Search

You may also like

Den Nordpol geet spadséieren
Neiegkeeten

Den Nordpol geet spadséieren

Normalerweis gëtt de Weltmagnéitmodell („World Magnetic Model“) all fënnef Joer

dislike
Den US-President wëll de Palestinenser d‘Finanze kierzen
Neiegkeeten

Den US-President wëll de Palestinenser d‘Finanze kierzen

En Dënschdeg huet den Donald Trump domatter gedréit, d‘US-Finanzhëllef fir

IVV-Wanderungen: Et gëtt se nach!
Neiegkeeten

IVV-Wanderungen: Et gëtt se nach!

Wéinst der Pandemie an den domat zesummenhänkenden Aschränkunge konnte wärend

De Xavier Bettel empfänkt d‘Nancy Pelosi

De Xavier Bettel empfänkt d‘Nancy Pelosi

Am Kontext vun hirem Deplacement am Kader vun der Commemoratioun vum 75. Anniversaire vum Ufank vun der Ardenneschluecht, ass d‘Presidentin vum US-Representantenhaus, Nancy Pelosi (Demokraten) um Staatsministère vum Premierminister Xavier Bettel (DP) op eng Entrevue empfaange ginn.

PelosiDéi gemeinsam Erënnerung un den zweete Weltkrich, esou wéi d‘Affer vun den amerikaneschen Truppe fir Europa ze befreien, waren d‘Themen déi ugeschwat goufen. Och déi bilateral Bezéiungen tëscht de vereenegte Staate vun Amerika a Lëtzebuerg, esou wéi de Multilateralismus ware Géigestand vun de Gespréicher.

„Lëtzebuerg wäert ni vergiessen datt dat amerikanescht Vollek zougestëmmt huet eist Land vun der friemer Ënnerdréckung ze befreien. Zanterhier hunn d‘USA, Lëtzebuerg an déi europäesch Unioun en zolidd Partenariat opgeriicht, datt déi modern Welt geformt huet. Wat eis gemeinsam Zukunft betrëfft, esou musse mir un enger multilateraler Approche festhalen, an där d‘Zesummenaarbecht iwwert der Konfrontatioun steet“, esou de Premier bei der Entrevue.

mam SIP

Foto: Renconter vum Premierminister Xavier Bettel mat der Presidentin vum US-Representantenhaus, Nancy Pelosi zu Lëtzebuerg. © Luc Deflorenne/SIP

Related topics Ardenneschluecht, Commemoratioun, Nancy Pelosi, Xavier Bettel
Next post Previous post