Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angry
Eis Oprëschtung däerf net op d‘Käschte vun den anere goen
Cool Love Sport

Eis Oprëschtung däerf net op d‘Käschte vun den anere goen

Wéi eng Plaz huet Lëtzebuerg an der Weltgemeinschaft? Datt ass

Dësen Hit ass der elo 20
Cool Love Sport

Dësen Hit ass der elo 20

Dir hutt et villäicht verdrängt, mee den Internet vergësst näischt:

Orkan Harvey: en Tëschebilan
Cool Love Sport

Orkan Harvey: en Tëschebilan

Den Orkan Harvey hällt d’Mënschen am Otem. Mir zéien e

coollove

Vill Talenter hu sech beim nationale Championnat am Bouschéissen ervir gedoen

Beim nationale Championnat am Bouschéissen huet et Iwwerraschendes, Erfreeleches an och déi eng oder aner Tréin ginn. Mee wat ee vun dësem Weekend ganz besonnesch dierf a sollt zréckbehalen, mir hunn eng flott a gutt motivéiert Jugend. Si huet all Ënnerstëtzung verdéngt déi se ka kréien.

Et ass am fréie Samschdegnomëtte fir unzefänke mat der Materialkontroll lassgaangen. Bei 68 Bouschéisser déi sech a 17 Kategorien agedroen haten, war am nationale Bouschéisszenter „Marcel Balthasar“ zu Stroossen vill ze dinn. Mee wéi et sech gehéiert, ass alles ouni Gewulls a Gedrécks, dofir a beschter Stëmmung ofgewéckelt ginn.

Bouschéissen

Bei der Fine Flèche Walfer ass d‘Zukunft geséchert. D‘Viviane Thill (Mëtt) huet d‘Krapperte gutt am Grëff, an déi hunn och den Androck gemaach, wéi wann se an ee puer Joer wéilten e Wuert matschwätzen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Um éischten Dag hunn sech véier „Altersklassen“ an den ënnerschiddleche Bou-Kategorien dann och ee puer ganz interessant an deels schéi spannend Kämpf geliwwert. Bei de Minimes an de Scolaires hunn d‘Krapperte ganz allgemeng duerch eng beispillhaft Disziplin geglänzt. Dat dann awer ouni déi sportlech Ausenanersetzung aus den Aen ze verléieren.

D‘Zukunft vum Lëtzebuerger Bouschéissen

An e puer „Talenter“ sinn eis dann och opgefall, och wann se zu gudder Lescht net um Podium stoe sollten. Esou den Giuliano Annicchiarico (Recurve-Minimes) an de Florian Stronck (Recurve-Scolaires) alle béid vun der „Fine Flèche Walfer“. Wann déi um Ball bleiwen… Pardon, de Feil am Grapp behalen… da mussen sech déi „grouss“ op Konkurrenz astellen.

Bouschéissen

D‘Bouwen haten sech um Samschdeg vill virgeholl. Hir Leeschtunge ware gutt, mee wéi et bei engem Wettkampf esou ass, se konnten net all gewannen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Vill Nervositéit, an eng éischte Kéier bei esou engem, jo awer wichtegen Event, derbäi, hunn d‘Bouwen hiert Potential dës Kéier nach net op der Scheif gewisen. Et muss een se awer am A behalen, well et war ersiichtlech dat si et e wëlle wëssen. Dat schonn eleng well de Clubkomerod Nathan Pereda sech déi iewescht Plaz um Podium geséchert hat.

Mee net nëmme Walfer huet Talenter, därer gëtt et och zu Wolz. An et muss erlaabt sinn hei op d‘Leny Nickels (Compound-Cadets), Diana Wolz, hinzeweisen. D‘Knetzel mat senge 15 Joer huet alles, wat ee brauch: Rou, Wëllen an Technik. Mat 254 Réng vun 300, ass et nach net ganz Perfekt, wat awer zu laaschte vum fuschneie Material an der Nervositéit geet.

Bouschéissen

D‘Leny Nickels (Diana Wolz) eng jonk Hoffnung, déi alles virun sech huet. Mat senge 15 Joer huet d‘Knetzel de ganze Weekend iwwer bewisen datt alles geet wann ee wëll. © Martine de Lagardère/moien.lu

Och absolut iwwerzeegend, de Pierre Vollet (Compound-Cadets) vun de Bouschéisser Esch Uelzecht. Mat 277 Réng an der Qualifikatioun huet hien och den Usproch op de Podium gestallt. Hie sollt säi Club an de Coach dann och net an der Final enttäuschen. Iwwerhaapt waren d‘Minettsdäpp (déi Monnerecher matgerechent) um Samschdeg ganz gutt ënnerwee.

Resultater:

  • Recurve Minimes: Nathan Pereda, Fine Flèche Walfer (Gold); Jung Mats, Flèche du Nord Ettelbréck (Sëlwer); Loris Wandernoth, Robin Hood Monnerech (Bronze).
  • Recurve Scolaires: Gabriel Franceschini, Diana Wolz (Gold); Leni May, Diana Wolz (Sëlwer); Tim Kayser, Flèche du Nord Ettelbréck (Bronze).
  • Compound Minimes: Kenza Pop, Mousel Archers Waasserbëlleg (Gold); Charel Zigrand, Guillaume Tell Stroossen (Sëlwer).
  • Barebow Minimes: Roby Brickler, Mousel Archers Waasserbëlleg (Gold); Randy Schuler, Mousel Archers Waasserbëlleg (Sëlwer).
  • Recurve Cadets Dames: Lynn Schmit, Fine Flèche Walfer (Gold)
  • Recurve Cadets Hommes: Max Welter, Bouschéisser Esch Uelzecht (Gold); Christophe Maack, Robin Hood Monnerech (Sëlwer); Dario Ravinger, Mousel Archers Waasserbëlleg (Bronze).
  • Compound Cadets Dames: Leny Nickels, Diana Wolz (Gold); Catherine Schönherr, Fine Flèche Walfer (Sëlwer).
  • Compound Cadets Hommes: Pierre Vollet, Bouschéisser Esch Uelzecht (Gold); Mathieu Klein, Diana Wolz (Sëlwer); Louis Simon, Fine Flèche Walfer (Bronze).

Eng jonk Garde an al Huesen

Wann een sech op d‘Zukunft nach eppes dierf gedëllegen, esou sinn d‘Junioren do schonn esou gutt ewéi ukomm. Hei kann een net wierklech vu Konkurrenz schwätzen. Mee ugesicht de Réng déi d‘Gebridder Klein Luca (291) a Joé (278) – Recurve – mee och den Timo Bega (272) – Compound – schonn an der Qualifikatioun getraff hunn, muss een d‘Unzuel vu Participante relativiséieren.

Si kommen allen dräi vum Guillaume Tell (Stroossen) a sinn de ganzen Houfert vum Veräin, wat een dann och um Sonndeg sollt dierfe bestätegt kréien. Woubäi hei och nach dierfen d‘Deborah Schmit (Recurve) an de Simon Moser (Recurve) vum Bouschéisser Esch Uelzecht ernimmt ginn. Sinn hunn d‘Faarwe vum Veräi ganz éierbar vertrueden.

Bouschéissen

Ouni Arbitrage geet et am Bouschéissen net. An et waren och fir si zwee laanger Deeg. © Martine de Lagardère/moien.lu

Bei de Veterane waren d‘Reien dann nees eppes méi voll, woubäi mir eis iwwert méi Dame gefreet hätten. Mee déi wou do waren, hunn eis ganz vill Freed bereet an och schonn an der Qualifikatioun mat gudde Leeschtungen iwwerzeegt. Déi Stroossener Damme sinn hirer Favoritteroll gerecht ginn, an hunn näischt ubrenne gelooss.

Déi al Huesen bei deenen een, wann een esou duerch d‘Reie geluusst huet, och munch eescht Gesiichter konnt erblécken, hunn sech och elo keng Kaddoe gemaach. D‘Qualifikatioun war gutt ëmstridden, an op e neits ware vill Stroossener um Start. Déi Monnerecher konnten sech awer d‘Medailen am Recurve ze sécheren. Am Compound huet en Escher sech duerchgesat kritt.

Resultater:

  • Recurve Juniors Dames: Deborah Schmit, Bouschéisser Esch Uelzecht (Gold).
  • Recurve Juniors Hommes: Klein Luca, Guillaume Tell Stroossen (Gold); Joé Klein, Guillaume Tell Stroossen (Sëlwer); Simon Moser, Bouschéisser Esch Uelzecht (Bronze).
  • Compound Juniors Hommes: Timo Bega, Guillaume Tell Stroossen (Gold)
  • Recurve Veteran Dames: Brigite Langers, Guillaum Tell Stroossen (Gold); Pascale Glesener, Guillaume Tell Strossen (Selwer); Josette Thommes, Diana Wolz (Bronze).
  • Recurve Veteran Hommes: Constant Kieffer, Robin Hood Monnerech (Gold); Raymond Teckes, Robin Hood Monnerech (Selwer); Charel Schloesser, Achers du Nors, Elwen (Bronze).
  • Compound Veteran Dames: Sylvie Bega, Guillaume Tell Stroossen (Gold).
  • Compound Veteran Hommes: Yvon Cornaro, Bouschéisser Esch Uelzecht (Gold); Marc Seywert, Guillaume Tell Stroossen (Selwer); Serge Peffer, Guillaume Tell Stroossen (Bronze).
  • Barebow Veterans Hommes: Kurt Gelhausen, Fine Flèche Walfer (Gold); Julien Ourth, Guillaume Tell Stroossen (Selwer); Lucien Hess, Fine Flèche Walfer (bronze).

Zu de Championen… vun den Dammen

Um Sonndeg ass et ewell Mueres richteg Fréi lassgaangen. D‘Materialkontroll war schonn um 9 Auer, a bis zur Mëttegstonn war d‘Qualifikatioun. Hei huet dann och den Alter keng Roll gespillt an et war eis eng gëlleg Freed och den een oder anere Cadet oder Cadette erëmzegesinn. An et dierf hei preziséiert ginn, datt se gutt dru gedoen haten sech „an d‘Rei ze stellen“.

Esou d‘Leny Nickels (Diana Wolz) dat mat 541 Réng op der drëtter Plaz an d‘Final vum Compound komm ass. E Resultat, gemooss un der zweeter Dame, Sylvie Bega (Guillaume Tell Stroossen), déi 542 Réng getraff huet, dat sech weise kann. Weisen och dowéinst, well et an der Halleffinall och op e Rang (131/132) wierklech ganz knapp laanscht déi grouss Finall gerëtscht ass.

Bouschéissen

D‘Leny Nickels (Diana Wolz) eng jonk Hoffnung, déi alles virun sech huet. Mat senge 15 Joer huet d‘Knetzel de ganze Weekend iwwer bewisen datt alles geet wann ee wëll. © Martine de Lagardère/moien.lu

Bei der Entscheedung ëm d‘Bronzemedail ass d‘Leny net méi erakomm, an huet sech missen dem Carine Thill (Fine Flèche Walfer) mat 124/132 geschloe ginn. D‘Uspanung a sécherlech den Drock hunn hiren Deel derzou bäigedroe, mee déi Tréinen um Enn, fir déi mir ganz vill Versteesdemech hunn, hätten net misse sinn. Seng Leeschtung war wierklech ganz gutt, an do wäerten sech der nach vill mussen ëmkucken.

D‘Dammen hunn sech och am Recurve näischt geschenkt, an schonn an der Qualifikatioun huet sech ofgezeechent, datt déi Stroossener et op de Podium ofgesinn haten. D‘Laurence Baldauff, dat 2016 déi Éisträicher Faarwen zu Rio verdeedegt huet, ass senger Favoritteroll gerecht ginn. Woubäi déi vill méi jonk Viveca Beckers (Diana Wolz) sech als ganz wierdeg Géignerin erwisen huet.

Bei der Entscheedung ëm déi drëtt Plaz am Recurve, stoungen sech d‘Brigitte Langers an d‘Carmen Beaudeux, alle béid vu Guillaume Tell Stroossen, géinteniwwer. Et sollt um Enn dann d‘Carmen Beaudeux sinn datt sech duerchsetze konnt.

Resultater:

  • Recurve Dames: Laurence Baldauff, Guillaume Tell Stroossen (Gold); Viveca Beckersm Diana Wolz (Sëlwer); Carmen Beaudeux, Guillaume Tell Stroossen (Bronze).
  • Compound Dames: Sophie Moraga, Guillaume Tell Stroossen (Gold); Sylvie Bega, Guillaume Tell Stroossen (Sëlwer); Carine Thill, Fine Flèche Walfer (Bronze).

Bei d‘Hären…

Et muss een net virgräifen, mee ugesicht der Iwwermuecht vun der „Famill Klein“, kënnt een net derlaanscht, déi fantastesch Leeschtung vun der jonker Garde (am Recurve) vum Stroossener Veräin ze ënnersträichen. Woubäi et hei och eng gréisser Iwwerraschung ginn huet.

Bouschéissen

Den Edy Massard (riets) huet déi Escher Faarwe beschtens verdeedegt, a verhënnert am Compound de Stroossener Triplé. © Martine de Lagardère/moien.lu

Hate mir nach bis nom Mëttegiessen de Jeff Henckels op eiser Lëscht vun de Favoritten, esou huet deen an der Véierelsfinall géint de Clubkomerod Mike Langers de Kierzere gezunn. Domatter war de Wee fir de Luca, Joé a Pit Klein (dee lescht genannten ass de Koseng vun deenen zwee éischten) fräi an si hunn sech dann och verdéngt de Podium gedeelt.

Fir de Luca Klein ass et dann och den éischten Titel bei de Senioren. Mam Pit, dee grad eréischt aus den USA zréck ass, wou hien un der Weltmeeschterschaft deelgeholl hat, séchert sech d‘Famill Klein esou den „Triplé“. An déi Stroossener hätten sech esou en Triplé och an der Kategorie „Compound“ gutt virstelle kënnen.,

Dat ass dann awer éischten anescht komm, zweetens wéi ee geduecht huet: Et sollt ee Minettsdapp sinn, deen sech behaapte konnt, an wéinstens nach Bronze mat op Esch Uelzecht hëlt. De Gilles Seywert war erwaardungsgeméiss senger Favoritteroll gerecht ginn, an hat sech géint de Lénkshänner Timo Bega behaapt. An och den Antonio Martins, war gutt ënnerwee, eigentlech…

Bouschéissen

De Gilles Seywert an d‘Laurence Baldauff hunn allebéid d‘Erwaardunge vum Veräin erfëllt, a verdéngt eng Goldmedail mat Heem geholl. © Martine de Lagardère/moien.lu

Am Escher Lager hunn dann all d‘Hoffnungen op de breede Schëllere vum Edy Massard geleeën. Den Edy, ee Mann dee wéi de Fiels an der „rouder“ Brandung gestanen huet, huet dat gemaach wat hien am beschte kann, sech ëm sech selwer gekëmmert. Konzentréiert an op sengem eegene Planéit huet hien, wuel knapp, mee ganz verdéngt den Escher Palmarès geéiert.

An der Kategorie Barebow geet déi éischt Plaz och an de Minett, an do ganz kloer op Diddeleng. De Rolf Wilhelmi, Arrow Diddeleng, hat mat 516 Reng (vu 600) an der Qualifikatioun der Konkurrenz verdäitlecht, wien an dëser usprochsvoller Kategorie, den Här am Haus ass. Seng Géigner hunn d‘Leeschtung dann och ganz frëndschaftlech unerkannt.

Resultater:

  • Recurve Hommes: Luca Klein, Guillaume Tell Strossen (Gold); Joé Klein, Guillaume Tell Strossen (Sëlwer); Pit Klein, Guillaume Tell Strossen (Bronze).
  • Compound Hommes: Gilles Seywert, Guillaume Tell Stroossen (Gold); Timo Bega, Guillaume Tell Stroossen (Sëlwer); Edy Massard, Bouschéisser Esch Uelzecht (Bronze).
  • Barebow Hommes: Rolf Wilhelmi, Arrow Diddeleng (Gold); Kurt Gelhausen, Fine Flèche Walfer (Sëlwer); Julien Ourth, Guillaume Tell Stroossen (Bronze).

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Barebow, Bouschéisse, Compound, FLTA, Recurve
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    36

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    16

  • Crazy

    1

  • Love

    6