Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Italien: De Renzi nach ëmmer géint en Accord mat M5S
Stories

Italien: De Renzi nach ëmmer géint en Accord mat M5S

Dem Matteo Renzi seng Demissioun als President vun der Demokratescher

crying
Marokko: Minière vum Doud zu Jerada
Stories

Marokko: Minière vum Doud zu Jerada

Zu Jerada, eng vu Gott vergiesse Gemeng am Norde vum

Europawahlen 2019: Déi europäesch Konservativ sichen hire „Champion“
Stories

Europawahlen 2019: Déi europäesch Konservativ sichen hire „Champion“

Déi europäesch Vollekspartei (EPP), déi hire Kongress zu Helsinki ofhält,

NASA: Feierowend fir de Kepler-Weltraumteleskop

NASA: Feierowend fir de Kepler-Weltraumteleskop

D‘Missioun vum Weltraumteleskop Kepler ass no néng Joer am Sonnen-Orbit, an der Entdeckung vun eppes iwwer 2.600 Planéiten ausserhalb vun eisem Sonnesystem, op en Enn gaangen. Esou en Dënschdeg de Communiqué vun der NASA.

Viru 35 Joer virgestallt, enger Zäit wou nach kee Planéit ausserhalb eisem Sonnesystem bekannt war, hat d‘Kepler-Missioun den Optrag d‘Schwësterplanéite vun eiser Äerd ze entdecken. Dat heescht: Planéite vun enger vergläichbarer gréisst, fielseg an net gasfërmeg, déi net ze wäit ewech vun hirem Stär sinn. Op enger Distanz, wou flëssegt Waasser, wéi op der Äerd op der Uewerfläch ze fannen ass, an esou méiglecherweis Liewe generéiere kann.

NASA

© NASA/CalTech

Den 2009 fäerdeggestallten Teleskop, war zu éiere vum däitschen Astronom Johannes Kepler benannt ginn. Dëse kënschtlechen Himmelskierper war op zwou Konstellatiounen an der Mëllechstrooss – déi vum Schwan, an déi vun der Léier – ausgeriicht an hat Millioune Stäre viru sengem Objektiv. Dat ganzt mat enger fir déi deemoleg Zäit erstaunlecher Opléisung. D‘Objektiv war esou „sensibel“ dat et déi geréngste Liichtschwankung erfaasse konnt.

Gutt gesinn

Am Januar 2010 sinn dann och schonn déi éischt Planéite vum Teleskop erfaasst ginn. Si goufe Kepler 4b, 5b an esou weider genannt, mee ware leider Gasfërmeg. Op der NASA hu se sech nach e weidert Joer misse gedëllegen, bis dann am Januar 2011, den éischte fielsege Planéit (Kepler 10b) ausgemaach ginn ass. Dësen ass allerdéngs esou no u sengem Stär, datt mindestens eng vu senge Fläche a Fusioun muss sinn. Et ass deemno eng „Lava-Welt“.

Den éischte Planéit, vun deem een ausgeet datt e bewunnbar ass, dat ass de Kepler 22b. Et geet een dovunner aus, datt sech méiglecherweis Waasser op dësem Planéit befënnt. Et ass nees eppes Zäit verstrach, bis 2014 endlech, déi éischt Kusinn vun der Äerd opgetaucht ass. Dëse Planéit, de Kepler-186f, ass gutt 580 Liichtjoer vun eis ewech, an – zumindest aus technescher Siicht – virum Mënsch nach eng laang geschützt.

NASA

© NASA/CalTech

Honnerten Entdeckungen si nokomm, an hunn eist Wësse vun der Galaxie revolutionéiert. Si bestätegen zudeem, datt d‘Äerd keng galaktesch Ausnam ass.

Iwwerhaapt wësse mir dank dem Kepler, datt et an der Mëllechstrooss méi Planéite wéi Stäre gëtt. Dee meescht dovunner hunn eng Gréisst tëscht eiser Äerd an dem Neptun. No den Observatioune vum Kepler, ginn d‘Astronomen elo dovunner aus, datt 20 bis 50% vun de Stären déi ee vun der Äerd aus gesäit, méiglecherweis kleng „Äerden“ an hirem Orbit hunn, dat op enger Distanz wou sech theoretesch kéinten Ozeaner a oder soss gréisser Waasserfläche bilden.

Interessant verwonnerlech

Den Teleskop huet allerdéngs och ganz bosseg Entdeckunge gemaach. Esou déi dës Systemer, wou sech bis zu aacht Planéiten an engem kompakten Orbit, ronderëm de Stär „quëtschen“. Oder och de Planéit Kepler 16b, dee sech ronderëm zwee Stäre beweegt, a wou wéi op dem fiktive Planéit aus Star Wars – Tatooine – d‘Awunner eng duebele Sonnenënnergang nokucke kéinten… wann dëse Planéit net Gasfërmeg wier.

NASA

© NASA/Tim Pyle

A wéi beim Dout vu grousse Wëssenschaftler, huet och den „Dout“ vum Kepler-Teleskop vill Hommagen aus der Welt mat sech bruecht. „Net nëmmen datt eis dëse Weltraumteleskop gewisen huet wéi vill Planéiten am Raum existéiere kéinten, et huet eis och ee ganz neit Fuerschungsfeld opgedoen, datt vun der Communautéit vun der Fuerscher erstiermt ginn ass“, esou den Thomas Zurbuchen, Direkter vun der Fuerschungsdivisioun bei der NASA.

Wéi bei anere „Stierffäll“, esou ass och den Dout vum Teleskop net wierklech eng Iwwerraschung. 2013 haten technesch Problemer d‘Enn vun der Missioun beschleunegt, och wann dës ursprénglech nëmmen 42 Méint dauere sollt. D‘Ingenieure vun der NASA haten e geniale System fonnt, mat deem si den Teleskop stabiliséiert kruten. Virun e puer Wochen awer ass dem Teleskop de „Sprit“ ausgaangen, an d‘Sonnepanneauen alimentéiere just d‘Elektronik.

Beim Start 2009, waren 12 Kg Dreifstoff fir de Moteur opgeluede ginn. Deem seng Aufgab war et d‘Ofdriften ze korrigéieren an den Orbit ze kontrolléieren. Et war kloer, datt dat net éiweg géif halen. De Kepler-Teleskop, deen elo „Aus“ ass, bleift laut der NASA op sengem Orbit. An eppes 40 Joer bréngt dësen Orbit den Teleskop nees bei d‘Äerd, mee sollt net méi „drop falen“.

NASA

© Lucasfilm

Wat d‘Sich no Exoplanéiten ubelaangt, esou geet déi onbeiirt weider. Elo dann awer mam NASA-Satellitt TESS (Transiting Exoplanet Survey Satellite), deen am Abrëll vun dësem Joer an de Weltraum geschoss gouf. Net ze vergiessen, datt d‘Fuerscher an d‘Wëssenschaftler nach Jore mat de Biller vum Kepler-Teleskop dierfte beschäftegt sinn. „De Kepler huet eis an en neit Abenteuer gefouert“, esou de William Borucki, den éischte Missiounschef.

mam Ivan Couronne/AFP

Foto: De Kepler-Teleskop ass Dout, bleift awer „do uewen“ a sengem Orbit. Hien huet der Wëssenschaft vill interessant Informatioune geliwwert. Seng Aarbecht iwwerhëlt elo de NASA-Satellitt TESS. © NASA/CalTech

Ähnlech Sujeten Exoplanéiten, Kepler, NASA, Orbit, Weltraum, Weltraumteleskop
Nächsten Artikel Virrechten Artikel