Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Meenung: Liewenslänglech fir de Metzler vum Balkan, Ratko Mladic
Cool Neiegkeeten Sport

Meenung: Liewenslänglech fir de Metzler vum Balkan, Ratko Mladic

De bosnesch-serbesche Generol Ratko Mladic, dee besser bekannt ass als

coollaughinglove
Wéi gutt kenns du Esch?
Cool Neiegkeeten Sport

Wéi gutt kenns du Esch?

Esch ass eis zweet gréisste Stad a stoung an de

Réckbléck: Zesummenaarbecht mat Japan am medezinesche Beräich verdéiwen
Cool Neiegkeeten Sport

Réckbléck: Zesummenaarbecht mat Japan am medezinesche Beräich verdéiwen

Ugangs Oktober huet eng Lëtzebuerger Delegatioun mat der Gesondheetsministesch eng

cool

Den neien nationale Fussball- a Rugbystadion hëlt Form un

Den neien nationale Fussball- a Rugbystadion hëlt Form un

Tëscht der Cloche d‘Or an de Kockelscheier geleeën, kann ee scho vun der Autobunn aus gesinn, datt et viru geet, mat eisem neien nationale Fussball- a Rugbystadion. Den Zäitplang gëtt agehalen, heescht et vu verantwortlecher Säit, an datt ass eng erfreelech Nouvelle.

Et ass jo och richteg datt de Stade Josy Barthel seng Zäit hannert sech huet. Gutt et dierf een dësem éierwierdege Stadion eng nostalgesch Tréin nogeheien, mee dat wat elo do aus deem Buedem wiisst dierf een elo schonn als wichtegen an noutwennege Beitrag fir eis Sportlech Leeschtungen ugesinn.

Rugbystadion

Eng Panoramasiicht „an de Schantjen“ léisst erblécken, datt déi ënnerschiddlech Beruffsstänn gutt virukommen. Dat ass dann net zu gudder Lescht der uerdentlecher Koordinatioun vu Paul Wurth Geprolux, zouzerechnen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Dat bezitt sech dann och op d‘Anhale vun e puer Fuerderungen déi säitens der UEFA gestallt ginn, a bis ewell ëmmer grousszügeg (10 Joer laang) mat enger Derogatioun ëmgaange goufen. Am neie Stadion gëtt et dann och fir de Public vill besser, a virun allem eppes méi bequem. Op et reent oder d‘Sonn schéngt, am neie Stadion ass ee gutt ënner Dag, an och Parkplazen dierft et der genuch ginn.

Et geet gesond virun

Bis gëschter, wou d‘Press zesumme mat de Vertrieder vum Stater Schäfferot, dem Sportminister an de Presidente vun der Fussball- a Rugbyfederatioun e Bléck hannert d‘Kulisse vum Schantjen huet dierfe werfen, ware scho gutt 70% vun de Réibau-Aarbechten ofgeschloss.

Wann ee bedenkt, datt d‘Aarbechten de 6. September d‘lescht Joer ugefaangen hunn, ass dat eng gutt Performance. Et ass wuel richteg, datt mat vill virgefäerdegten Elementer geschafft gëtt, mee och déi riichten sech net vu selwer op. Zudeem hat et wéinst dem strenge Wanter e liichte Retard ginn.

Rugbystadion

D‘Carine Kieffer, vum Service Bâtiment vun der Stad Lëtzebuerg huet bereetwëlleg Ried an Äntwert gestanen. A Froe gëtt et bei engem Projet vu ronn 60 Millioune genuch. © Martine de Lagardère/moien.lu

Laut dem Carine Kieffer, vum Service Bâtiment VDL, soll de Gros vun Aarbechten dann och wéi virgesinn, am Januar 2019 ofgeschloss sinn. Fäerdeg, also esou datt éischt sportlech Evenementer kënne stattfannen, dierft de Stadion géint Enn vum nächste Joer sinn. Wéi eng Sportaart, op elo Fussball oder Rugby, als éischt hei spillt, datt gehéiert an de Beräich vun der Spekulatioun.

Vill Acteuren um Terrain

Leedung vum Chantier huet de Grupp PGNL, deen aus siwen Entreprise besteet. D‘Koordinatioun um Schantjen huet Paul Wurth Geprolux zougedroe kritt. Hei ginn dann och siwen ënnerschiddlech Beruffsstänn beschäftegt.

De ganze Projet ass mat 60.358.250 Euro (mat der Tva) budgetiséiert ginn, a gëtt zu 70% vum Sportsministère subventionéiert, woubäi hei de Plafong op 40 Milliounen Euro festgeluecht gouf. Heizou muss de multifunktionelle Parking gerechent ginn, dee 791.826,75 Euro kaschte soll, an deen integral vun der Stad Lëtzebuerg finanzéiert ass.

Rugbystadion

Den éischte Schäffen, Serge Wilmes (r) am Gespréich mam FLF-President Paul Philipp (l). © © Martine de Lagardère/moien.lu

Dat ganz gëtt op enger Fläch vun 21,4 Hektar ugeluecht. Am Stadion sollen 9.835 Persoune Plaz fannen. De Parking, deen och als P&R genotzt gëtt, ka bis zu 2.000 Autoen ophuelen. Beim Stadion selwer sinn nach emol 200 Emplacementer virgesinn, déi den Offiziellen, der Press, de Busser an de Rettungsdéngschter virbehale sinn.

Foto: Vill Prominenz bei der Visitte vum Chantier vum neien nationale Fussball- a Rugbystadion. D‘Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg konnt dann och zefridde mam Fortschrëtt vun dësem imposante Chantier sinn. De Retard dee wéinst dem haarde Wanter entstanen, dierf een als Marginal bezeechnen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Fuss, Lydie Polfer, Nationale Stadion, Romain Schneider, Rugby, Sportministère, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    7

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    1