Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Journalisten am Fokus
International Money Neiegkeeten

Journalisten am Fokus

Alles huet mat engem Bréif un d‘Journalistin Anett Stelle, déi

money
Italien a Gespréicher mat China fir eng Bedeelegung un der Seidestrooss
International Money Neiegkeeten

Italien a Gespréicher mat China fir eng Bedeelegung un der Seidestrooss

Mat grousser Opmierksamkeet gëtt de Virstouss vun Italien, sech un

money
No „Vetternwirtschaft“ a politeschem „Geklüngels“ feelen der DB 3 Milliarden Euro
International Money Neiegkeeten

No „Vetternwirtschaft“ a politeschem „Geklüngels“ feelen der DB 3 Milliarden Euro

Datt et der Deutsche Bundesbahn (DB) finanziell esou dreckeg geet

money

NAFTA: Ginn sech d‘Kanadier mat den Amerikaner eens?

NAFTA: Ginn sech d‘Kanadier mat den Amerikaner eens?

Bei der „Reform“ vum Fräihandelsofkommes NAFTA, dee säit 1994 déi wirtschaftlech Bezéiungen tëscht Mexiko, USA a Kanada regelt, sinn sech d‘Kanadier an d‘Amerikaner kuerz virum gesaten Delai awer nach eens ginn. Dat beriichten um Sonndegowend kanadesch Medien.

De kanadesche Premierminister Justin Trudeau hat eng Drénglechkeetssëtzung vum Ministerrot fir 22 Auer (Lokalzäit) aberuff. Eng Reunioun, esou eng Source, déi um „parlamentareschen Hiwwel“ vun Ottawa stattfonnt huet. Iwwert den Ausgang vun der Sëtzung ass ewell nach näischt gewosst.

Optimistesch bleiwen

Am spéiden Nomëtteg, hat de kanadeschen Ambassadeur zu Washington, David McNaughton, ausgesot, datt et iwwert de Weekend ewech vill Fortschrëtter ginn huet. „Mee mir sinn nach net ganz fäerdeg“, esou den Diplomat no enger Reunioun mat den kanadeschen Negociateuren, iert hien sech nees op de Wee a Richtung Washington gemaach huet. Hie seet sech Optimistesch.

De leschte Verhandlungsmarathon huet sech um Telefon ofgespillt. D‘Dageszeitung „The Globe and Mail“, dee Sourcen aus béide Lager zitéiert, huet géint der Owend annoncéiert, datt d‘Kanadier an d‘Amerikaner kuerz virun engem Accord stinn. Zu Washington, huet de Peter Navarro, Beroder vum US-President fir den Handel, bestätegt, datt een e Méindeg d‘Resultat bekannt wäert maachen.

„Ech kann iech Folgendes soen: dir erhaalt muer de Moien Nouvellen. Déi, egal wéi se sech presentéieren, vu groussem Ausmooss a Bedeitung fir d‘Mäert wäerte sinn“, erkläert sech de Peter Navarro e Sonndeg op Fox News. Weider Präzisiounen huet dem US-President säi Beroder net ginn, mee hat drun erënnert, datt den Delai um Mëtternuecht ausgelaf wier.

Eng Dräiecksbezéiung

NAFTA, eng Dräiecksbezéiung, déi d‘USA, Mexiko a Kanada säit 1994 verbënnt, ass dem Donald Trump net geheier. De Milliardär beschëllegt dëst Handelsofkommes fir de Verloscht vu Milliounen amerikanesch Aarbechtsplaze verantwortlech ze sinn, notamment an der Automobilindustrie. An hie schéngt sech dann och, trotz de Fortschrëtter nach net agefaangen ze hunn…

Viru senge Supporter a Virginia, huet den Donald Trump u senger Kritik géintiwwer dem NAFTA festgehalen, awer ënnerstrach, datt den Accord, dee Washington mat Mexiko fonnt huet, eng gutt Saach fir béid Länner ass. „Mir wäerte gesi wéi et sech mat Kanada presentéiert. Wann si sech dem Accord uschléissen, mussen si sech equitabel weisen“.

Him gefält net, datt d‘Kanadier hire Mëllechsecteur schützen, an dat huet hien onmëssverständlech zum Ausdrock bruecht. Elo schéngen d‘Kanadier awer bereet hei Konzessiounen ze maachen, mee Washington misst der Fuerderung, dem Erhale vum NAFTA-Konfliktmanagement zouzestëmmen, Rechnung droen. (Kapitel 19) De gréisste „Sträitpunkt“ bezitt sech awer op d‘Industrie.

Stol an Aluminium

Fir datt sech d‘Kanadier zu enger Ënnerschrëft ënnert de Fräihandelsaccord mat den USA beweege loossen, mussen d‘Amerikaner d‘Douanestaxen op de Stol an Aluminium nees zréckzéien. Ottawa ass och net gewëllt Douanestaxen op d‘Automobilindustrie ze akzeptéieren. Eng vun den éiwege Menacen, déi den Donald Trump ëmmer nees de Kanadier entgéint gehalen huet.

Datt sech Ottawa a Washington bis ewell net eens gi sinn, kann ee roueg dem diplomatesche Geschéck vum US-President zouschreiwen. De kanadesche Premierminister, Justin Trudeau, an d‘Ausseministesch Chrystia Freeland sinn sech dann och eens, datt „keen Accord besser wéi e schlechten Accord ass“. Eng Ausso déi och dem kanadesche Wahlkalenner geschëlt ass.

Konzessioune bei der Mëllech dierften am Québec net gutt ukommen. Hei gëtt haut déi nei Regierung vun der frankophoner Provënz gewielt. D‘Bauereverbänn an déi grouss Parteie vum Québec verdeedege mordicus de System „Gestioun vun der Offer“, déi d‘Produktioun an de Präis vun der Mëllech an dem Gefligel kontrolléiert. Dat garantéiert de Landwirt e stabilt Akommes.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Fräihandel, Handelskrich, Kanada, NAFTA, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel