What the Fakt – Alles Guddes un d’Hayley Williams vu Paramore!
Een immens kreativen an talentéierte Kapp – mat orangen Hoer
Een immens kreativen an talentéierte Kapp – mat orangen Hoer
D‘SPD-Cheffin Saskia Esken hat ee „latente Rassismus bei der Police“
Et ass keng einfach Aufgab an och nach eng Erausfuerderung:
Schonn zanter dem Freideg sinn am Myanmar (fréier Burma) iwwert eng Millioun Mënsche vum Internet ofgetrennt. ONGen a Mënscherechtsorganisatioune protestéieren elo géint d‘Moossnam, déi sech op de Rakhaing-Staat begrenzt, a wou sech Separatisten a Militär säit Jore bekämpfen.
D‘Entscheedung ass e Freideg gefall. Ouni Virwarnung hunn d‘Autoritéiten de véier Operateuren den Uerder ginn all Zougang zu mobillen Déngschter ze ënnerbriechen. Eng Entscheedung déi sech op déi néng urban Zonen an de Regioune Rakhin an Chin (Oste vum Land) bezitt. D‘Festnetz fir den Telefon an SMSen, dat funktionéiert den Ament nach. ONGen, mee och d‘UNO si beonrouegt.
Gëschter huet d‘Yanghee Lee, UN-Sonnerberichterstatterin, matgedeelt, datt d‘Situatioun am Land sech zouspëtzt: „Ech hunn Angscht ëm d‘Zivilisten a fäerten, datt et hei zu schwéiere Verstéiss géint d‘Mënscherechter komme kann“. An der betraffener Regioun, wou sech Arméi a Rebellen zanter Jore géinteniwwer stinn, liewe ronn eng Millioun Mënschen. An d‘Arméi hëlt keng Récksiicht…
An de genannte Regiounen huet d‘Militär 2017 ugefaangen sech de Rohingya – eng moslemesch Minoritéit – ze entleedegen. Ronn 750.000 Rohingya sinn an de Bangladesch geflücht, fir dem sécheren Dout ze entgoen. D‘UN huet de Virfall och als Vëlkermord aktéiert. Mat der „Moossnam“, soll all Diffusioun vu méigleche Verbrieche säitens der Arméi, vu vireran verhënnert ginn.
Wann hei vun der selwechter Regioun rieds ass, an där och d‘Rohingya gelieft hunn, esou ass d‘Lag eng aner. De gréissten Deel vun der Regioun besteet aus Dschungel, an d‘Arméi vum Arakhan, eng buddhistesch Minoritéit verlaangt Autonomie. Dat wëll d‘Regierung net, an zanter Méint kënnt et verstäerkt zu Ausenanersetzungen tëscht de regulären Truppen an eben de Rebelle vum Arakhan.
Béid Lager werfen sech géigesäiteg „Iwwergrëff“ vir an Amnesty International hat virun engem Mount e Bericht virgeluecht, an deem vu Folter a Krichsverbrieche rieds gaangen ass. Leit géifen ouni Prozess higeriicht a willkürlech Verhaftunge wieren un der Dagesuerdnung. Zu New York um Sëtz vun de Vereenten Natiounen, gëtt ganz oppe vu Vëlkermord a Genozid geschwat.
D‘Ursaach fir de Konflikt ass net nëmme politesch motivéiert. Et ass wuel richteg, datt d‘Aung Suu Kyi – Friddensnobelpräis – Deel vun der Regierung ass, mee Muecht huet se keng. Verantwortung muss si awer iwwerhuelen. Dës Regioun un der Grenz zu Indien a Bangladesch, huet och en einfach wirtschaftleche Kontext, an un deem sinn nieft den Inder och d‘Chinesen zimlech interesséiert.
Am Rakhaing-Staat stinn eng Rei Projeten zur Debatte, déi der Regioun wirtschaftlech Virdeeler brénge kann. China wëll eng Ueleg-Pipeline duerch den Dschungel verleeën an Indien huet sech mat der Regierung vu Myanmar ob de Bau vun enger 300 Kilometer laanger Autobunn verstännegt. Déi indesch Arméi ënnerstëtzt dann och déi regulär Truppe vun der Myanmar-Regierung.
mat indymedia/bom/tpe
Bild: Sasin Tipchai