Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Loscht op Héichuewen?
Neiegkeeten

Loscht op Héichuewen?

Op der Friche „Belval“ wou zolidd an d‘Erhale vun der

Präsenz, Wierken an Integratioun vun Däitschen zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Präsenz, Wierken an Integratioun vun Däitschen zu Lëtzebuerg

Hätt Dir gewosst, datt eis däitsch Noperen emol déi gréisst

De wirtschaftlechen Drock op Teheran klëmmt
Neiegkeeten

De wirtschaftlechen Drock op Teheran klëmmt

D‘USA hu sech fest virgeholl den Iran mam Réck widder

Déi nächst Etapp op der A3 tëscht Beetebuerg an der Stad

Déi nächst Etapp op der A3 tëscht Beetebuerg an der Stad

Am Kader vum Bau vun der neier Eisebunnslinn tëscht Beetebuerg an der Stad Lëtzebuerg, muss d‘Stroossebauverwaltung (Ponts & Chaussées) d‘A3 vun e Donneschdeg Owend 20 Auer bis e Méindeg 6 Auer spären. Vum Barrage betraff ass den Ofschnëtt: Beetebuerger Kräiz bis Gaasperecher Kräiz.

Bei dëser Geleeënheet ginn och Maintenance-Aarbechte virgeholl. Nieft Botzaarbechten, der Erneierung vum Belag (Gaasperecher Kräiz) an der Installatioun vun enger Ziel-Schläif gëtt sech och der Reperatur vu Leitplanken ugeholl. Mat entspriechende Behënnerungen ass ze rechnen.

A3

Spärungen an Ëmleedungen

Ab en Donneschdeg, den 31. Oktober um 22 Auer bis e Méindeg, de 4. November géint 6 Auer si folgend Spärunge virgesinn:

  • op der A3 tëscht dem Beetebuerger Kräiz bis Gaasperecher Kräiz aus Richtung Frankräich a Richtung A6 an A1;
  • d‘Opfaarte vum Beetebuerger Kräiz vun der A13 kommend a Richtung Gaasperecher Kräiz (A3);
  • d‘Opfaart vum Echangeur Léiweng, kommend vun der N31 a Richtung Gaasperecher Kräiz (A3);
  • d‘A3 tëscht Gaasperecher Kräiz a Beetebuerger Kräiz, kommend Kreesverkéier Gluck;
  • d‘Opfaarte vum Gaasperecher Kräiz aus de Richtungen A1 an A6 a Richtung Beetebuerger Kräiz (A3);
  • d‘Opfaart vum Echangeur Léiweng, kommend vun der N31 a Richtung Beetebuerger Kräiz (A3);

De Verkéier dee vun der A3 tëscht dem Beetebuerger an dem Gaasperecher Kräiz kënnt, gëtt a béid Richtungen iwwert d‘A13, A4 an A6 ëmgeleet. Et ass während dem genannten Zäitraum och net méiglech eng vun den, op dësem Streckenofschnëtt geleeënen Tankstellen („Shell“ an „Aral“ op der Aire de Berchem), ze erreechen. Notéiere mir nach, datt, well d‘Virbereedunge schonn am Nomëtteg wäerten ulafen, et och zur Spëtzestonn um Freideg diert zu Behënnerunge kommen.

Ähnlech Sujeten A3, Aral, Beetebuerger Kräiz, CFL, Eisebunn, Ëmleedung, Gaasperecher Kräiz, Shell, Spärung, Stroossebauverwaltung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel