Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Scrubs“-Acteur Sam Lloyd no schwéierer Krankheet gestuerwen
Neiegkeeten

„Scrubs“-Acteur Sam Lloyd no schwéierer Krankheet gestuerwen

Och als bekannten Acteur bleift ee leider net viru liewensbedreeleche

Der Welt gréisste Fliger geet an d‘Lëft
Neiegkeeten

Der Welt gréisste Fliger geet an d‘Lëft

De Fliger vun der Firma „Stratolaunch“ mat der droleger Bezeechnung

Walfer: ee Weekend laang d‘Haaptstad vun der Literatur
Neiegkeeten

Walfer: ee Weekend laang d‘Haaptstad vun der Literatur

Et dierf ee vun de Walfer Bicherdeeg hale wat ee

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz

Entgéint der Ukënnegung vum Regierungsprogramm ass, an dëser Legislaturperiod, keen Denkmalschutzgesetz gestëmmt ginn.

Ee rezenten Tageblatt-Artikel erkläert „Aus dem Ëmfeld vum Kulturministère heescht et, datt d’Gesetz bewosst ausgebremst ginn ass – net nëmme vun der DP, mee och vun der gesamter Regierung. Och den Inneministère soll mat dem Argument vun der Gemengenautonomie alles blockéiert hunn. Donieft ass vun der Immobiliëbranche, déi strikt géint déi schützend Hand vum Staat ass, weider Drock opgebaut ginn“.

Ugesiichts vun dëse Behaaptungen, déi wuel aus féierende Kreesser vum Kulturministère kommen, gesinn sech déi Lénk an hirer Analys bestätegt, datt d’Bilanz vun der liberaler Regierung an der Kulturbeweegung einfach desastréis ass. Déi wichteg an ugekënnegt Reforme goufen net an Ugrëff geholl an de Regierungsprogramm kaum ëmgesat.

Amplaz huet DP ufanks wei een Elefant am Porzellangeschäft ronderëm gepotert an d’Ernennung vum Premierminister zum Kulturminister, mam Kultur- a Selbstverständnes vun engem Renaissancefürst, huet och net zur Besserung bäigedroen.

D’Regierung hat aner Prioritéiten. D’Kultur gouf, ënnert der DP-Féierung, zu engem schmocken Unhängsel vu finanzkräftege Lobbyisten degradéiert.

Eist Land an d’Mënschen, déi hei liewen, hunn méi verdéngt. Lëtzebuerg huet een enormt kulturellt Potential. Mir mussen et notzen an zu enger Kraaft maachen, déi alle Mënschen zougänglech ass. D’Kultur kéint wierklech zu enger strategescher Ressource vum Land ginn.

An der Zäit vum Bauboom , wou an eisen Dierfer a Stied al Bausubstanzen akut a Bedrängnes kommen, ass een neit Denkmalschutzgesetz onbedéngt noutwenneg. Nodeems d’Parlament d’Granada-Konventioun no 30 Joer endlech ratifizéiert huet, ass Lëtzebuerg verflicht, ee wëssenschaftlecht Inventar vun de Baukulturgidder opzestellen, ee rechtleche Schutzstatut dofir ze schafen an Veronstaltungen, Beschiedegungen an Zerstéierungen ze verhënneren.

No der Meenung vun déi Lénk missten national Instanze gestäerkt an d’Gemenge géint Partikularintressen a Schutz geholl ginn. Bis elo ass zevill Zäit a Richtung Denkmalschutz verluer gaangen. Dat ass net méi acceptabel!

Matgedeelt vun déi Lénk
Iwwersat aus dem Däitsche vum Shari Pleimelding

Ähnlech Sujeten déi lénk, Denkmalschutz, Kulturentwécklungsplang, Politik, Regierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel