Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vun Alkoholkontrollen an rabiat Nuetsgesellen
Kultur Stories

dating someone my own age

Et ass Fuesent an d‘Police hat et ugekënnegt: et kënnt

kanye fans dating site
Kultur Stories

EU-Wahlen 2019: Facebook wëll nei Reegele fir d‘Wahlwerbung aféieren

De Bedreiwer vum gréisste Sozialnetzwierkreseau op der Welt, wëll virun

Kann eng Petitioun d’Iwwerwaachung um Aarbechtsplaz verhënneren?
Kultur Stories

Kann eng Petitioun d’Iwwerwaachung um Aarbechtsplaz verhënneren?

De Gesetzesprojet 7049 dierft op guer kee Fall gestëmmt ginn.

Näischt Neies, an awer gutt genuch: Set it up ass eng ënnerhalend Romcom

Netflix probéiert zënter enger gudder Zäit schonn, sech als Filmproduzent ze etabléieren. Och wann déi meeschte Produktiounen net gutt sinn, esou bleift d’Hoffnung do, datt eppes Flottes dobäi eraus kënnt. Bei Set it Up kënnt ee bal un eng Gold-Medaille erun, lant awer schlussendlech bei sëlwer.

D’Harper (Zoey Deutch) an de Charlie (Glenn Powell) verbënnt eppes: Si sinn d’Assistente vun extrem launesche Cheffen. D’Kirsten (Lucy Liu) ass d’Chefredakterin vun engem Sportsmagazin an iwwerfuerdert d’Harper reegelméisseg mat deenen onméiglechsten Demanden. De Rick (Taye Diggs) ass do mam Charlie net vill anescht an d’Assistente mussen onendlech vill Iwwerstonne schaffen. Esou ass et nëmme logesch, datt wann di zwee Assistente sech kenne léieren, schnell e Plang op d’Bee gestallt gëtt. Si wëllen hir Cheffe matenee verkoppelen, fir endlech selwer nees esou eppes wéi e Liewe kënnen ze hunn.

Et ass e Plot mat vill eegener Energie, deem kuerz virum Zil d’Loft ausgeet

Dat ass, wat Komödie ugeet, kee schlechte Setup. Zum engen, well et eng duebel Romanz ass (Harper/Charlie a Kirsten/Rick). Zum aneren, well do vill Plaz ass, fir witzeg Situatiounen ze schafen. An de Film liwwert déi och! Wann och virun allem an der éischter Hallschent: Wéi a wou déi zwee zesumme solle bruecht ginn an d’Bezéiung sech stabiliséiert, huet ganz vill Dynamik. D’Kameraféierung an de Schnëtt ginn do hiert Bescht, fir dat ze ënnersträichen. An dank dem Zoey Deutch, dat hei fir d’Emilia Clarke aspréngt, klappt dat. Hatt huet eng gutt Präsenz um Schierm, harmonéiert souwuel mam Glenn Powell wéi och mam Lucy Liu, wat hei leider net vill Geleeënheet kritt, fir en nuancéierte Charakter ze spillen. De Glenn Powell kënnt zäitweis wéi en entkoffeiniséierte jonke Jim Carrey eriwwer – zum Gléck ouni Knätschgummi-Mimik -, wat och seng Momenter huet.

Leider ännert eng propper Exekutioun, e gudde Casting an eng gutt Hand beim Wiele vum Soundtrack näischt dorunner, datt een dat alles scho gesinn huet. Originell Iddien sicht een hei ëmsoss an net all Witz sëtzt. E puer besonnesch grotesk an eekleg Zeene spille sech an engem Lift of. Si kéinte grad esou gutt aus engem Adam Sandler-Film sinn, esou schlecht sinn se. Zum Gléck kommen se net oft fir, meeschtens verléisst sech de Film op uerdentlech geschriwwen Dialogen, fir säi Witz eriwwer ze bréngen.

Virun allem am drëtten Akt geet der Saach och nach d’Loft aus. Dobäi ginn et duerchaus Elementer, déi een no méi hoffe loossen, déi awer ni ganz ausgeschafft ginn. Geleeëntlech kritt een ze gesinn, wéi aner Leit, déi an deenen Entreprise schaffen, ënnert deem Drock leiden, deen do opgebaut gëtt. Mee et gëtt keng Zäit an de Support-Cast gestach, esou datt ech ganz duerchernee gi sinn, wéi spéider tatsächlech eng Niewefigur nees opgetaucht ass, déi ganz am Ufank als dem Harper seng Frëndin virgestallt gëtt.

Net all Figur ass selwecht gutt entwéckelt. Dat ass schued, well domat gëtt vill Potenzial verschenkt!

Nee, de Fokus läit hei eendeiteg op de véier Haaptpersonnagen, woubäi och dës net op gläicher Aenhéicht stinn. Während d’Chemie tëscht dem Harper an dem Charlie stëmmt an all Zeen mat hinnen ee richteg unzitt, sinn d’Kirsten an de Rick nëmme Karikaturen. Si si méi oder manner déi Monsteren, déi een sech als Cheffen esou gutt virstelle kann. Wierklech mënschlech Momenter bleiwen do aus, wat se leider eendimensional eriwwerbréngt. D’Lucy Liu an den Taye Diggs droen déi zwee Personnage gutt, mee et feelt hinnen un Déifenschäerft. A ka mir mol ee soen, wat dem Rick seng Firma mécht? Dat ass jo schlëmmer wéi bei Zomtec!

Bei aller Kritik: Set it Up ass kuckenswäert. Wien den Trailer gutt fënnt a souwisou en Abo beim Streaming Déngscht huet, huet bal keng Excuse méi, fir de Film net ze kucken. Naja, bis op déi honnerte Saachen, déi een zënter Méint op der Watchlist huet.

Fotoen: KC Baily

Ähnlech Sujeten Film, Netflix, Set it Up
Nächsten Artikel Virrechten Artikel