Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kim Jong-Nam Attentat: éischte Geriichtsoptrëtt vun de Verdächtegen
https://moien.lu/doctor-nerdlove-dating-advice/

Kim Jong-Nam Attentat: éischte Geriichtsoptrëtt vun de Verdächtegen

Begleet vun enger schwéier bewaffenter Eskort a selwer mat kugelsécherer

dating someone with schizoaffective disorder reddit
https://moien.lu/doctor-nerdlove-dating-advice/

https://moien.lu/hook-up-asa/

Scho säit 2009 ass et d’Missioun vun der Fondatioun EME,

Kropemannsfest 2019 – Wann een et mam Waasser ze eescht hëlt
https://moien.lu/doctor-nerdlove-dating-advice/

Kropemannsfest 2019 – Wann een et mam Waasser ze eescht hëlt

De Waassergeescht huet geruff, Réiden un der Atert huet geäntwert.

Dës Studentin wëll an engem Mount e ganze Roman schreiwen – an ass bei wäitem net eleng

Eng Lëtzebuergerin stellt sech dem Nanowrimo-Challenge

Dës Studentin wëll an engem Mount e ganze Roman schreiwen – an ass bei wäitem net eleng

D’Kiara Roth huet sech vill fir de November virgeholl: D’Studentin wëll innerhalb vun 30 Deeg op mannst ee Buch vu 50.000 Wierder schreiwen. Dobäi ass et weder hier éischte Kéier, nach ass et dobäi eleng. De Grond ass en Event, deen sech mat NaNoWriMo (National Novel Writing Month) ofkierzt a genau dës Ziller gesat ginn. Eng Online-Plattform verbënnt een dobäi mat anere schreiwe, fir sech géigesäiteg motivéieren ze kënnen. Den Event ass beléift, hunn d’lescht Joer dach insgesamt iwwer 380.000 Persoune matgemaach. Mir hu mam Kiara geschwat fir eraus ze fannen, firwat eng erugoend Schrëftstellerin bei esou eppes wéilt matmaachen.

An 30 Deeg 50.000 Wierder schreiwen – dat kléngt no Wahnsinn. Firwat dees de der dat un?

Well e bësse Wahnsinn heinsdo gutt deet! Den Nanowrimo ass ganz vill fir mech: Engersäits eng Méiglechkeet, mech ee Mount laang intensiv mengem Liiblingshobby ze widmen an dobäi sou produktiv ze sinn, wéi et an anere Méint net méiglech ass, anerersäits och eng Méiglechkeet, mech mat mir selwer auserneen ze setzen a meng Grenzen auszetesten. Duerch den Nano hunn ech de gewëssen Drock, den ech heiansdo brauch, fir e Projet ze starten a virun allem och fäerdeg ze kréien, an awer duerch ganz vill begleedend Events den néidege Spaass un der Saach. Ganz oft mierkt een jo eréischt en Extremsituatiounen, wéi vill ee schaffe kann, an dat ëmmer erëm auszeprobéieren, reizt mech.

Ausserdeem léiert den Nanowrimo een, Disziplin ze hunn. Ech hu ganz oft mam bekannten „inneren Schweinehund“ ze kämpfen, mä am Nano huet ee keng Zäit fir laang ze prokrastinéiren. Ech si gezwongen, ze iwwerleeën, wéi ech d’Uni, Privatliewen an d’Schreiwen ënnert en Hutt kréien, an dovu profitéieren ech dann och an deenen aneren Méint, well ech léieren, mech insgesamt besser ze organiséieren.

Dat deeglecht Schreiwen ass ausserdeem eng ganz wichteg Übung, fir Schreifblockaden méi schnell ze iwwerwannen. Ech hu geléiert, einfach drop lass ze schreiwen, och dann, wann ech net „an der richteger Stëmmung sinn” (dat sinn ech quasi ni), a mäin „innere Lektor“ während dem Schreiwen ze ignoréieren, well ech just sou e laangt Manuskript fäerdeg stelle kann. Déi richteg Stëmmung kennt dann oft während dem Schreiwe vum selwen op.

Do ass et dach bestëmmt schwéier, Qualitéit iwwer Quantitéit ze valoriséieren?

Bei mengem éischten Nanowrimo hat ech och vill Bedenken, wat déi Fro ugeet. Mat der Zäit hunn ech awer gemierkt, dat Quantitéit a Qualitéit an dem Fall kee Widdersproch sinn. Während dem Schreiwen verstäerkt op d’Quantitéit opzepassen, heescht nach laang net, dat d’Qualitéit dobäi net do ass, am Géigendeel. Wann ech a kuerzer Zäit vill schreiwen, geroden ech méi einfach an de “Flow”, dobäi komme mer ouni vill Ustrengung oft kreativ Léisungen, op déi ech anescht vläicht guer net komme géif. Duerch déi intensiv Beschäftegung mam Projet kann ech déif an d’Geschicht antauchen a meng Figure besser kenneléiere wéi soss. D’Resultat sinn oft Zeenen, déi och qualitativ besser sinn wéi déi Texter, déi ech ausserhalb vum Nano schreiwen.

Alles an allem ënnerscheede sech meng Rouhfassungen aus dem Nano net vill vun deenen aneren. Méi gezielt op d’Qualitéit oppassen maachen ech bei der Iwweraarbechtung, an déi ass all Kéiers déi wichtegst Etapp. Dat ass och eng wichteg Erfahrung: Et mécht näischt, wann eng Passage méi holpereg ass oder et nach Plotlücke ginn, beim Iwwerschaffen kann een dat alles flécken, mä beim Schreiwe selwer soll et an éischter Linn drëm goen, d’Geschicht als Ganzes op Pabeier ze bréngen.

Den Nanowrimo ass jo eng richteg Community, déi och zu Lëtzebuerg seng Néierloossung huet. Wéi schaffs du mat anere Schrëftsteller zesummen?

Ech si virun allem an engem däitschsproochege Schrëftstellerforum aktiv, wou den Nano all Joer eng grouss Party ass. Fir de sougenannte Kick-Off treffe mir eis all Joer zu puer den 31. Oktober perséinlech, fir ab Mëtternuecht zesummen lass ze tippen.

Och duerno ass den Austausch mat aneren Naniten eng grouss Motivatioun. Et mécht richteg Spaass, d’Erliefnis a säi Projet mat aneren deelen ze kennen an ze gesinn, wéi d’Projeten vun deenen aneren sech entwéckelen. An wann een mol verzweiwele sollt, ass ee wéinstens net eleng. Ënnerteneen maache mer vill zousätzlech Events, zum Beispill grënne mer Genre-Teams, maachen Schreif-Battles oder denken eis zousätzlech Erausfuerderungen aus, wéi beispillsweis bestëmmt Zeenen an de Roman anzebauen. Dat alles ass just optional, awer fir mech e gudden Zousaz fir d’Motivatioun héichzehalen.

Bei der lëtzebuergescher Nano-Community sinn ech manner aktiv, do mëschen ech heiansdo online iwwert Facebook oder den nanointernen Forum mat. Alles an allem ass et ëmmer erëm beandrockend, wéi d’Schrëftsteller aus der ganzer Welt sech während dem Nano géigesäiteg ënnerstëtzen a motivéieren, sou dat ech den Nano als grousst Gemeinschaftserliewnis wouerhuelen, souguer dann, wann een eleng a senger Kummer tippt.

Wat ass bis elo aus de Manuskripter ginn, déi s de esou geschriwwen hues?

Dat ass ganz ënnerschiddlech. Bis elo hunn ech 7 Mol um Nano deelgeholl, dobäi hunn ech all Kéiers déi gefuerderten 50.000 Wierder iwwertraff, mä zwee Manuskripter sinn ni fäerdeg gestallt ginn. Een anert ass zwar fäerdeg, mä sou veraalt, dat ech aktuell näischt domat ufänke well. Nach zwee anerer si fäerdeg, mussen awer nach eng Kéier iwwerschafft ginn, an just zwee sinn aktuell ganz fäerdeg iwwerschafft. Bei de meeschte Manuskripter ass eng Verëffentlechung d’Endzil, dofir brauche se awer deels nach Zait.

Wéi kann een sech d’Aarbecht mat de Manuskripter virstellen, wann et bis fäerdeg ass?

Soubal ech dat lescht Wuert un engem Manuskript geschriwwen hunn, maachen ech d’Dokument séier zou an oft puer Méint laang net méi op. No enger gewësser Zäit, wann ech mierken, dat ech genuch Distanz dozou kritt hunn, liesen ech et erëm, notéiere mer meng eegen Andréck dozou an dann steet d’Iwweraarbechtung un.

Meeschtens besteet déi an op mannst dräi Duerchgäng: Als éischt fëllen ech graff Plotlächer a Logiklücken a kierzen onnéideg Zeenen eraus oder bauen wichteg Zeenen weider aus. Beim zweeten Duerchgang kucken ech verstäerkt op d’Struktur, de Spannungsbou an deelweis och schonn op graff stilistesch Fehler. Den drëtten Duerchgang ass dann de Feischlëff, wou ech detailléiert op de Stil kucken. Deelweis dauert d’Iwwerschaffen dobäi méi laang wéi d’Schreiwe selwer.

Wéi gesäit am Fong deng Plangungsphas aus? Sammels de d‘ganzt Joer iwwer Iddien oder kënnt dat éischter an de Woche virdrun?

Iddien sammelen ech andauernd, iwwerall, onbewosst. Soubal mer eng Iddi kennt, gëtt se opgeschriwwen an an e grousst Dokument geheit. Wéi eng Iddien ech fir den Nano selwer awer gebrauche kann oder ob ech ganz neier brauch, kucken ech oft eréischt een bis zwee Méint am Viraus. Ongeféier Mëtt September fänken ech normalerweis un, Iddien ze konkretiséieren an ze plotten, ze recherchéieren asw. Dat hellt an der Regel dann ongeféier e Mount an Usproch.

Eng eenzeg Kéier sinn ech ganz ouni Plot an den Nano gestart, dat war e spannend Experiment, awer näischt, wat ech widderhuele muss. Fir de kommenden Nano hunn ech aus Zäitmangel nach ëmmer sou gutt wéi kee Plot a mech réischt virun e puer Deeg fir eng Iddi entscheeden. Do wäert ech also erëm vill improviséiere mussen, och wann ech déi Zäit virum Nano elo nach sou gutt wéi méiglech notze wäert, fir intensiv ze plangen.

Wéi vill schreifs de iwwert d‘Joer verdeelt? Oder konzentréiers de dech éischter op d‘Nanoen?

Och wann den Nano e grousse Schwéierpunkt ass, probéieren ech, iwwert d’Joer verdeelt ze schreiwen. Dat klappt mol méi, mol manner gutt. Déi lescht zwee Joer hunn ech ausserhalb vum Nano ongeféier 100.000 Wierder geschriwwe (a während dem Nano nach eng Kéier souvill), dëst Joer e bësse manner, well ech mech méi op d’Iwwerschaffe konzentréiert hunn.

Ähnlech Sujeten Bicher, Literatur, Schreiwen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel