Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CFL Jubiläum: 10. Dag vun der Gesondheet an der Sécherheet
Kultur Neiegkeeten

CFL Jubiläum: 10. Dag vun der Gesondheet an der Sécherheet

Ënnert dem Motto „Sécherheet Liewen“ hat de Grupp CFL, am

money
Entwécklung am Handelskrich: China besteiert 128 amerikanesch Produiten
Kultur Neiegkeeten

Entwécklung am Handelskrich: China besteiert 128 amerikanesch Produiten

Um haidege Méindeg huet China entscheet, Strofsteieren op 128 amerikanesch

D‘Populisten an Italien hunn hire Regierungsprogramm
Kultur Neiegkeeten

D‘Populisten an Italien hunn hire Regierungsprogramm

D‘Koalitioun „Cinque Stelle“ (M5) – Lega Nord huet um Donneschdeg

Déi nei Nationalbibliothéik ass nach net fäerdeg, beandrockt awer elo schonn!

Bis Enn vum Joer soll dat neit Gebai um Kierchbierg prett sinn

„Ass dat heite grouss!“, sot de François Bausch (déi gréng), Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur, wéi en an de Bau vun der neier Bibliothéik era kennt. A Recht huet en! Eréischt wann ee bis dobannen ass, mierkt een, wei vill Plaz dëst neit Gebai, an dem d’Nationalbibliothéik nach bis Enn vum Joer soll ënnerkommen, tatsächlech bitt. Vu bausse géing een et kaum mengen, och wann d’Gebai och deen Ament schonn beandrockend ass.

Virun allem dann, wann ee vum Arrêt aus duerch dem Tram seng Fënsteren drop kuckt. Deen ass a gewësser Hisiicht mat Deel vum Konzept, wouduerch sech d’Präsenz vum gréngen Transportminister erkläert. Well bei der neier Bibliothéik ass et och wichteg, d’Hemschwellen ofzebauen, esou d’Monique Kieffer, zukünfteg Direktesch vun der neier Nationalbibliothéik.

Et soll och ëm d’Wuelfille goen. Déi nei Nationalbibliothéik soll een alueden, eran ze kommen

Vum Arrêt aus gesäit ee quasi an de Liessall eran. A souwuel d’Direktesch wei och de Kulturminister Xavier Bettel (DP) goufe bei der Visite net midd ze betounen, datt et hei och vill em d’Wuelfille geet. Well der aktueller Nationalbibliothéik feelt et net nëmmen u Plaz, mee och schlicht un Infrastrukturen. Separat Säll fir ze liesen, recherchéieren, fir Gruppenaarbechten oder d’bBnotze vum Computere wéi och fir Formatiounen an en Amphitheater sinn esou virgesinn. Am viregte Beräich soll och e besonnesche Wäert op Luxemburgensia geluecht ginn.

Apropos Luxemburgensia, déi kritt net en eegene Rayon. Nee, si gëtt integréiert an den thematesch geuerdente Bestand vun der neier Bibliothéik. Esou soll et jidderengem méiglech ginn, och en Zougang zu Lëtzebuerg selwer hei ze fannen. Och den Institut Grand Ducal kritt hei seng eege Raimlechkeeten, souguer mat eegener Entrée, esou d’Monique Kieffer. Dat erliichtert d’Zesummeliewe vun dësen Institutiounen dann immens.

500 Sëtzplazen stinn de Besicher zur Verfügung.

Natierlech ass net nëmme Plaz fir d’Bicher do. 500 Sëtzplazen stinn de Besicher zur Verfügung. An hei ass all Publikum wëllkomm, wouwéinst och en eegene Café hei bedriwwe gëtt. Kuerz op e Sprong eran an erëm zréck an den Tram, dat soll hei erméiglecht ginn. Méi liicht kann een sech den Zougang zu Kultur a Wëssenschaft bal net virstellen.

“Et ass wierklech néideg, eng nei Bibliothéik ze bauen”, betount de Xavier Bettel. Déi al ass bekanntlech mat de Kapassitéiten um Enn. 1,8 Millioune Bicher sollen hei eng Kéier hir Plaz fannen. D’Atmosphär, déi am Gebai eng Kéier soll herrschen, kann am Moment leider nëmmen erahnt ginn. Mee bis Enn vum Joer soll se prett sinn, an eventuell léisst een sech vir d’Ouverture eppes Flottes afalen. Wei beispillsweis eng Mënscheketten, déi an enger Stonn Bicher vun der aler an déi nei Bibliothéik weider gëtt, esou de Xavier Bettel. E symbolesche Geste, deen dem neie Gebai méi wéi gerecht kéint ginn.

Fotoen: Sven Wohl/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bibliothéiken, Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Nationalbibliothéik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel