Search

You may also like

Déi verflixt 102
International Neiegkeeten WTF

Déi verflixt 102

Lëtzebuerg huet aktuell 102 Gemengen. A vue datt Wahlkampf ass,

Ladies Tattoo Convention 2018 – well Konscht net ëmmer un der Mauer hänke muss!
International Neiegkeeten WTF

Ladies Tattoo Convention 2018 – well Konscht net ëmmer un der Mauer hänke muss!

Um Weekend vum 6. a 7. Oktober hunn déi weiblech

What the Fakt – De Papp vum Max a Moritz verléisst eis fir ëmmer
International Neiegkeeten WTF

What the Fakt – De Papp vum Max a Moritz verléisst eis fir ëmmer

De Wilhelm Busch, däitsche Moler, Lyriker an Auteur ass och

surprise

Kënne mir Nordkorea mat dëse Sanktioune an de Grëff kréien?

Kënne mir Nordkorea mat dëse Sanktioune an de Grëff kréien?

Den UN-Sécherheetsrot huet um Méindeg eestëmmeg an op Initiative vun den USA, eng ganz Rëtsch weider Sanktioune géint Nordkorea geholl. Vun elo op direkt dierf Nordkorea keng Textilien méi exportéieren a sech mat Pëtrol oder Gas ze versuerge wäert och méi schwéier ginn.

Et ass déi aachte Serie u Mesuren déi vu China a Russland matgedroe ginn. Nordkorea soll esou fir säin Atomtest vum 3. September bestrooft ginn. Mat de Sanktioune wëll d‘UN am grousse ganzen de Regime vu Pyongyang zwénge, säi Rëschtungsprogramm, de nukleare wéi och de konventionellen, opzeginn.

Déck zefridden

Fir d‘USA, Groussbritannien, Italien oder Frankräich, ass déi Resolutioun vum Méindeg zolidd an ausgeglach. Se erméiglecht de Vereenten Natiounen hir Eenheet an Determinatioun ze weisen. „Mir sichen net de Krich“, huet d‘US-Ambassadrice Nikki Haley verséchert. Dobäi hat si d‘läscht Woch nach gemengt, datt „Pyongyang dat nëmmen wëll“.

Südkorea huet d‘Resolutioun begréisst an se eng „streng Warnung“ fir Pyongyang genannt. „Nordkorea muss verstoen, datt eenzeg den Abschid vum Atomprogramm dem Land Sécherheet a wirtschaftlech Entwécklung garantéiert“, esou Seoul an engem Communiqué.

Och zu Tokio ass d‘Entscheedung vum UN-Sécherheetsrot begréisst ginn. De Shinzo Abe, Premierminister vu Japan huet sech erfreet gewisen, datt d‘Resolutioun schnell a vereent ugeholl ginn ass. „Déi international Communautéit muss den Drock op Nordkorea op e Niveau bréngen, deen et nach net ginn huet. Dat Land muss gezwonge ginn seng Politik ëmzestellen“, esou de Communiqué.

Ëmmer mat der Rou

Den éischten Entworf vun den Amerikaner, dee leschte Mëttwoch verëffentlecht gi war, huet „maximal“ Fuerderungen enthalen. Den Embargo op Pëtrol, Pëtrolsproduiten a Gas sollt vollstänneg sinn. Zudeem sollten all d‘Nordkoreaner am Ausland an hir Heemescht zréckgeschéckt ginn. Et wieren dat ronn 93.000 Persounen, laut Washington.

Zudeem sollen dem Kim Jong-Un seng Compte agefruer ginn, an et alle Länner ënnersot sinn nordkoreanesch Textilien ze importéieren. Virgesi war an dësem éischten Text och, all d‘Schëffer vun deenen ugeholl géif ginn, datt se géint d‘UN-Resolutioune verstoussen, mat aller néideger Gewalt ze duerchsichen.

Hei war dann awer d‘Rechnung ouni de Wiert gemaach ginn, a fir d‘Zoustëmmung vu China a Russland ze kréien, hunn d‘USA misse Waasser an hire Wäi schëdden. Den Embargo op de Gas konnt awer duerchgesat ginn.

Beim Pëtrol ass de Verkaf op 500.000 Barrel während dräi Méint beschränkt (vum 1. Oktober bis Enn Dezember). Ab dem 1. Januar ass d‘Beschränkung op 2 Millioune Barrel fir d‘Dauer vun zwielef Méint festgeluecht ginn. Dat ass eng Baisse vun 10% op d‘Pëtrolsproduiten, wann een den Zuelen aus den USA gleewe soll. Nordkorea kritt Bensin an Diesel eigentlech exklusiv aus China.

Den Awand aus Moskau

Bei de Gespréicher huet och misse Moskau nogelauschtert ginn. Dem Kim Jong-Un seng Compte späre war deemno net erwënscht. Wann d‘USA kee Regimewiessel a Nordkorea wëllen, esou wéi se dat behaapt hunn, dierf een de Staatschef net zur Zilscheif maachen.

Bei de Mesurë mat Bezuch op déi am Ausland liewend Nordkoreaner an d‘Inspektioun vun de Schëffer, huet den Text och missen iwwerschafft ginn. Eng gutt 35.000 Nordkoreaner wieren a Russland oder bei russeschen Entreprisë beschäftegt. Zudeem war scho mat der Resolutioun vum 5. August d‘Zuel vun den Aarbechter, déi am Ausland schaffen dierfen, begrenzt ginn.

Op d‘schwaarz Lëscht gesat gouf awer de Pak Yong Sik, ee vun de Käpp vum nordkoreanesche Rakéiteprogramm. Am gläiche Sënn sinn dräi Agencen op eng schwaarz Lëscht gesat ginn, dorënner déi wou sech ëm d‘Propaganda vum Regimm këmmert.

Wéineg Géigewier

Schonn iert den Text och nëmmen zur Debat stoung, hat Pyongyang sech onmëssverständlech zu wiedere Sanktioune geäussert. Nordkorea huet d‘USA gewarnt, datt et wäert fierchterlech wéi doe fir de Fall, datt se d‘UNO zu weidere Sanktioune géif ermonteren. Et géif een „sécherstellen datt d‘USA de Präis dofir ze bezuelen hätten“, esou d‘Prezisioun vum nordkoreanesche Regime.

D‘Sanktioune vum 5. August waren d‘Äntwert op zwou interkontinental Rakéiten déi Nordkorea ofgeschoss hat. Mat där Resolutioun ass et verbuede Kuel, Eisen, Bläi a Fësch vun de Nordkoreaner ze bezéien. Eng Milliard US-Dollar pro Joer sollen esou der Staatskeess entzu ginn. D‘Wierkung vun de Sanktioune kann een allerdéngs nëmmen op laang Siicht feststellen.

Aus engem UN-Bericht geet dann och ervir, datt „wat méi Sanktioune verhaange ginn, wat der méi ëmgaange ginn“. Dat betrëfft den Embargo op Waffen, d‘finanziell Transaktiounen oder déi sektoriell Beschränkungen. Allerdéngs hunn an Tëschenzäit Mexiko an de Peru hir nordkoreanesch Ambassadeuren „erausgehäit“. Si wëllen op dës Manéier géint d‘Atomwaffentester protestéieren.

mam Philippe Rater/AFP

Foto: Den UN-Sécherheetsrot zu New York bei der Ofstëmmung (© Kena Betancur/AFP)

Related topics Atomwaffen, Japan, Nordkorea, Südkorea, USA, Vereente Natiounen
Next post Previous post