Search

You may also like

Kal a naass, d’Escher Kulturnuecht war awer Spaass
Neiegkeeten

Kal a naass, d’Escher Kulturnuecht war awer Spaass

Dat haten sech d’Organisateure mat Sécherheet anescht geduecht, mee d’Wieder

Coronavirus 2019-nCov a Frankräich confirméiert
Neiegkeeten

Coronavirus 2019-nCov a Frankräich confirméiert

Et war ze erwaarden, nodeems bekannt gemaach gouf, datt sech

International Autosausstellung zu Frankfurt kritt (on)erwaarte Besuch
Neiegkeeten

International Autosausstellung zu Frankfurt kritt (on)erwaarte Besuch

Am Kontext vun der Mobilitéitswoch an dem Hype ronderëm Klimawandel

Nationalen Dag vum Widderstand

Nationalen Dag vum Widderstand

De Comité fir d‘Erënnerung un den Zweete Weltkrich hat gëschter op de Commemoratiounsdag zu Éiere vum Lëtzebuerger Widderstand agelueden. Un der Zeremonie beim Hinzerter-Kräiz um Niklos-Kierfecht haten deelgeholl: de Vizepremier Dan Kerschen, d‘Presidentin vum Staatsrot Agnès Durdu, de Chamberpresident Fernand Etgen an d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

Et ass eng vun dëse „Feieren“, déi trotz dem Wëssen datt een net sollt vergiessen, eppes onbemierkt stattfannen. Dobäi sollt et grad an haidegen Zäiten, wou ee vergieflech no Demokraten a méi generell, no gescheite Käpp sicht, deene gedenken, déi sech fir d‘Fräiheet an d‘Demokratie agesat hunn. Mënschen déi fir eng Iwwerzeegung an eis Fräiheet gelidden hunn, sollten dës Éier erfueren.

An esou ass dann och dëse Commemoratiounsdag deene Lëtzebuerger gewidmet, déi hiert Liewen an engem vun de ville Konzentratiounslager vum Nazi-Okkupant fonnt hunn. Laut dem Comité, si sengerzäit ronn 3.500 Männer a 500 Fraen aus politesche Grënn vun de Preisen deportéiert ginn. Si hate Widderstand géint de Besatzer geleescht an 800 ënnert hinnen hunn dat mam Liewe bezuelt.

Den nationalen Dag vum Widderstand gëtt all Joer ëm de 25. Februar zelebréiert an ass an éischter Linn geduecht den 23 Lëtzebuerger, déi 1944 zu Hinzert am SS-Sonnerlager vun de Faschisten ëmbruecht goufen, ze gedenken. Ugesiichts dem Fait datt de Populismus an de Faschismus nees an Europa nei bléiend Zäiten entgéintkucken, sollt een esou ee Gedenkdag ze wierdege wëssen.

Foto: Déi 23 Lëtzebuerger déi 1944 zu Hinzert am SS-Sonnerlager vun de Preisen ëmbruecht goufen. (Archiv)

Related topics 2. Weltkrich, Gedenken, Hinzert, Lëtzebuerg, Niklos-Kierfecht, Widderstand
Next post Previous post