Wann s du eis national Wanderweeër kenns, ass dëse Quiz kee Problem fir dech!
- Sven Wohl
Wéi gutt kenns du eis Wanderweeër?
Wéi gutt kenns du eis Wanderweeër?
Question 1 of 10.
Ronderëm wéi eng Stad féier de Sentier Adam-Ries?
1. Esch-Uelzecht
2. Iechternach
3. Nordstad
Dat ass d'Nordstad. Den Adien Ries soll ee vun den éischte gewiescht sinn, deen d'Iddi vun der Nordstad hat.
Question 2 of 10.
Den Éislek-Pad fänkt zu Kautebaach un an huet säin Enn zu...?
1. Veianen
2. Wëlwerwolz
3. Giewelsmillen
No 23 Kilometer fënnt en zu Giewelsmillen säin Enn.
Question 3 of 10.
Wéi een ass dee kierzte Pad?
1. Mamer-Pad
2. Éislek-Pad
3. Klierf-Our-Verbindung
D'Klierf-Our-Verbindung ass mat 15 Kilometer am kierzten.
Question 4 of 10.
Wou fënnt de Victor-Hugo-Pad säin Enn?
1. Stad Lëtzebuerg
2. Klierf
3. Veianen
Zu Veianen.
Question 5 of 10.
Zu Dummeldeng starte gläich zwee national Wanderweeër. Een dovunner féiert op Miersch, deen aneren op...?
1. Iechternach
2. Réimech
3. Stad Lëtzebuerg
Den zweete Wee, de Mëllerdall-Pad, fënnt säin Enn zu Iechternach.
Question 6 of 10.
Wéi vill Wanderweeër fannen hiert Enn zu Miersch?
1. 3
2. 4
3. 2
Et sinn der 4: Uelzecht-Pad, Pad vun de siwe Schlässer, Atert-Pad an de Mamer-Pad.
Question 7 of 10.
De Maurice-Cosyn-Pad féiert vu Gilsdref op Iechternach. Firwat gouf de Pad nom Maurice Cosyn benannt?
1. De Maurice Cosyn war e bekannte Kënschtler aus Iechternach.
2. De Maurice Cosyn war Sportminister vun 1949 bis 1954.
3. De Maurice Cosyn war den Initiator vun den nationale Wanderweeër.
De Maurice Cosyn war den Initiator vun den nationale Wanderweeër.
Question 8 of 10.
Wéi ee vun dësen nationale Wanderweeër ass dee längsten?
1. Süd-Pad
2. Atert Pad
3. Our Pad
Dat ass de Süd-Pad, deen op 68 Kilometer kënnt.
Question 9 of 10.
Wéi ee Pad huet deen héchste Punkt?
1. Panorama-Pad
2. Nord-Pad
3. Wolz-Pad
Dat ass de Panorama Pad, deen eng Héicht vu 526 Meter erreecht.
Question 10 of 10.
De Charles-Mathieu-Pad féiert vun Esch-Sauer iwwer Wolz op Veianen. Wie war den Charles Mathieu?
1. De Charles Mathieu war Buergermeeschter vu Wolz an Deputéierten.
2. De Charles Mathieu war e bekannte Kënschtler.
3. De Charles Mathieu war e bekannte Sportler.
De Charles Mathieu (1863-1933) war Buergermeeschter vu Wolz an Deputéierten.
Wéi gutt kenns du eis Wanderweeër?
D’Wierder gëtt erëm besser, do froen sech der verschiddener, op et net ubruecht wier, mol erëm duerch d’Land ze wanderen. Mee wéi gutt kenns du di national Wanderweeër?