Generalstreik am Frankräich: Et ass nach net eriwwer!
Um grousse Streik géint d‘Rentereform hu sech laut der Police:
Um grousse Streik géint d‘Rentereform hu sech laut der Police:
Via Twitter huet d‘Buergermeeschtesch vu Washington D.C., d‘Muriel Bowser, verkënnt,
Dëse Weekend fënnt an der Kierch zu Hesper eng ganz
Grond fir dës rasant Hausse sinn déi verschidde Servicer, déi am Kontext vun der Pandemie digitaliséiert a verbessert gi sinn. Virun allem déi massiv Ufroe fir Covid-Tester fir d’Bevëlkerung a Reesend hunn d’Zuel an d’Luucht schéisse gelooss. Gutt datt ee sech beim CTIE schonn am vergaangene Joer drop virbereet huet, fir Rendez-Vousen iwwert MyGuichet.lu huelen ze kënnen.
Den delegéierte Minister fir Digitaliséierung, Marc Hansen huet dobäi d’Aarbecht an d’Ustrengunge vun de leschte Méint vun den Agente beim CTIE a MyGuichet.lu ënnerstrach. „Den CTIE huet eeschten Engagement an dëser Kriseperiod bewisen, fir esou de Bierger e schnellen an zouverlässege Service ze garantéieren. Ech soen allen Agente Merci. Och wann hir Aarbecht hannert de Kulissen ofleeft, war si immens wichteg fir déi schwiereg Situatioun ze meeschteren.“
Dat gesot, kann och net dobäi gefüügt ginn, datt d’Demarchen, déi näischt mat der sanitärer Kris ze dinn haten, ëm 17 % geklomme sinn. Enn September louch ee bei engem Total vu 430.000 Stéck.
Erkläre kann een dat duerch d’Tatsaach, datt MyGuichet.lu eng ëmmer méi räichhalteg Offer bitt an och ëmmer méi Unerkennung bei der Ëffentlechkeet fënnt. D’Resultater weisen dem Staat, datt ee gutt equipéiert ass, fir grouss Zuelen un Demanden ze geréieren. Bierger an Entreprisen kënnen iwwert déi geséchert Plattform hir Demanden a Formulairen verschécken.