Search

You may also like

dislikesurprise
Editorial: Eng bosseg politesch Konstellatioun
Neiegkeeten

Editorial: Eng bosseg politesch Konstellatioun

Am spéiden Nomëtteg huet d‘adr, déi Alternativ Demokratesch Reformpartei, gëschter

United4Rescue a Sea-Eye stellen dat neit Bündnisschëff SEA-EYE 4 vir
Neiegkeeten

United4Rescue a Sea-Eye stellen dat neit Bündnisschëff SEA-EYE 4 vir

D’Bündnis fir Séinoutrettung United4Rescue, deem mëttlerweil méi wéi 660 Bündnispartner

Ungarn verweigert sech dem UN-Migratiounspakt
Neiegkeeten

Ungarn verweigert sech dem UN-Migratiounspakt

Ungarn ass géint den UN-Migratiounspakt, deen am Dezember a Marokko

Nationalen Dag vum Brandschutz – Katastrophe kënne verhënnert ginn!

Dësen Donneschdeg zu Diddeleng!

Nationalen Dag vum Brandschutz – Katastrophe kënne verhënnert ginn!

Schonn héieren? Den 10. Oktober fënnt zu Lëtzebuerg den nationalen Dag vum Brandschutz statt. D’Konzept besteet doran d’Ëffentlechkeet zum Thema Brandschutz ze informéieren, ze sensibiliséieren, sou datt een ee potentielle Brand verhënnere kann. Just eng opmierksam a resilient Gesellschaft kann am Eeschtfall déi noutwenneg Mesuren ergräifen a Schlëmmeres verhënneren. Bei der Presentatioun vun dësem nationalen Dag waren d’Inneministesch Taina Bofferding, den Direkter vum nationale Formatiounsinstitut vum CGDIS Steve Mack, de Chef vum Preventiounsdepartement vum CGDIS Alain Klein, de President vun der consultativer Kommissioun vun der ëffentlecher Sécherheet vun der Stad Diddeleng Henri Glesener an den éischte Conseiller vum Inneministère Alain Becker mat dobäi.

Fir en Donneschdeg, den 10. Oktober invitéiert de CGDIS, zesumme mam Inneministère, der Stad Diddeleng an opderschmelz Iech zur Konferenz vum nationalen Dag vum Brandschutz an. Um 19:00 Auer hält den Klaus Maurer, Oberbranddirekter zu Hamburg ee Virtrag zum däitsche Feiermeldergesetz. Vum Henri Glesener gëtt hien iwwregens och als Koryphee an dësem Gebitt betitelt. Och zu Lëtzebuerg soll ab dem 1. Januar 2020 de Feiermelder an all Menage obligatoresch ginn an esou zur Sécherheet vun der Gesellschaft bäidroen.

Eng Investitioun fir den Eeschtfall

Wéi d’Inneministesch Taina Bofferding erkläert huet, geschéien 1/3 vun de Virfäll am Privathaushalt. Oft sinn et elektresch Apparater, Käerzen oder Zigaretten déi Potential zum Brand bidden. Wien an dësem Fall gutt informéiert ass, ka selwer Moossnamen ergräifen an esou d’Feier verhënneren, respektiv richteg handelen.

Heizou gehéiert och d’Participatioun un der Home & Living Expo, déi vum 12. bis den 20. Oktober 2019 an der Luxexpo The Box stattfënnt. Um Stand vum CGDIS an dem Inneministère ginn op een neits Feiermelder gratis verdeelt an Informatiounen iwwermëttelt.

An dësem Kader huet d’Inneministesch nach emol drop opmierksam gemaach, datt si d’Thema Reduktioun vu Risike konsequent ugoen an esou déi zivil Sécherheet ee Stéck méi garantéiere wëll.

Brandschutz

Taina Bofferding, Inneministesch © Shari Pleimelding/moien.lu

„All Feier fänkt kleng un“

Passend zum nationalen Dag vum Brandschutz ginn ab dem Fréijoer 2020 Preventiounscoursen vum CGDIS organiséiert. Mat der Erfarung vun den Éischt Hëllef Course soll wärend 16 Stonnen a verschidde Module allen Interesséierten d’Wësse vermëttelt ginn, wéi een eng Katastroph verhënnere kann.

„All Feier fänkt klengt un“, erkläert de Steve Mack. Duerch schnellt Handele ka schonn een Eemer Waasser duergoen, am schlëmmste Fall mussen d’Pompjeeën urécken. Mat de verschiddene Module gëtt fir d’Thema ee gewësst Bewosstsinn geschaf, d’Geforen am Haushalt, sou wéi an der Fräizäit opgewisen a méi zur Sécherheet vun Déieren a Kanner erkläert. Dës weidere geet et ëm d’Preventioun doheem, beispillsweis duerch ee Feierläscher oder Dampmelder.

Dobäi kënnt ee prakteschen Deel, bei dem verschidden Zorte vu Feier geläscht musse ginn. Schliisslech ass ee Brand net wéi deen aneren, an esou kann een hei aktiv am professionelle Kader materliewen, wéi am beschte gehandelt soll ginn. D’Umeldung zu de Course wäerten op cours.cgdis.lu ze fanne sinn.

A wisou zu Diddeleng?

Brandschutz an d’Stad Diddeleng gehéieren einfach zesumme. Scho säit Joren organiséiert d’Stad am Minett Konferenzen, verdeelt Informatiounsmaterial an huet donieft och reegelméisseg de lokalen Dag vum Brandschutz organiséiert. Ëmsou méi frou ass een, dëst wichtegt Evenement op den nationalen Niveau ze erweideren an déi verschidde Gäscht, sou wéi d’Spezialiste begréissen ze dierfen.

Den nationalen Dag vum Brandschutz fënnt dësen Donneschdeg, den 10. Oktober 2019 um 19:00 Auer am Kulturzentrum opderschmelz zu Diddeleng statt. Am viraus soll ee sech HEI umellen.

Opmaacherfoto: (v.l.n..r.) Alain Klein, Chef vum Preventiounsdepartement vum CGDIS; Steve Mack, Direkter vum nationale Formatiounsinstitut vum CGDIS; Taina Bofferding, Inneministesch; Alain Becker,  éischte Conseiller vum Inneministère; Henri Glesener,  President vun der consultativer Kommissioun vun der ëffentlecher Sécherheet vun der Stad Diddeleng © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics 10. Oktober, Alain Becker, Alain Klein, CGDIS, Diddeleng, Feier, Flamen, Henri Glesener, Klaus Maurer, Konferenz, Nationalen Dag vum Brandschutz, Opderschmelz, Steve Mack, Taina Bofferding
Next post Previous post