Search

You may also like

New York: Eng Gay Pride géint den Trump
International Money Neiegkeeten

New York: Eng Gay Pride géint den Trump

Um Sonndeg hunn dausende Mënschen an engem Mier u Reebou-Fändelen

Et ass sech op héijem Niveau ausenanergesat ginn
International Money Neiegkeeten

Et ass sech op héijem Niveau ausenanergesat ginn

Fir déi jonk Lëtzebuerger Pilotin Zoe Knebler, war de leschte

Vu Brigangen an anere Gesellen
International Money Neiegkeeten

Vu Brigangen an anere Gesellen

D‘Chrëschtdeeg si fir d‘Police keng roueg Zäit, an esou dierften

money

Nach keen Hëllefspak a Siicht

Eng Réi Länner an der Unioun bréichten dréngend Hëllef, fir d‘Finanzlaascht vun der Pandemie gemeeschtert ze kréien. Zu dësem Zweck hu sech d‘EU-Finanzminister am Virtuelle Raum getraff.

Nach keen Hëllefspak a Siicht

No engem 16-stënnegen Diskussiounsmarathon, esou déi gutt Nouvelle, wier ee sech eigentlech am Bezuch op déi „drénglech Punkten“ eens… bis an engem. Ob Corona- oder Eurobonds, vläicht awer léiwer ESM? Ënnert wéi enge Konditiounen EURO-Länner sech mat Geld aus dem europäesche Rettungsfong kënnen andecken, doriwwer konnt sech erwaardungsgeméiss net verstännegt ginn.

Zu Berlin – wou ee sech vu vireran géint iergendeng Form vu Obligatiounen ausgeschwat huet – gëtt mam Fanger op déi bockeleg Hollänner gewisen. Laut dem däitsche Bundesfinanzminister Olaf Scholz, géif sech Den Haag queesch stellen. Richteg: d‘Hollänner wëllen d‘Kreditter un zolidd Konditioune verknäppen, an den „Demandeuren“ erhieflech Wirtschaftsreformen ofverlaangen.

Esou eppes ass, ënnert dem Gesiichtspunkt vun den Zwäng, déi sech aus de Folge vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Covid19, erginn, allerdéngs weder sënnvoll nach ziilféierend. Wann sech d‘EU-Finanzminister net op Krittären an Kaderbestëmmunge verstännegen, déi der aktueller Kris entspriechen, kann et net zum Konsens, deen erfuerderlech ass, kommen. Dat sinn d‘Fakten…

Fir deem elo ze begéinen, ass entscheet ginn, datt weider muss verhandelt ginn. Ee puer Länner solle „separat“ mat den Hollänner schwätzen an déi dovunner iwwerzeegen, hir Positioun nees ze iwwerdenken. An huele mir emol hunn dat géif geléngen, da kéint en Hëllefsprogramm an Héicht vu 500 Milliarden Euro op den Instanzewee bruecht an un ieweschter Stell of geseent ginn.

Wat ass am Hëllefspak dran?

  • Länner vun der EURO-Zon kéinte Kreditter mat engem Zënssaz vun 1% bis 2% beim europäesche Stabilitéitsmechanissem (ESM) ufroen;
  • déi europäesch Investitiounsbank (BEI) géif Kreditter fir Entreprisen an Héicht vu weideren 200 Milliarden Euro garantéieren;
  • d‘EU-Kommissioun géif zousätzlech ee Kredit-Fonds fir Kuerzaarbecht schafen, dee mat nach emol 100 Milliarden Euro dotéiert wier.

Onbeäntwert bliwwen ass d‘Fro, ob et europäesch Obligatioune brauch, fir eng modern Versioun vum Marschall-Plang op d‘Been ze stellen. Eng Äntwert déi dann awer vun der Aschätzung vun de jeeweilege Finanzminister ofhängeg ass, an deenen hir Usiichte ginn, dat ass kee Geheimnis ganz wäit ausenaner, wat nees vill mat der nationaler Politik an eegenen Interessen ze dinn huet.

Elo kann ee sech liefhaft virstellen, datt d‘EU-Kommissioun an d‘Vertrieder vun der europäescher Zentralbank, eppes Drock op d‘Finanzminister gemaach hunn, an hir Argumenter an der haiteger Sëtzung hir Wierkung entfale kënnen. Dës zwou Institutiounen hu virgerechent, datt déi annoncéiert 500 Milliarde wuel éischter net wäerten duergoen. Et sollt een hei mam dräifache Betrag rechnen.

Dat wieren dann awer 1.500 Milliarden Euro! An dat schéngt, wëll EU-Kommissioun an EZB ginn dovunner aus datt déi europäesch Wirtschaft am Krisekontext ëm 10% géif abriechen, nach eng ganz optimistesch Previsioun ze sinn. D‘Welthandelsorganisatioun (WTO) gesäit dësen Taux éischter bei 12%. An fir eng Richtung unzeginn, weltwäit soll d‘Wirtschaft bis zu 30% ofhuelen.

Ugesiichts dëse „Previsiounen“, vun deenen ee wéi gesot ausgeet, datt se virsiichteg optimistesch sinn, sollt ersiichtlech sinn, datt et wuel kaum eng Léisung gëtt, an där de Volet „Obligatiounen“ ausgeblend ka ginn. Elo sollen dann déi europäesch Finanzminister, esou wéi dat vun hire Cheffe gefuerdert ass, um haitegen Donneschdeg nach emol versichen sech op eng Linn ze eenegen…

mat indymedia/bru

Illustratioun: © MAK / unsplash

Related topics ESM, EU-Finanzminister, Eurobonds, Europa, Hëllefspak, Obligatiounen, Sanitär Kris
Next post Previous post