Search

You may also like

Den onerlaabte Protest
Neiegkeeten

Den onerlaabte Protest

Nach virun der Verhandlung, wéinst der Organisatioun vun engem illegale

Kim Jong-Nam Attentat: éischte Geriichtsoptrëtt vun de Verdächtegen
Neiegkeeten

Kim Jong-Nam Attentat: éischte Geriichtsoptrëtt vun de Verdächtegen

Begleet vun enger schwéier bewaffenter Eskort a selwer mat kugelsécherer

Spuenien: De Mariano Rajoy ass op d‘Oppositiounsbänk verwise ginn
Neiegkeeten

Spuenien: De Mariano Rajoy ass op d‘Oppositiounsbänk verwise ginn

De Chef vun der konservativer Regierung a Spuenien, Mariano Rajoy

Proklamatioun vun der Regierung fir de Nationale Commemoratiounsdag 2019

Proklamatioun vun der Regierung fir de Nationale Commemoratiounsdag 2019

Och wann déi lescht direkt Zeie vum Zweete Weltkrich eis lues a lues « Äddi » soen, och 75 Joer no der Befreiung vu Lëtzebuerg vum Nazi-Joch am September 1944, behält den Nationale Commemoratiounsdag vum 10. Oktober seng symbolesch Bedeitung. Zanter 1946 erënnere sech d’Lëtzebuerger op deem Dag all Joer un d’Nazi-Tyrannei vun 1940 bis 1945. Si éiere weiderhin d’Undenken un all d’Affer, déi sech géint d’Tyrannei gewiert hunn an déi fir d’Fräiheet an d’Onofhängegkeet vun der Heemecht mat hirem Liewen bezuelt hunn.

Eng Natioun ouni Erënnerung geet op engem schlechte Wee an d’Zukunft. Mir mussen och haut bei deene jonke Generatiounen d’Erënnerung un den 10. Oktober 1941 waakreg halen, wéi den Nazi-Gauleiter probéiert huet, duerch eng « Personenstandsaufnahme » vun de Lëtzebuerger dat schrëftlecht Geständnis z‘erpessen, datt se däitsch wieren. Dass déi Aktioun annuléiert gouf, wéi d’Nazie festgestallt hunn, datt iwwer 90 Prozent mat « Lëtzebuerger » geäntwert haten, ass als een éischte wichtegen Erfolleg vun der Resistenz interpretéiert ginn. Dofir huet dee symboleschen Datum sou eng bedeitend Plaz am kollektive Gediechtnes vun eisem Land.

Op dësem Dag ënnersträiche mir eisen Asaz fir Demokratie a Mënscherechter. Mir soen deene couragéierte Fraen a Männer vun deemools Merci, datt se eis gewisen a virgelieft hunn, wéi wichteg et ass, d’Fräiheet vun all Mënsch ze garantéieren. Den Asaz vun de Resistenzler, de Refraktären an all deenen, déi wéi de verstuerwene Grand-Duc Jean an den alliéierten Arméie gekämpft hunn, gëtt net vergiess; genau sou wéineg wéi déi onendlech Leidensgeschicht vun de verfollegte jüddesche Landsleit a Flüchtlingen. Mir denken och un déi Dausende jonk Fraen a Männer, déi an de « Reichsarbeitsdienst », de « Kriegshilfsdienst » an an déi verhaasste Wehrmachtsuniform gezwonge goufen. A mir hunn e Gedanke vu Respekt an Dankbarkeet fir déi vill Familljen am Land, déi de Refraktären an Deserteuren an hire Kelleren, Späicheren a Scheieren eng Stopp offréiert hunn, ëmmer vum Damoklesschwäert vu Verhaftung, KZ oder Ëmsiidlung bedrot.

Viru 75 Joer, den 9. an 10. September 1944 war d’Freed iwwer d’Befreiung duerch amerikanesch Truppen onbeschreiflech. D’Beispill vum SS-Massaker den 2. September zu Diddeleng weist awer och, wat fir enge méigleche Geforen d’Zivilpopulatioun deemools ausgesat war. A vergiesse mer ni, datt d’Stied an d’Dierfer am Osten, laanscht déi däitsch Grenz, eréischt am Februar 1945 definitiv befreit goufen. Wéi d’Ardennenoffensiv vum Wanter 1944-1945 vun den alliéierten Truppen zréckgeschloe war, louch een Drëttel vum Land an Trümmer, haten Honnerte vu Lëtzebuerger hir Léifst verluer a waren Dausende vun Zaldoten ze begruewen.

D’Erënnerung un dës däischter Zäiten an dramatesch Evenementer soll eis weiderhi stäerken an eisem Asaz fir eng fräi Gesellschaft an engem solidareschen Europa.

D’Membere vun der Regierung

Xavier BETTEL, Étienne SCHNEIDER, François BAUSCH, Jean ASSELBORN, Romain SCHNEIDER, Pierre GRAMEGNA, Dan KERSCH, Claude MEISCH, Corinne CAHEN, Carole DIESCHBOURG, Marc HANSEN, Claude TURMES, Paulette LENERT, Sam TANSON, Taina BOFFERDING, Lex DELLES, Henri KOX

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Commemoratiounsdag, Proklamatioun, Regierung
Next post Previous post