Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – 100 Joer Demokratie fir d’Fraen!
https://moien.lu/best-hook-up-sites-reddit/

What the Fakt – 100 Joer Demokratie fir d’Fraen!

Haut ziele mir schonn 100 Joer, datt och d’Fraen d’Walrecht

best free american dating sites
https://moien.lu/best-hook-up-sites-reddit/

hook up nairobi kenya

Déi national Kommissioun vun der Kontroll an Auswäertung vun der

Verréckt oder Genial? De Vëlo ouni Ketten
https://moien.lu/best-hook-up-sites-reddit/

Verréckt oder Genial? De Vëlo ouni Ketten

Op mat oder ouni elektreschem Hëllefsmotor, Vëlo fueren ass gesond

Nee, de Namur mécht kee Geschäft wéinst dem Tram zou

Nee, de Namur mécht kee Geschäft wéinst dem Tram zou

Laut persistente Rumeuren, sollt d‘Patisserie Namur hir Filial an der Neier Avenue während den Aarbechte vun der Tramslinn zoumaachen. Et ass dann och rieds gewiescht, datt op enger aner Plaz sollte Raimlechkeeten als Ersatz genotzt ginn, an et hätt kënnen zu Entloossunge kommen.

A wëll et nëmme ganz seelen Damp ouni Feier gëtt, an déi Rumeur sech ze hale schéngt, wollte mir deem dann emol op de Fong goen. D‘Ursaach heifir ass séier erkläert: d‘Stad Lëtzebuerg huet sengerzäit, wéi de Projet Tram Realitéit ginn ass, garantéiert, datt kee Geschäft wéinst den Aarbechten um Streckeverlaf seng Diere misst zoumaachen.

Op duerch d‘Ewechfale vum Autosverkéier e gréissere wirtschaftleche Schued bei de Commerçante kann entstoen? Och dat kann een esou net behaapten, woubäi esou en ëmfangräiche Chantier natierlech kee Pleséier, a mat Onannehmlechkeete verbonnen ass. Eng trei Clientèle dierft awer och an „haarden“ Zäite sengem Geschäft verbonne bleiwen.

Un dëser Rumeur ass näischt drun

An esou kann een dann och eis Nofro bei der Entreprise resuméieren: Nee, d‘Filial an der Neier Avenue gëtt net wéinst dem Tram zougemaach oder temporär verluecht. Nee, kee Mataarbechter muss ëm seng Aarbecht fäerte just wëll do eng Tramslinn gebaut gëtt. Dat also de ganz däitlechen Dementi zu de Rumeuren.

Beim Namur an de Neier Avenue kritt een also och während deem Schinne geluecht ginn, lecker Patisserie a Knippercher. A wien dann elo wéinst dem Chantier net dohinner wëll oder kann, well et ouni Auto net geet, deem sief geroden de Parking beim Theater, direkt vis-à-vis vun der Cinemathèque ze benotzen, an d‘Filial an der Kapuzinerstrooss ze besichen.

An nach ee Wuert zu de Rumeuren: nee mir si kengem béis a veruerteelen och keen deen eppes opschnaapt a weider erzielt. Oft genuch ass och eppes drun. Mee et sollt een heiansdo d‘Informatioun hannerfroen, oder wéi et de Jhemp géif soen: Wann et der bei mir geschmaacht huet, erziel et denge Frënn, wann eppes net an der Rei war, so mir et.

Ähnlech Sujeten Chantier, Lëtzebuerg Stad, LuxTram, Patisserie Namur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel