Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Den Direkter vun der Handelskummer stäipt sech géint eng Erhéijung vum Mindestloun
https://moien.lu/la-grande-oregon-dating/

dipolog dating

A sengem Blog geet de Carlo Thelen, Direkter vun der

dft hookup pin
https://moien.lu/la-grande-oregon-dating/

Wéi gesäit d‘Zukunft vun den Diddelenger Siderurgisten aus?

A gutt 14 Deeg soll feststoen, wien de Site vun

Déi „Sozial Fro“ am Mëttelpunkt vum Wahlprogramm bei déi Lénk
https://moien.lu/la-grande-oregon-dating/

Déi „Sozial Fro“ am Mëttelpunkt vum Wahlprogramm bei déi Lénk

Leschten Donneschdeg huet déi Lénk fënnef Haaptmesuren aus hirem Wahlprogramm

Nationale Bildungsbericht: d‘Sprooche bleiwen eng Erausfuerderung

Nationale Bildungsbericht: d‘Sprooche bleiwen eng Erausfuerderung

Déi lescht Woch huet d‘Universitéit vu Lëtzebuerg säin zweeten nationale Bildungsbericht virgestallt. D‘Ambitioun vun dësem Rapport ass et, de Lëtzebuerger Educatiounssystem ze beschreiwen, an heiranner esouwuel op d‘Opportunitéite wéi d‘Erausfuerderunge vun dësem System anzegoen.

Fir datt et sech besser liese léist, ass de Bildungsbericht an zwee Kapitel ënnerdeelt ginn: „den edukative Parcours“ an „Méisproochegkeet an Enseignement“. An et gëtt vill Interessantes an dësem Rapport nozeliesen. Esou gëtt op neits kloer an däitlech nogewisen, datt de sozialen a regionalen Hannergrond mat doriwwer entscheeden, op een eng Chance huet d‘Schoul ze packen.

An dat spillt sech, esou de Rapport, op alle Niveauen of. Esou beispillsweis fänkt et scho bei der Orientéierung – vum Fondamental an de Secondaire – un. Et geet mam „Transfert“ vun enger Filière zur anerer weider, an zitt sech eigentlech duerch déi ganz Schoulzäit. An dësem Kontext ass d‘Fërderung vun der Méisproochegkeet eng echt Erausfuerderung.

Bei der helle Wull un Informatiounen, déi op wäit iwwer 200 Säite verdeelt sinn, gëtt et awer e puer Punkten déi een hei sollt ervirhiewen. Esou d‘Feststellung, datt ab dem 2. Zyklus, d‘Kanner am grousse ganzen iwwer gutt Schlësselkompetenze verfügen. Ënnerscheeder gëtt et ab dem 3. Zyklus, an hei wier et besonnesch beim „Schreiwen“ wou et zu Mangelerscheinunge kënnt.

Dat deem esou ass, wier der sozialer Hierkonft oder esouguer de Migratiounshannergrond geschëlt. Op der Universitéit huet een zudeem festgestallt, datt et den Apprentissage vun der däitscher Sprooch ass, deen déi gréissten Erausfuerderung duerstellt. An awer huet eis Méisproochegkeet och e gudden Impakt op d‘léiere vun anere Matièren, wéi Physik oder Mathematik.

Um nationale Bildungsbericht hunn sech méi wéi 40 Auteure bedeelegt. Iwwert d‘Aart a Weis, esou wéi iwwer d‘Methoden déi genotzt goufen, fir zu den am Rapport enthale Conclusiounen ze gelaangen, huet et leider keng Präzisioune ginn. Zudeem sollt een zréckbehalen, am Kontext vun der Méisproochegkeet, datt et do grouss regional Ënnerscheeder gëtt.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerger Educatiounssystem, Méisproochegkeet, nationale Bildungsbericht, sozial Hierkonft, Uni.lu, Universitéit Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel