Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brunei: Sharia soll verstäerkt ëmgesat ginn
discovery dating website

Brunei: Sharia soll verstäerkt ëmgesat ginn

Trotz internationale Protester huet d‘Regierung vum Sultanat Brunei seng Legislatioun

https://moien.lu/nilay-deniz-dating-history/
discovery dating website

biggest online dating services

Et dierf ee vun de Walfer Bicherdeeg hale wat ee

Kenns du d’Our gutt genuch, fir hei all Fro richteg ze beäntweren?
discovery dating website

Kenns du d’Our gutt genuch, fir hei all Fro richteg ze beäntweren?

Och d’Our gehéiert zu de wichtegste Flëss vum Land a

Den nationalen Dag vum Bam 2019 – Wëll all Bam zielt!

Den nationalen Dag vum Bam 2019 – Wëll all Bam zielt!

Scho fir eng 28. Kéier ass gëschter den nationalen Dag vum Bam gefeiert ginn. An dësem Joer ass déi offiziell Erëffnung zu Béiweng organiséiert ginn, wou dann och direkt, zesumme mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, eng Rei Beem geplanzt gi sinn.

Säin Ufank huet den nationalen Dag vum Bam duerch natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur an d’Partnerschaft mat der Natur- a Bëschverwaltung. Mat der Ënnerstëtzung vu Member-Associactiounen presentéiert den nationalen Dag vum Bam ëmmer erëm eng Sensibilisatiounscampagne, déi ëffentlech a privat Instanzen, sou wéi d’Bierger zum Planzen an zum Schutz vu Beem ermuddege soll. Esou ka jiddwereen säin Deel zur Biodiversitéit a Klimaschutz bäidroen.

Mam Bewosstsinn vun der Bevëlkerung kann dëst natierlecht Ierwe fir zukünfteg Generatiounen erhale ginn. Säit 1997 ass den Aktiounsdag ënnert dem Haut Patronage vu S.A.R. dem Groussherzog Jean. Mëttlerweil huet säin Enkel, S.A.R. de Prënz Félix dës Éier iwwerholl.

Déi éischt 36 Beem fir Béiweng

Op enger landwirtschaftlecher Parzell vun 49 Ar huet d’Fondatioun Hëllef fir d’Natur eng linear Fläch vu 15 Ar zur Verfügung gestalt kritt, an dës mat 36 Beem an 800 Hecke beplanzt. Eng Mëschung aus Eechen, Buchen, Ulmen an verschiddenst Hecke suerge fir eng räichhalteg Biodiversitéit direkt am Feld.

Ab e Samschdeg, den 9. November zéien zuelräich Gemengen an Associatioune mat esou enger Bësch-Planz-Aktioun no. Déi verschidde Manifestatioune mat allen noutwennegen Informatioune sinn am „Regulus spécial journée nationale de l’arbre“, dem Magasinn vun natur&ëmwelt ze fannen. Wien net d’Méiglechkeet huet selwer ee ze planzen, dee kann d’Aktioun iwwert www.naturemwelt.lu ënnerstëtzen – All Bam zielt!

Mee wisou ee Bam planzen?

De Bam huet divers Funktiounen a Virdeeler fir Mënsch, Déier an d’Natur. Virun allem representéieren si als Longe vum Planéit awer d’Liewen an d’Hoffnung am Kampf géint de Klimawandel.

  • Den ekologesche Grond: Als Sauerstoffproduzent ass de Bam noutwenneg fir eiser aller Iwwerliewen. Dës weidere ginn esou d’Waasserleef reguléiert, d’Biedem geschützt a fir een natierlechen an klimateschen Equiliber gesuergt.
  • De Karbonspäicher: A senger Biomass späichert de Bam den CO2 a gëtt en uschléissend un de Buedem of. Esou gëtt d’Konzentratioun un Zäregas an der Atmosphär reduzéiert an d’Äerderwiermung hëlt u Geschwindegkeet of.
  • Schutz vum Buedem a Regulatioun vum Séisswaasser: Een dicht Wuerzelnetz, a Kombinatioun mat enger Kusch un Humus erhéicht d’Kapassitéit fir Waasser ze späicheren. Soumat droen d’Beem hiren Deel dozou bäi, datt de Waasserpeegel vun de Flëss net plëtzlech staark steigt. Donieft ginn am Buedem vun de Bëscher Schuedstoffer erausgefiltert an d’Grondwaasserreserve gespeist.
  • Erhalung vum Ekosystem: Aktuell sinn 1,5 Milliounen Déieren- a Planzenaarte wëssenschaftlech erfaasst. De Schätzungen no sollen am Ganzen tëscht 3 an 10 Milliounen Aarten existéieren a virun allem an de Bëscher wunnen. Esou gëtt och geschat, datt 50 bis 75% vun den Aarten am fiichten Tropebësch hausen.

De Bam vum Joer 2019

Dëst Joer steet alles am Zeeche vun der europäescher Flatterulm. Si sinn liicht un hirem keelefërmege Stamm, dee riicht bis zur Spëtzt vun der Kroun geet an déi asymmetresch Blieder ze erkennen. D’Friichten si vun dënne Flilleken ëmrënd.

Ähnlech Sujeten ANF, Béiweng, Biodiversitéit, Carole Dieschbourg, Ekosystem, Flatterulm, Fondatioun Hëllef fir d‘Natur, Karbonspäicher, nationalen Dag vum Bam 2019, Natur- a Bëschverwaltung, natur&ëmwelt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel