Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Numeresch Innovatioun: Lëtzebuerg a Monaco wëllen e Partenariat
International Neiegkeeten

Numeresch Innovatioun: Lëtzebuerg a Monaco wëllen e Partenariat

En Donneschdeg hunn de Premierminister Xavier Bettel an de Staatsminister

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen? – 5
International Neiegkeeten

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen? – 5

Dank den neie Medien schreiwen mir all Dag Lëtzebuergesch. Mee

money
D‘Pëtrolspräisser klammen, de Marché optimistesch
International Neiegkeeten

D‘Pëtrolspräisser klammen, de Marché optimistesch

Nodeems um Donneschdeg de Cours vum Pëtrol op der Bourse

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag

De verlängerten Aarm vun al-Quaida a Kenia, d‘al-Schabaab-Miliz, huet um Dënschdegnomëtten an engem koordinéierten Ugrëff op en Hotel- a Bürokomplex, fir Angscht a Panik gesuergt. Bei dëser Terroraktioun si mindestens sechs Mënschen ëm d‘Liewe komm, eng 30 goufe verletzt.

Fir de kenianesche Policechef, Joseph Boinnet, deen e puer Stonnen no der Attack de Medien éischt Detailer zum Virfall ginn huet, handelt et sech beim Ugrëff op den Dusit-Hotel – a Bürokomplex ëm en Terrorakt. Géint 15 Auer Lokalzäit, hate 6 schwéier bewaffent Männer sech de Wee duerch d‘Sécherheetsspäre fräi geschoss a Bommen an de Gebaier gezünt. Si ware komm fir ze morden…

Aenzeien hu bericht, datt si eng Explosioun am Restaurant, deen an engem Bannenhaff ugeluecht ass, gesinn, an den éischten Ament un eng Gasexplosioun geduecht hunn. Eréischt wéi si d‘Schëss héieren hunn, war hinne kloer, dat ass keen „Accident“. Si hunn sech dunn an hire Büroe verstoppt, bis se vun de Sécherheetskräften, mat de Gäscht an dem Personal aus dem Hotel evakuéiert goufen.

Reliéis motivéierten Terror

Bei der Extraktioun duerch d‘Police, esou aner Aenzeien, war d‘Angscht grouss, de presuméierten Terroristen an d‘Gräpp ze lafen. Et ware Mënsche mat Schosswonnen ze gesinn… ee vun hinnen, deen an der Bauchgéigend muss getraff gi sinn, an e weideren deen offensichtlech am Réck getraff gouf, si vu „Motorrad-Taxien“ an dat nächst geleeënt Spidol gefouert ginn. D‘Lag war schrecklech.

E Spriecher vun der Terrorgrupp al-Shabaab huet den Uschlag beusprocht. De Policechef, Joseph Boinnet, huet bei der Pressekonferenz um Owend, bestätegt, datt den Asaz fir d‘Polizisten nach net eriwwer ass, well een dovunner ausgoe misst, datt sech nach Terroristen am Komplex befannen. Et waren zu deem Ament Spezial-Eenheeten derbäi, d‘Terroristen aus de Gebaier erauszedreiwen.

Schrecklech Erënnerungen

Et ass net den éischten Terroruschlag dee Kenia iwwert sech muss ergoe loossen, a bei vill Kenianer komme schrecklech Erënnerungen héich. Bei engem hannerlëschtegen Uschlag op déi bekannten „Westgate-Mall“, déi zu enger véierdeegeger Belagerung vum Akafszentrum gefouert hat, a 72 Affer gefuerdert huet. Dat sollt sech op kee Fall widderhuelen, esou de kenianesche Policechef.

mam Amani Muamba, Libreville

Foto: Spezial-Eenheete vun der Police evakuéieren d‘Leit aus dem Dusit-Hotel an Bürokomplex (Police Handout)

Ähnlech Sujeten al-Quaida, al-Shabaab, Dusit-Hotel, Kenia, Nairobi, Terror
Nächsten Artikel Virrechten Artikel