Search

You may also like

Op Young- oder Oldtimer, zu Steesel ass ee glécklech ginn
Neiegkeeten

Op Young- oder Oldtimer, zu Steesel ass ee glécklech ginn

Um Sonndeg zu Steesel, beim Fräizäitzenter Norbert Melcher, war trotz

De Beetebuerger Laf am Zeeche vun der Erënnerung
Neiegkeeten

De Beetebuerger Laf am Zeeche vun der Erënnerung

Organiséiert vu „Spiridon 08 “, ass de Beetebuerger Laf de

„We are Equal“: D‘Stereotyppen iwwerwannen
Neiegkeeten

„We are Equal“: D‘Stereotyppen iwwerwannen

Et gëtt Mesuren déi Noutwenneg sinn an engem Awer ze

Chantier op der N10 ofgeschloss: Méi Sécherheet fir all Persoun am Verkéier

Chantier op der N10 ofgeschloss: Méi Sécherheet fir all Persoun am Verkéier

No wichtegen Aarbechten op der N10 ass säit e Freideg, de 25. September 2020 d’Strooss, déi d’Dosberbréck a Maarnich matenee verbënnt, elo nees fir den Trafic op. Duerch verschidde Grënn huet den Ufank vum Chantier ëmmer nees missen no hanne verréckelt ginn.

Et goufen nämlech Konflikter bei der Stroossesécherheet, sou wéi Restriktioune, well et sech ëm eng Naturschutzzon vun Natura 2000 handelt. Doduerch hu verschidden Etüden zur Risikobewäertung fir d’Flora an d’Fauna duerchgefouert misse ginn.

Ma, elo ass de Reamenagement vun der N10 ofgeschloss. Ganzer 4,22 Kilometer sinn nees befuerbar.

An dësem Kader sinn eng éischt Kéier de Kalrecycling in situ ugewant ginn. Fir d’Sécherheet ze garantéieren huet een d’Strooss op 6 Meter Breet erweidert, sou wéi weider Plaz fir Auszeschwenken an de Kéiere berécksiichtegt.

Fir d’Motarde sinn zousätzlech Markéierungen (wéi op der N25 an dem CR342) gesat ginn, fir hinnen eng zousätzlech Hëllef a Féierung ze bidde bei de Bremsmanöver, dem Anhale vun der Distanz, mee och fir Kollisiounen tëscht Auto- a Motofuerer ze reduzéieren.

D’Käschte vun den Aarbechte belafe sech op 4 Milliounen Euro.

Opmaacherfoto: © Stroossebauverwaltung

Related topics Breet, Chantier, Dosberbréck, Kalrecycling, Maarnech, Maarnich, N10, Sécherheet, Stroossebauverwaltung, Trafic
Next post Previous post