Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Vereenten Natioune wëllen de Kampf géint de Plastik ophuelen
Quiz

D‘Vereenten Natioune wëllen de Kampf géint de Plastik ophuelen

D‘Presidentin der Generalassemblée vun de Vereenten Natiounen, d‘Maria Fernanda Espinosa,

dislike
Eng Camionnette rennt zu Toronto an d‘Leit: 10 Doudeger
Quiz

Eng Camionnette rennt zu Toronto an d‘Leit: 10 Doudeger

De Chauffer vun der Camionnette deen e Méindeg zu Toronto

Keng Quotefraen an der Chamber!
Quiz

Keng Quotefraen an der Chamber!

D’Wale vum 14. Oktober 2018 hu gewisen, datt d’Initiativ vu

Wann s du eis national Wanderweeër kenns, ass dëse Quiz kee Problem fir dech!

Wann s du eis national Wanderweeër kenns, ass dëse Quiz kee Problem fir dech!

Wéi gutt kenns du eis Wanderweeër?


Wéi gutt kenns du eis Wanderweeër?

Question 1 of 10.

Wou fënnt de Victor-Hugo-Pad säin Enn?

1. Stad Lëtzebuerg
2. Klierf
3. Veianen

Zu Veianen.

Question 2 of 10.

De Charles-Mathieu-Pad féiert vun Esch-Sauer iwwer Wolz op Veianen. Wie war den Charles Mathieu?

1. De Charles Mathieu war e bekannte Sportler.
2. De Charles Mathieu war e bekannte Kënschtler.
3. De Charles Mathieu war Buergermeeschter vu Wolz an Deputéierten.

De Charles Mathieu (1863-1933) war Buergermeeschter vu Wolz an Deputéierten.

Question 3 of 10.

Zu Dummeldeng starte gläich zwee national Wanderweeër. Een dovunner féiert op Miersch, deen aneren op...?

1. Stad Lëtzebuerg
2. Réimech
3. Iechternach

Den zweete Wee, de Mëllerdall-Pad, fënnt säin Enn zu Iechternach.

Question 4 of 10.

Wéi een ass dee kierzte Pad?

1. Éislek-Pad
2. Mamer-Pad
3. Klierf-Our-Verbindung

D'Klierf-Our-Verbindung ass mat 15 Kilometer am kierzten.

Question 5 of 10.

Ronderëm wéi eng Stad féier de Sentier Adam-Ries?

1. Esch-Uelzecht
2. Iechternach
3. Nordstad

Dat ass d'Nordstad. Den Adien Ries soll ee vun den éischte gewiescht sinn, deen d'Iddi vun der Nordstad hat.

Question 6 of 10.

De Maurice-Cosyn-Pad féiert vu Gilsdref op Iechternach. Firwat gouf de Pad nom Maurice Cosyn benannt?

1. De Maurice Cosyn war Sportminister vun 1949 bis 1954.
2. De Maurice Cosyn war den Initiator vun den nationale Wanderweeër.
3. De Maurice Cosyn war e bekannte Kënschtler aus Iechternach.

De Maurice Cosyn war den Initiator vun den nationale Wanderweeër.

Question 7 of 10.

Wéi vill Wanderweeër fannen hiert Enn zu Miersch?

1. 2
2. 3
3. 4

Et sinn der 4: Uelzecht-Pad, Pad vun de siwe Schlässer, Atert-Pad an de Mamer-Pad.

Question 8 of 10.

Den Éislek-Pad fänkt zu Kautebaach un an huet säin Enn zu...?

1. Wëlwerwolz
2. Veianen
3. Giewelsmillen

No 23 Kilometer fënnt en zu Giewelsmillen säin Enn.

Question 9 of 10.

Wéi ee Pad huet deen héchste Punkt?

1. Panorama-Pad
2. Nord-Pad
3. Wolz-Pad

Dat ass de Panorama Pad, deen eng Héicht vu 526 Meter erreecht.

Question 10 of 10.

Wéi ee vun dësen nationale Wanderweeër ass dee längsten?

1. Atert Pad
2. Our Pad
3. Süd-Pad

Dat ass de Süd-Pad, deen op 68 Kilometer kënnt.

Next question 1 of 10

All 10 questions completed!


Share results:

Wéi gutt kenns du eis Wanderweeër?

Gefält dir moien.lu?

Abonnéier dech op eisen Newsletter
Keng Angscht, mir spammen net. Dir kritt 1 Newsletter pro Dag.

D’Wierder gëtt erëm besser, do froen sech der verschiddener, op et net ubruecht wier, mol erëm duerch d’Land ze wanderen. Mee wéi gutt kenns du di national Wanderweeër?

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Natur, Quiz, Wanderen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel