Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech an Chupa Chups Gedrénks
Kultur Neiegkeeten

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech an Chupa Chups Gedrénks

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt de Produit

D‘Britten hu gewielt!
Kultur Neiegkeeten

D‘Britten hu gewielt!

Laut de leschten Héichrechnungen (03.30 Auer) hunn déi Konservativ (Tories)

Expertise vum LNS bestätegt
Kultur Neiegkeeten

Expertise vum LNS bestätegt

De LNS huet seng Expertise an enger Ënnersichung zur geographescher an zäitlecher

Zeréck Doheem: Dem Niki säin Nana zu Lëtzebuerg

Zeréck Doheem: Dem Niki säin Nana zu Lëtzebuerg

No laange Restauratiounsaarbechten ass si endlech nees do: Dem Niki de Saint Phalle seng blo Nana – Figur vun der Weiblechtkeet, Fraebeweegung an dem weibleche Selbstbewosstsinn – steet säit e Freideg erëm an der Stad Lëtzebuerg!

Am Joer 1992 ass dem Niki de Saint Phalle säi Wierk mam Numm Déi Grouss Enthalsamkeet – oder och bekannt als Nana – realiséiert a per Hand bemoolt ginn. Knapp 3 Joer huet et gedauert, bis datt de Grand-Duché, mat Hëllef vun der Generalbank vu Lëtzebuerg an der Post, déi blo Madamm hiert Eegent nennen duerft. Bis 2011 konnt een d’Figur um Hamilius fannen an huet esou ee n artisteschen Erëmerkennungswäert kritt.

Kuerz virum Start vum risege Chantier ass d’Nana ofgebaut ginn a konnt an engem Stater Musée Schutz fannen. Natierlech sollt Déi grouss Enthalsamkeet spéider nees zeréck op hir ursprénglech Plaz stoe kommen. No e puer Inspektiounen huet ee misse feststellen, datt déi blo Damm net méi an engem presentabelen Zoustand wier, an esou gouf d’Figur am Mäerz 2018 an Däitschland bei de Martin Kaufmann an „Die Schmiede“ transportéiert, wou si bis Enn September 2019 restauréiert ginn ass.

Nana

Um 25. September 2019 ass si nees op d’Plaz gestallt ginn © Charles Soubry / Fotothéik

Wéi d’Niki op d’Nana komm ass

Nodeems d’Niki de Saint Phalle, zesumme mat hirem Mann, dem Kënschtler Jean Tinguely am Joer 1963 op Paräis gaangen ass, ass eng Rei vu Wierker entstanen, bei der d’Roll vun der Fra an der europäescher Norkichsgesellschaft ervir gehuewe gëtt. Déi plastesch Figure bilden dobäi ëmmer dat weiblecht Geschlecht mat all hire Rënnungen of, sief et als rout Hex, als rosa Gebuert oder, wéi zu Lëtzebuerg, als blo Nana mam Numm Déi grouss Enthalsamkeet.

Fir hiren Dram vu risege, faarwegen Nanaen ze verwierklechen, déi op de ganzen ëffentleche Raum iwwergräifen, ass schliisslech Polyester zum Asaz komm, deen deemools gäre beim Bau vu Booter genotzt ginn ass. Mat der Parole „All Muecht den Nanaen“ huet d’Kënschtlerin d’Fraebeweegung opgegraff. Wat als Figur ugefaangen huet, konnt sech spéider zum Plakat, Bijou a Symbol fir dat weiblecht Selbstbewosstsinn ëmwandelen.

Nana

D’Niki de Saint Phalle mat hirem Wierk Déi Grouss Enthalsamkeet, 1994 © Hubert Fanthomme

Ee schnellen bloen Iwwerbléck

Um 8. Dezember 2011 ass Déi Grouss Enthalsamkeet vum Hamilius ewech geholl ginn. Ufank Februar 2018 koum den Accord fir mat den Restauratiounsaarbechten ufänken ze kënnen, woubäi d’Rees vun der Nana ee knappe Mount méi spéit lass gaangen ass. Um 24. September 2019 konnten d’Aarbechten ofgeschloss ginn, wouduerch een d’Nana den Dag drop „Um Piquet“ (Kräizung Rue de la Poste a Rue Beck) installéiere konnt.

Um Vergaangene Freideg huet an der Stad Lëtzebuerg déi offiziell Aweiung vun der restauréierter Nana vum Niki de Saint Phalle stattfonnt. D’Restauratiounsaarbechten hunn 59.493 € (ttc) kascht.

Opmaacherbild: Bei der offizieller Aweiung vergaangene Freideg © Eric Jaerling / Fotothéik

Ähnlech Sujeten Aweiung, Déi Grouss Enthalsamkeet, Hamilius, Konscht, La Grande Tempérance, Nana, Niki de Saint Phalle, Stad Lëtzebuerg, Um Piquet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel