Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Am Fleegeheem zu Beetebuerg gëtt säit 6 Auer gestreikt
https://moien.lu/indian-dating-in-oman/

Am Fleegeheem zu Beetebuerg gëtt säit 6 Auer gestreikt

Um Dënschdeg huet den OGBL bekannt ginn, datt et zu

https://moien.lu/can-casual-dating-turn-into-a-relationship/
https://moien.lu/indian-dating-in-oman/

https://moien.lu/dating-opinions/

Wéi et vun der Administratioun vun de Ponts & Chaussées

D‘ADR schléit de Nol op de Kapp
https://moien.lu/indian-dating-in-oman/

D‘ADR schléit de Nol op de Kapp

„Wann een dem Pierre Gramegna gleewe soll, sinn d’Staatsfinanze kärgesond.

D‘Nationalbibliothéik an d‘UNI-Lëtzebuerg ënnerschreiwe Kaderkonventioun

D‘Nationalbibliothéik an d‘UNI-Lëtzebuerg ënnerschreiwe Kaderkonventioun

Um Mëttwoch hunn d‘Kulturministesch Sam Tanson (déi gréng) an de President vum Gouvernance-Rot vun der UNI-Lëtzebuerg, Yves Elsen, esou wéi och d‘Direktesch vun der Nationalbibliothéik, Monique Kieffer an de Rektor vun der UNI-Lëtzebuerg, Stéphane Pallage, eng Kaderkonventioun tëscht der Bibliothéik an der Universitéit ënnerschriwwen.

Mat dëser Kaderkonventioun ginn zwee Ziler verfollegt: zum engen definéiert d‘Konventioun déi zukünfteg Zesummenaarbecht tëscht der Fakultéit fir Recht, Wirtschaft a Finanzen (FDEF) an der Nationalbibliothéik (BnL). Zum anere regelt d‘Konventioun d‘Kooperatiounsmodalitéiten tëscht der Nationalbibliothéik an UNI-Bibliothéik, dem Lëtzebuerger Bildungszentrum (LLC).

Kooperatioun BnL & FDEF

Den neie Standuert vun der Nationalbibliothéik um Kierchbierg, dee grad emol e Steeworf ewech vun der Fakultéit fir Recht, Wirtschaft a Finanze geleeën ass, wéi och d‘Erëffnung vum Lëtzebuerger Bildungszentrum zu Esch-Belval, hunn d‘Universitéit an d‘Nationalbibliothéik derzou gefouert, hir bestoend Zesummenaarbecht ze erweideren an op en neie Level ze bréngen.

D‘Konventioun regelt d‘Modalitéite fir den Accueil duerch d‘Nationalbibliothéik (am neie Gebai) fir Studenten, Enseignanten a Fuerscher vun der Fakultéit fir Recht, Wirtschaft a Finanzen. Am besonnesche regelt d‘Konventioun d‘Entwécklung vun de physeschen an numeresche Kollektioune wéi och d‘Modalitéite vun der zur Verfügungstellung, fir de Besoine gerecht ze ginn.

An dësem Kontext gëtt dann och e Pilotage-Comité zesummegestallt, an deem Vertrieder vu béide Parteie siegéiere, an op d‘Complementaritéit vun de Kollektiounen uecht dinn. Dat esouwuel um Site vun der Nationalbibliothéik wéi och dem Lëtzebuerger Bildungszentrum zu Esch-Belval.

Entwécklung vun der Zesummenaarbecht BnL & LLC

D‘Nationalbibliothéik an d‘UNI-Lëtzebuerg sinn traditionell an der Zesummenaarbecht verbonnen. D‘Kaderkonventioun féiert an enger Konventioun all déi verschidde Kooperatiounen zesummen, déi sech iwwert d‘Joren entwéckelt hunn. Déi ginn natierlech op de leschte Stand vun der Entwécklung, besonnesch därer am digitale Beräich, bruecht.

An der Kaderkonventioun ass esou och geregelt, wéi de Lëtzebuerger Bildungszentrum sech um Reseau „bibnet.lu“ vun den ëffentleche Bibliothéike bedeelege kann. An der Konventioun ass och definéiert wéi mat Acquisitiounen, der Gestioun an der zu Verfügungstellung vun numeresche Publikatiounen am Kontext vun der Abannung an d‘Portal „a-z.lu“ ëmzegoen ass.

Wéi et heescht stinn derzäit 77.800 e-Zeitungen, 620.000 e-Books an nach emol 390 Datebanken zur Verfügung. D‘Zesummenaarbecht tëscht der UNI-Lëtzebuerg an der Nationalbibliothéik gesäit och d‘Schafe vun engem gemeinsame Service fir, dee sech ëm d‘Prêten am Interesse vun de respektiven Notzer (BnL/LLC) soll këmmeren.

D‘Promotioun vun der Wëssensgesellschaft

D‘Zesummenaarbecht tëscht der Nationalbibliothéik an der UNI-Lëtzebuerg op dokumentareschem Niveau stellt ee grousse Beitrag fir d‘Promotioun vu Lëtzebuerg als Wëssenschaftsstanduert duer. D‘Integratioun vun de physeschen an numeresche Kollektioune vun der Nationalbibliothéik an dem Lëtzebuerger Bildungszentrum an engem Portal, dréit zu enger besserer Iwwersiicht an Accessibilitéit un d‘Kollektioune vun den zwou haapt Fuerschungs- a Studiebibliothéike bäi.

D‘Vereenegung vun den dokumentareschen Infrastrukturen an der Acquisitiounspolitk erlaabt et konsequent Geld anzespueren a gläichzäiteg d‘Offer fir d‘Benotzer enorm ze verbesseren. All Resident kann sech ab dem 14. Liewensjoer an der Nationalbibliothéik aschreiwen. Et ass dofir onerhieflech ob een Bicher fir ze léieren, d‘Weiderbildung oder zur Ënnerhalung ausléint.

mam SIP

Foto: (éischt Rei vu l.n.r.) Monique Kieffer, Direktesch Nationalbibliothéik; Sam Tanson, Kulturministesch; Yves Elsen, President vum Gouvernance-Rot vun der Universitéit zu Lëtzebuerg; Stéphane Pallage, Rektor vun der Universitéit zu Lëtzebuerg; (zweet Rei vu l.n.r.) Martine Mathay, Nationalbibliothéik; Yves Maurer, Nationalbibliothéik; Marie-Pierre Pausch, Responsabel fir de Bibliothéiksservice; Anne Christophe, Generalsekretärin-Adjointe vum Gouvernance-Rot vun der Universitéit zu Lëtzebuerg; Juliane Rattay-Schulze, Nationalbibliothéik. © BnL

Ähnlech Sujeten Kaderkonventioun, Nationalbibliothéik, Sam Tanson, Universitéit Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel