Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: op der Insel brennt der Premierministesch hire Rack
International Kultur Neiegkeeten

Brexit: op der Insel brennt der Premierministesch hire Rack

Déi britesch Regierung huet um Mëttwoch op e neits zolidd

Gläichstellung vu Mann a Fra: eng gedeelte Verantwortung
International Kultur Neiegkeeten

Gläichstellung vu Mann a Fra: eng gedeelte Verantwortung

Am Regierungsprogramm 2018-2023 gëtt d‘Gläichstellung vu Mann a Fra als

London verlaangt vu Washington „méi wäit ze goen“ fir Moskau ze bremsen
International Kultur Neiegkeeten

London verlaangt vu Washington „méi wäit ze goen“ fir Moskau ze bremsen

D‘USA a Groussbritannien musse „wierklech“ méi no unenaner réckele fir

Nancy Jazz Pulsations: e Mëttwoch start déi 45. Editioun

Nancy Jazz Pulsations: e Mëttwoch start déi 45. Editioun

Dat grousst Festzelt vum „Nancy Jazz Pulsations“ (NJP) ass e Mëttwoch nees zréck. Dat mat enger eklektescher Programmatioun fir ganzer zéng Deeg. A fir seng 45. Editioun gënnt sech de Festival e puer „grouss Nimm“. Esou den Eddy de Pretto, Avishai Cohen oder nach de Laurent Garnier.

All dës Concerte sinn dann och schonn Ausverkaf.

Sengem Ruff trei, bitt de Festival „Nancy Jazz Pulsations“ bis den 20. Oktober, zu Nanzeg wéi och an der Agglomeratioun, iwwer 100 Concerte mat enger entspriechender Variatioun an de Stiler a Museksriichtungen. Et geet vum Blues zum Reggae, an vum Punk zur elektronescher Musek.

Eng kleng Iwwerraschung

„Mir versichen e Festival ze maachen, dee sech un de gréisst méigleche Public riicht. Mat ënnerschiddleche Museksriichtungen, awer am Respekt vum fundamentalen“, esou den Direkter vum Festival, Patrick Kader. „De Jazz an de Blues bleiwen d‘Réckgrat vum NJP“.

Fir de Programmateur, ass et d‘Eklektik, déi et dësem Festival erlaabt, sech dem Phenomen vun der Vereenheetlechung vun anere Veranstaltungen ze entzéien. „Ons Oppenheet an de musikalesche Mix déi mir ubidden, mécht, datt mir net an d‘Kategorie vun de standardiséierte Festivaller passen“.

No e puer Joer „Absence“ fënnt dann och d‘Weltmusek nees zréck op den „Nancy Jazz Pulsations“ Festival. Op der Affiche: d‘Fatoumata Diawara aus dem Mali, dat sech e Numm gemaach huet, mat enger Kollaboratioun mam Mathieu Chedid.

Si trëtt e Freideg am grousse Festzelt vum „Parc de la Pepinière“, zesumme mam Reggae-Grupp „Groundation“ an de Fransousen „Nola French Connection“, op.

Als weideren Highlight, den Optrëtt vum Lisa Simone (Duechter vun der mythescher Nina Simone) den 13. Oktober. Et ass hiren éischte Besuch zu Nanzeg. Anerer si „Widderhuelungstäter“, wéi de Brit, Charlie Winston, oder déi amerikanesch Jazz-Sängerin, Stacey Kent, déi d‘Ouverture mécht.

De briteschen Trio „Gogo Penguin“ deen ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt ass, wäert dem Public demonstréieren, wéi een Elektro-Jazz mat akusteschen Instrumenter mécht. D‘Legend vum „French-Blues“ Bill Deraime, feiert am Kader vun „Nancy Jazz Pulsations“ 50 Joer Carrière.

Interessantes aus dem Hexagon

Ënnert de franséische Museker déi op der Affiche genannt ginn, de Ben Mazué an d‘Pauline Croze, zwee Nimm déi, de Fall gesat et fënnt een de Wee op Nanzeg, ee sollt gehéiert hunn. Besonnesch wou de Concert vum Pauline Croze, de 14. Oktober, keen Entrée kascht…

Schued fir de Festival: zwou Annulatiounen an leschter Sekonn. Déi grouss Nimm vun der Clôture-Soirée, de Jamaikaner Jimmy Cliff, an den Amerikaner Raphaël Saadiq, komme schlussendlech net. „Et ass komplizéiert“, esou de Patrick Kader, dee keng aner Wiel huet wéi optimistesch ze sinn.

Mat engem Budget vu ronn 2 Milliounen Euro, huet sech de Festival a senge 45 Joer Existenz d‘Zil gesat, bei dëser Editioun d‘Zuel vun 90.000 Visiteuren ze iwwerschreiden. Kuckt ee sech de Programm eppes méi genee un, ass dat eng Erausfuerderung, déi ze schaffen ass.

www.nancyjazzpulsations.com

Ähnlech Sujeten Festival, Jazz, Nancy Jazz Pulsations, Nanzeg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel