Search

You may also like

D’Sam Tanson beim Luxembourg City Film Festival 2019
Neiegkeeten

D’Sam Tanson beim Luxembourg City Film Festival 2019

E Mëttwoch ass, a Presence vun der Kulturministesch Sam Tanson,

ACL: De Staat sollt sech méi op Motorrieder konzentréieren
Neiegkeeten

ACL: De Staat sollt sech méi op Motorrieder konzentréieren

An engem oppene Bréif riicht sech de Lëtzebuerger Automobilclub elo

Ëmwelt: Zesummeschaffe fir d‘Bach „Kuer“ besser ze Schützen
Neiegkeeten

Ëmwelt: Zesummeschaffe fir d‘Bach „Kuer“ besser ze Schützen

D‘Ministerin fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Carole Dieschbourg, zesumme

National Elterevertriedung vum Educatiounsminister enttäuscht

Mat engem oppene Bréif stellt d‘RNP dem Claude Meisch seng Mesuren a Fro

National Elterevertriedung vum Educatiounsminister enttäuscht

An engem dräi Säite laangen oppene Bréif un de liberalen Educatiounsminister Claude Meisch, huet déi national Elterevertriedung (RNP), dem Politiker wuel nach agaangs zougestanen, datt et keng einfach Affär ass, déi richteg Decisiounen ze huelen. An dësem Sënn wier et dann awer judiciéis gewiescht, d‘RNP an d‘Aarbechtsgruppen (ministeriell an interministeriell) anzebannen.

Dat wier leider net geschitt, firwat d‘Stëmme vun den Elteren net gehéiert goufen. Hir Zweiwel an Ängschten, mee natierlech och hir Iddien a Proposen, zur Reprise vum Unterrecht schéngen net erwënscht ze sinn. A wann ee kee gehéier fënnt, gräift een zur Tastatur, a mécht et ëffentlech. Elo manner den Dissens deen sech ofzeechent, wéi dann d‘Iddien an d‘Propose fir eng gutt Reprise.

Beim Grondschoulunterrecht wier de Splitting esou komplex opgestallt ginn, datt d‘RNP erhieflech Bedenken huet, wéi sech dat ab dem 25. Mee soll an der Praxis ëmsetze loossen. Interessant och, datt den Eltere per e-Mail eng Circulaire zougestallt ginn ass, an deenen de Ministère vun den Eltere wësse wëll, wéi en „Encadrement“ sou brauchen. Klengt gutt, ass awer leider net de Fall…

Zum enge muss bedauert ginn, datt déi „méi schlecht“ gestallte Menagen an do wou den „Internet“ nach net ukomm ass, net oder nëmmen iwwert Ëmweeër erreechbar sinn. Dann ass den Zäitraum an deem d‘Äntwert gefuerdert gouf ze kuerz. Dat well net gewosst ass a wéi engem Grupp d‘Kanner sinn, a wéi d‘Leit déi solle schaffe goen, dës Alternance berufflech solle gereegelt kréien.

Begréisst, gëtt zwar, datt de Minister beméit ass d‘Personaldecken esou ze strecken, datt genuch Leit an den Institutioune sinn, fir de Virgaben a Mesure gerecht ze ginn, mee et wéisst een elo awer scho gären, wéi eng Qualifikatioun a Kompetenzen dës „Hëllefskräften“ mussen hunn. A wien encadréiert se? Dat ass net vu Muttwëll, well et geet jo eigentlech ëm d‘Sécherheet vun de Kanner.

Verwonnert ass ee bei der nationaler Elterevertriedung och, datt et an de Riede vum Minister ni ëm déi sougenannt „Kompetenzzentren“ geet, wou d‘Kanner jo nach emol ee ganz aneren, ee méi spezifeschen Encadrement brauchen. Hiert Beispill vum CTSA (Autisten) ass esou krass wéi kaum ze gleewen, a léisst net erkennen, datt de Minister seng Krisegestioun bis zu Enn geduecht huet.

Ob de Claude Meisch sech elo ëffentlech zu de vun der nationaler Elterevertriedung an de Raum gestallte Virwërf wäert äusseren, a virun allem erkläert, wéi ee gudde Grond et huet, datt déi u sech direkt Betraffen, net un den Diskussiounen zur Reprise vum Unterrecht hunn dierfen abréngen, dat ass net gewosst. Gewosst ass awer, datt hei d‘Vertrauen op d‘Spill gesat gëtt, an dat ganz ouni Nout.

Illustratioun: © Emily Morter / unsplash

Related topics Claude Meisch, Educatiounsministère, National Elterevertriedung, Reprise, RNP, Schoulunterrecht
Next post Previous post