Neit Geld fir de Sultan vun Ankara
Mat engem clevere Schachzuch, huet sech e Freideg den tierkesche
Mat engem clevere Schachzuch, huet sech e Freideg den tierkesche
Scho fir déi véiert konsekutiv Woch, hunn sech dausenden Tscheche
No dräi Wochen um Mier ass d‘Schëff vun der spuenescher
Glyphosat ass de weltwäit am meeschte verwennte Pestizid. D’Weltgesondheetsorganisatioun stuuft d’Chemikalie als „wahrscheinlech kriibserreegend“ an. De François Benoy, Deputéierten, President vum Ëmweltausschoss a Vize-President vum Agrarausschoss freet sech iwwert dëse wichtege Schrëtt:
„Haut ass e gudden Dag fir d’Natur an d’Gesondheet vun de Mënschen! Mat dem haut a Kraaft triedende Verkafsverbuet fir glyphosathalteg Pestiziden, hëllt Lëtzebuerg eng Virreiderroll an um Wee zu enger méi nohalteger Bewirtschaftung vu Felder a Gäert. Aner Memberstaaten, wéi beispillsweis Éisträich, hu schonn ugekënnegt, dem Beispill vu Lëtzebuerg nozegoen an een ähnlecht Verbuet duerchzesetzen.
Ech well der Zivilgesellschaft, de Millioune Biergerinnen a Bierger zu Lëtzebuerg an a ganz Europa Merci soen, déi sech an de leschte Joren mat vill Engagement fir ee Glyphosatverbuet agesat hunn.“
Matgedeelt vun déi gréng
Opmaacherbild: © Scott Goodwill / Unsplash