Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Serge Wilmes: D’Ongläichgewiicht blockéiert d’Stad
Neiegkeeten

Serge Wilmes: D’Ongläichgewiicht blockéiert d’Stad

Den allgemenge Bebauungsplang vun der Eko-liberaler Majoritéit daacht näischt. Dëser

What the Fakt – Wéi d’Alice a säi Wonnerland entstane sinn!
Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi d’Alice a säi Wonnerland entstane sinn!

Et war haut viru genau 154 Joer, datt dem britesche

En onrouege Weekend fir d‘Lëtzebuerger Polizisten
Neiegkeeten

En onrouege Weekend fir d‘Lëtzebuerger Polizisten

Et war de Weekend vun de Rabbel- a Klatzkäpp. An

Wa ‘Schoul Doheem’ a Wiesselklasse Ongläichheeten bei de Schüler fërderen

Wa ‘Schoul Doheem’ a Wiesselklasse Ongläichheeten bei de Schüler fërderen

Am Kader vun der aktueller Situatioun vum Confinement an de vum Educatiounsministère ugekënnegte Moossnamen huet déi National Elterevertriedung RNP Stellung bezunn. Generell weist ee sech houfreg, datt ee probéiert huet duerch Homeschooling – also Coursen a Material, déi iwwert Internet vermëttelt gi sinn – de Schoulsystem oprecht ze erhalen a weiderhi Wëssen ze vermëttelen. Allerdéngs ass d’Vertriedung net mat all Moossnam averstanen.

Komme mir als éischt zu Schoul Doheem. Och wann de Programm op den noutwennege Minimum limitéiert ginn ass, sollt keng Paus am Schouljoer entstoen. Klengt dach gutt, oder net? D’RNP ënnersträicht, datt Elteren keng Enseignante sinn, an hire Kanner deelweis just begrenzt zur Säit stoe kënnen.

Zum engen ginn et grouss Ënnerscheeder an de Kompetenzen an dem Verständnis vu Sproochen a Material. Dobäi kënnt, datt vill Elteren am Fleegesecteur aktiv sinn, respektiv vun Doheem aus schaffe mussen, deelweis och déi noutwenneg Techniken (Computer, Drucker, schnellen Internet…) net zur Verfügung stelle kënnen.

National Elterevertriedung

© Annie Spratt / Unsplash

Esou klëmmt de Risiko, datt Differenzen am Niveau entstinn an d’Inegalitéit tëscht de Schüler weiderhin zouhëlt. Aus dësem Grond fuerdert d’RNP:

  • D’Offer vun der Elteren-Helpline (8002 90 90) nei auszeriichten, sou datt Enseignante ee méi intensive Suivi vu Schüler an Elteren ubidden kënnen, dat beispillsweis duerch Cours d’Appui an Erklärungen iwwer Video-Konferenz oder Telefon;
  • Gemengen, Ministèren a schoulesch Etablissementer missten Tabletten zur Verfügung stellen, fir esou een Accès op intensiv Ënnerstëtzung ze garantéieren
  • Kloer Direktiven fir Enseignanten aus dem Fondamental

Bei dësem Punkt gëtt dann och ënnerstrach, datt trotz Limitatioun vum Stoff vill Aarbecht op d’Elteren duerkomm ass. Virun allem Famillen, an deene méi Kanner sinn, ass et schwéier all Aufgaben ze erfëllen. Donieft wier grad elo den Ament fir Familljewäerter nees ervirzehiewen, sou datt Elteren a Kanner sech nees méi no komme kënnen an d’Zesumme-Sinn genéissen dierfen.

Gedanken zu den Ofschlossklassen an de Cycle 4.2

D’RNP schätzt d’Upassunge vun den Examen vun den Ofschlossklassen. Och wa manner Material ofgefrot gëtt muss de Schüler mam Ofschloss och den Accès un déi verschidden Universitéiten erméiglecht ginn.

Beim Cycle 4.2. dierft zudeem d’Ophiewe vun den Epreuven net zur Defavoriséierung vun de Kanner féieren.

National Elterevertriedung

© Scott Webb / Unsplash

Nee zu Schoul ab Mee?

Déi National Elterevertriedung bezitt sech hei op eng Petitioun, bei där a wéinegen Deeg 10.000 Ënnerschrëfte gesammelt gi sinn, fir d’Schoulen um 11. Mee net opzemaachen. Ee Sondage hätt bewisen, datt just 20 % vun de Befroten d’Accord sinn mat der Decisioun vun der Regierung, 2/3 fannen den Datum ze fréi.

Fir d’Vertriedung steet fest, datt de schoulesche Kalenner no wëssenschaftlechem Rot opgebaut sollt ginn, fir esou d’Gesondheet ze erhalen a Sécherheet ze garantéieren.

Zweetens sinn si onzefridden mam System vun de Wiesselklassen. D’Ëmsetzung wier ze komplizéiert. An de Wochen, wou d’Kanner Doheem sëtzen, géifen schonn eleng déi technesch a sproochlech Schwieregkeeten zu weideren Ongläichheete féieren. Ma, och d’Propose mat der Lunch-Box erschéngt ze schwéier an der Ëmsetzung. D’RNP proposéiert:

  • datt d’Coursen vun 8 bis 13 Auer daueren, sou datt Elteren Moies schaffe goen kënnen;
  • datt de Schoultransport gefërdert an anescht organiséiert gëtt;
  • datt d’Schoulen op mannst fir Kanner am Cycle 1 (bis 6 Joer) an dësem Schouljoer net méi opginn. Grad fir kleng Kannerass et schwéier sech un d’Reegelen an d’Distanz ze halen, selwecht fir Kanner mat spezifesche Besoinen an de Centres de Compétences. Op si d’Schoul besichen oder net sollt komplett fakultativ sinn;
  • datt kloer Modalitéiten opgestallt ginn, fir Kanner a Famillen ze schützen, wou ee Member vulnerabel ass. Hinne muss weiderhin d’Méiglechkeet zum Homeschooling gebuede ginn;
  • datt de Schüler d’Hygiènesreegele genee matgedeelt an erkläert ginn, d’Droe vun der Schutzmask obligatoresch ass, och am Klassesall an datt Material, wéi Desinfektiounsmëttel a Seef genuch zur Verfügung steet.

D’Schreiwes vun der Nationaler Elterevertriedung fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: © Jessica Lewis / Unsplash

Ähnlech Sujeten Bildung, Confinement, Educatiounsministère, Examen, Fondamental, Inegalitéit, National Elterevertriedung, Ofschlossklassen, RNP, Schoul doheem, Wiesselklassen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel