Editorial: Et sinn ëmmer déi aner Schold
De Verfall vun der tierkescher Lira ass „dramatesch“, an awer
De Verfall vun der tierkescher Lira ass „dramatesch“, an awer
Am Kontext vun der leschter Terrorwell hunn d‘EU-Inneminister sech ee
Säit Enn Mee verlaangen d’USA vu jidderengem deen sech ee
Um Mëttwoch huet d’NASA eng fantastesch Serie Biller vum grousse roude Fleck vum Jupiter verëffentlecht. D’Opname ware vun der Juno-Sonde Dënschdegmoies gemaach ginn. Zu dësem Zäitpunkt war d’Sonde esou no wéi ni.
Aus 9.000 Kilometer Distanz, ass et déi éischte Kéier, datt een dee giganteschen Antizyklon gesäit. Deen huet en Duerchmiesser vu 16.350 Kilometer! „Während Joerhonnerten hunn d’Wëssenschaftler observéiert, sech Froe gestallt an iwwert de grousse roude Jupiter-Fleck theoretiséiert“, sot de Scott Bolton, wëssenschaftleche Missiounschef vum „Southwest Research Institute“ zu San Antonio.
„Elo hu mer endlech déi beschte Biller vun dësem onfaassbarem Stuerm“, deelt de Wëssenschaftler an engem Communiqué mat. Op de verëffentlechte Biller gesäit een de Fleck, schwiewend matten an engem blolechem Ökosystem. Do Bild deen eng Zort roude Wirbel.
Ofgesi vu de Biller, erkläert de Scott Bolton, muss d’Equipe elo all déi Donnéeën déi d’Sonde iwwerdroen huet, am Fong analyséieren. D’Sonde Juno huet dës Informatiounen iwwert déi aacht Instrumenter, déi alleguerten op de Fleck ausgeriicht waren, während dem Iwwerfluch gesammelt.
Dës Informatioune sollten Erklärungen iwwert den Ursprong, den aktuellen Zoustand an d’Zukunft vum Phänomen zouloossen
„Dës Informatioune sollten Erklärungen iwwert den Ursprong, den aktuellen Zoustand an d’Zukunft vum Phänomen zouloossen“, esou de Scott Bolton weider. De grousse roude Fleck gëtt zanter 1830 reegelméisseg beuecht. E gëtt vun den Astronome säit 350 Joer ernimmt a schéngt ofzehuelen.
D’Sonde Juno, déi vu Cap Canaveral um 5. August 2011 an de Weltraum geschoss gouf, ass zënter dem 4. Juli 2016 am Orbit vum Jupiter. Eng Weltraummissioun déi ronn 1,1 Milliard Dollar kascht. Et ass virgesinn, datt d’Sonde eng 20 Méint ronderëm de gréisste Planéit vum Sonnesystem flitt.
37 Iwwerflich si virgesinn, dovunner déi meescht am Beräich vun 10.000 a 4.700 Kilometer iwwer de Wolleken. De nächsten a siwenten ass fir den 1. September geplangt. Esou no war nach keen. Am nooste war déi amerikanesch Sonde „Pioneer 11“ 1974 komm. Si ass deemools bis op 43.000 Kilometer erukomm.
D’Sonde huet dann och scho riseg Orkaner op de Pole vum Jupiter ausgemaach an aussergewéinlech Observatioune vun der Atmosphär kënne maachen. Och d’Banneliewe vum Gasplanéit konnt observéiert ginn. All d’Biller vum roude Fleck kann ee sech op der Säit vun der NASA ukucken.
Dir sidd elo virwëtzeg ginn a wëllt eppes méi iwwert de Weltraum wëssen? Da musst der onbedéngt dem Manuel Huss seng Säit op Facebook kucken, deen erkläert sou Saachen op Lëtzebuergesch.
Den Escher ass vum Weltraum ergraff a seng Fotoe sinn den Ëmwee absolut wäert. Nieft de sëlleche Biller kritt der alles propper duergeluecht. Op all d’Äntwerten an de Stäre stinn, weess och de Manuel net, mee hien ass awer, wéi et schéngt, op der Sich.
mat AFP
Foto: Tom Momary © cc nc sa