësem Kontext muss et dann erlaabt sinn, sech iwwert d‘Aart a Weis vun der Kommunikatioun ze wonneren. Esou den Optrëtt vum Stengeforter LSAP-Sektiounspresident Sammy Wagner op RTL – och e Signataire vum oppene Bréif – deen eng radikal Erneierung vun der Partei fuerdert.

Esou beschwéiert hien sech op der Tëlee ëffentlech iwwert de Fait, datt den Yves Cruchten zanter 2010 Generalsekretär, an de Parteipresident Claude Hagen zanter 2014 un der Parteispëtzt stinn. Et hätt een zanterhier all Wahle verluer, et wieren ëmmer nees Reforme versprach ginn, an et hätt och tatsächlech eppes wéi en „Dialog“ ginn, mee um Fong hätt sech näischt gedoen. Net ze vergiessen, datt de Sammy Wagner bedauert, datt et der LSAP et net méi geléngt lénks Wäerter ze vermëttelen.

Wat d‘Koalitiounsverhandlungen ugeet, esou ass de Fränz Fayot der Usiicht, datt et der LSAP gutt géif zu Gesiicht stoen, sech op Ministèren ze behaapten déi zur sozialistescher Ideologie passen: de Kultur- an den Educatiounsministère zum Beispill. A wat ass mam Aarbechts- a Sozialministère?

Méi sozial, dofir manner liberal?

Et misst een zudeem Uecht doen, dat de Koalitiounsprogramm net iwwerméisseg „liberal“ Zich erhält, esou de Jurist, deen der Usiicht ass, datt d‘Reiefolleg u sozialistesche Wirtschaftsminister dem Image vun der Partei geschuet hätt. Gënnt hien dem Etienne Schneider säi Mandat net?

Do gëtt et interessant, well ze bedenken ass, datt e Nationalkongress doriwwer entscheet op d‘LSAP der viraussiichtlecher Koalitioun mat DP an déi gréng zoustëmme muss. Realistesch Alternative gëtt eigentlech net, an no den uewen ugefouerte Grondsätz, dierft de Fränz Fayot enger Koalitioun mat der CSV net wuel gesënnt sinn. Dat géif jo da bedeiten, datt sollt de Koalitiounsprogramm ze liberal sinn, an d‘LSAP géif deem net zoustëmmen, si op der Oppositiounsbänk misste Plaz huelen.

Wou een dem Fränz Fayot dann nees Recht ka ginn, ass bei der Feststellung, datt sollt een déi offensichtlech Koalitioun agoen, een sech dës Kéier keen, awer guer kee Feeler leeschten dierf. Dozou gehéiert eendeiteg och d‘Ëmsetze vun enger verständlecher Sozialpolitik an der Erneierung.

Foto: De 46 Joer jonken Affekot an LSAP-Deputéierte kann sech mam Wahlresultat net zefridde ginn. Schold um „schlechten“ ofschneiden hunn déi „al Hären“ déi sech un hir Mandater klameren, eng offensichtlech „liberalistesch“ Politik, an d‘Feele vu jonke Gesiichter. © LSAP

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Erneierung, Fränz Fayot, JSL, Liberalismus, LSAP, Sammy Wagner, Sozialismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel