Frankräich fuerdert Reform vum Entsendegesetz
Um Donneschdeg huet déi polnesch Premierministesch Beata Szydlo bestätegt, datt
Um Donneschdeg huet déi polnesch Premierministesch Beata Szydlo bestätegt, datt
Et ass schonn déi 24. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg,
Et si schlëmm Noriichten, déi een al Dag erreechen. Zënter
Plënneren, datt kennt ee vun doheem (oder Frënn) an dat bedeit oft richteg Aarbecht. Dat ass net anescht wann et eng Institutioun ass déi sech en neit Heem geleescht huet, an elo d‘Kartongen ze paken huet. Esou de Fall mat der Nationalbibliothéik, déi d‘Geleeënheet och wëll notzen, fir emol all dem „onnéidege Ballast“ lass ze ginn. Offiziell nennt een dat wuel „Botzen“.
Geraumt gëtt dann och an éischter Linn am „net lëtzebuergesche“ Fong. Fir dat op d‘Rei ze kréien, ass dëse Fundus ab dem 7. Januar an dat bis Mëtt-Februar net zougänglech. Dat heescht et kann ee weder eppes ausléinen, nach op der Plaz déi gewënschten Dokumenter/Dokumentatiounen agesinn.
Wien elo weess wéi eng Dokumenter oder Dokumentatiounen hie wëll (oder muss) agesinn, dee luet d‘Nationalbibliothéik seng Reservéierunge bis den 3. Januar anzereechen. Duerno wier et definitiv net méi méiglech, heescht et an der Notiz déi eis virläit. Woubäi ze notéieren ass, datt et am zougewisenen Zäitraum nëmmen a ganz prezisen a motivéierte Fäll zur Ausnam komme kann.
Dofir bleiwen dann awer d‘Kollektioune „Luxemburgensia“ an alles wat sech an der Mediathéik befënnt zougänglech. D‘Nationalbibliothéik erënnert zudeem drun, datt déi reservéiert Dokumenter nëmme siwen Deeg am Guichet versuergt ginn, an duerno nees op hir Plaz kommen.
Et kann een och nëmmen 20 Dokumenter pro Reservéierung ufuerderen. A sengem Account kann de Client, ënnert der Rubrik „Ufroen“ seng Lëscht vun de reservéierten Dokumenter agesinn. Wien eng gülteg Lecteurskaart huet, kann am numeresche Format: op Bicher, Zeitungen, periodesch Erscheinungen an divers Datebanken zougräifen. Dat iwwert d‘Sichmaschinn a-z.lu